Poterkëscht vum INLL

En Jobinterview (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

En Jobinterview

Accueil: Gudde Moie Monsieur.

B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien.

A: Wéi ass Ären Numm wgl.?

B: Ech heesche Bertrand Lafontaine.

A: Kënnt Dir Ären Numm buschtawéieren, wannechgelift?

B: Jo, natierlech. Mäi Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. Mäi Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E.

A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der Lëscht. Dir kënnt elo hei de Lift huelen an op den 12. Stack fueren. Do kënnt Dir nach ee Moment an der Salle d’attente waarden. Eis Direktesch kënnt Iech pünktlech sichen.

B: Merci.

...

Direktesch: Här Lafontaine wgl.

B: Jo. Dat sinn ech.

D: Kommt mat a mäi Büro wgl. Huelt Iech Plaz.

B: Merci. Dir hutt wierklech eng schéi Vue op de Park.

D: Dat stëmmt. Ech si ganz zefridden. Da fänke mir mol un… An Ärem Dossier steet, dass Dir momentan zu Diddeleng wunnt. Ass dat korrekt?

B: Jo, dat stëmmt. An der rue de l’avenir, op der Nummer 27. 

D: Vu wou kommt Dir?

B: Ech kommen aus Frankräich, vu Montpellier.

D: Wou schafft Dir de Moment?

B: Ech schaffen de Moment als Finanzspezialist op enger Bank.

D: Wat hutt Dir virdru gemaach?

B: Ech hu virdrun als Comptabel bei ZonAma geschafft. 

D: Wat maacht Dir dann elo op der Aarbecht?

B: Ech beroden d’Clienten, analyséieren a suivéieren d’Finanzmarchéen an ech organiséiere Reuniounen.

D: Firwat sicht Dir eng nei Aarbecht?

B : Ech hunn den Ament e CDD, e contrat à durée déterminée, dee just bis Juli 2025 geet. Wat fir e Profil sicht Dir?

D: Mir sichen eng Persoun mat 5 Joer Beruffserfarung. Et ass eis och wichteg, datt d’Persoun op d’mannst zwou vun den dräi offizielle Sprooche vum Land gutt schwätzen a schreiwe kann. Wéi vill Joer Beruffserfarung hutt Dir?

B: Jo, ech hu schonn 10 Joer Erfarung an dësem Beräich an ech hunn och 5 Joer Auslandserfarung. Ech hunn an Indien, an den USA an och an England geschafft.

D: Jo. Firwat wëllt Dir bei eis schaffen?

B: Well Dir d‘Nummer 1 an Ärem Domän sidd an ech sinn iwwerzeegt, datt ech mech an Ärer Firma weiderentwéckle kann. D‘Aarbechtsklima schéngt mer hei dynamesch a kreativ ze sinn, wat mech immens motivéiert.

D: An der Rei Monsieur Lafontaine. Hutt Dir eventuell nach Froen un eis?

B: Jo, wéi vill Kandidaten hutt Dir?

D: Mir hu ganz vill Kandidate fir dëse Posten. 

B: Wéini kréien ech vun Iech eng Äntwert?

D: Mir kontaktéieren Iech bannent enger Woch.

B: An der Rei. Merci, datt Dir mech invitéiert hutt.

D: Mir soen Iech Merci fir Ären Interessi.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Coffee Break French by Coffee Break Languages

Coffee Break French

4,155 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

194 Listeners

NerdCast by Jovem Nerd

NerdCast

1,010 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

314 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,711 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

1 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

257 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Affaires de business by Choses à Savoir

Affaires de business

5 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

207 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

180 Listeners