Poterkëscht vum INLL

Hobby: Trail Lafen (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Güneş iwwer säin Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

A : Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir erëm eng Kéier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de Güneş. Wëllkomm am Studio! 

B: Moien! 

A: Güneş, du léiers de Moment Lëtzebuergesch. Zanter wéini? 

B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch. Et ass net einfach! 

A: Dat ass wouer, mee du schwätz scho ganz gutt. Haut schwätze mir iwwer däin Hobby. Du leefs gär, oder? 

B: Jo, dat ass richteg. Mäin Hobby ass virun allem Trail lafen. 

A: Dat kléngt interessant. Kanns du eis erklären, wat Trail lafe genau ass? 

B: Jo. Beim Trail lafe leeft een net op der Strooss, mee op Weeër an der Natur, zum Beispill am Bësch, an de Bierger oder op Felder. 

A: Dat kléngt no Abenteuer! Firwat gefält dir Trail lafen esou gutt? 

B: Ech hunn d’Natur immens gär. Ech kann Déiere gesinn an déi frësch Loft deet gutt. An natierlech ass et och gutt fir mäi Kapp a fir mäi Kierper. 

A: Ech verstinn. Wéi oft gees du Trail lafen? 

B: Normalerweis lafen ech zwee bis dräi Mol d’Woch. Ech maachen och nach Kraafttraining eleng oder mat engem Grupp dobaussen. De Weekend maachen ech oft méi laang Leef, heiansdo méi wéi 20 Kilometer. 

A: Wow, dat ass vill! Hëls du och u Competitiounen deel? 

B: Jo, ech si viru Kuerzem den Uewersauertrail zu Lëtzebuerg gelaf. 

A : A wéi preparéiers du dech op esou eng Course? 

B: Ech trainéiere vill, iesse gesond an drénke vill Waasser. An ech schlofe genuch. 

A: Dat ass wichteg. Géifs du mir oder eisen Nolauschteren Trail lafen och recommandéieren ? 

B: Natierlech ! Et mécht Spaass an et ass gutt fir d’Gesondheet. Et brauch ee just gutt Schong a Motivatioun. 

A: Merci! Da probéieren ech dat eventuell deemnächst eng Kéier. Merci, datt s du haut hei waars an eis vun dengem Hobby erzielt hues. 

B: Merci fir d’Invitatioun! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners