Poterkëscht vum INLL

Hobbyen: Sangen a Fitness (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

Dialog Hobby: Chouer 

Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.  

Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do! 
Mir hu Sängerinnen a Sänger vun all Alter, vun ongeféier 16 Joer bis ca. Enn 70. Et ass kee professionelle Chouer, mee jiddereen ass immens engagéiert. 

Alex: Flott! A wat sangt dir do? 

Zoé: Vun allem. Mir sange gär klassesch Chouermusek, mee heiansdo och méi modern Stécker. 

Alex: Ass den Dirigent léif? 

Zoé: Mir hunn eng Dirigentin! D’Emilie ass immens léif a kompetent! Hatt ass Gesangsproff am Conservatoire an der Stad. 

Alex: Cool! Wéini prouft dir? 

Zoé: Donneschdes owes vun 19.30 bis 21.30 an engem Sall an der Musekschoul zu Ierpeldeng. Zwee Mol d’Joer maache mir och Proufweekender a bereeden eis op eis Concerte vir.  

Alex: Dat kléngt wierklech flott! Kann ech schonn den nächsten Donneschdeg laanschtkommen? 

Zoé: Gär! Et feelen eis nach Männerstëmmen...! 

 


Dialog Hobby: Fitness

Speakerin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Mir hunn haut de Fränk virum Mikro.

Fränk: Moien. Merci fir d'Invitatioun!

Speakerin: Méchs du gär Sport?

Fränk:  Jo! Ganz gär. Zënter zwee Joer, maachen ech reegelméisseg Fitness.

Speakerin: Flott. Gees du zesumme mat anere Leit a Coursen?

Fränk:  Nee. Ech trainéieren eleng mat engem Trainer. Ech maache gär Sport an enger Ekipp, mee Fitness maachen ech gär eleng. Den Trainer ka sech da just op mech konzentréieren an den Training adaptéieren.

Speakerin: Ech verstinn. Wéi oft gees du dann?

Fränk:  Ech hu leider net vill Zäit. Ech ka just zwee Mol d'Woch goen.

Speakerin: Trainéiers du moies oder owes?

Fränk:  Méindes fänkt mäin Training um 14:30 Auer nomëttes un. An donneschdes fänken ech um 9:00 Auer moies un.

Speakerin: Wéi laang dauert dann eng Seance?

Fränk: Mäin Training ass ganz intensiv. No 45 Minutten ass de Programm mat mengem Trainer fäerdeg. Déi lescht Véierel Stonn maachen ech dann eleng nach e bësse Cardio Training.

Speakerin: Wat méchs du da genau, mat dengem Trainer.

Fränk: Ech maache ganz oft Kraafttraining. Dat heescht Muskulatioun, mat Gewiichter. Heiansdo trainéiere mir de Réck, heiansdo d'Been, heiansdo d'Äerm asw. 1-2 Mol de Mount, maache mir e Cardiotraining, wou mir lafen, sprangen oder boxen.

Speakerin: Dat ass bestëmmt flott, mee awer och ustrengend. 

Fränk: Definitiv. Ech hu ganz dacks Muskelkater. Mee ech maachen et gär. Dat ass gutt fir meng Gesondheet.

Speakerin: Wat méchs du dann net gär um Training?

Fränk: Ech lafen net gär um Training. Ech ka jo och eleng de Weekend jogge goen. Um Training schaffen ech gär mat de Maschinnen. Dat kann ech net doheem maachen.

Speakerin: Merci, fir deng Zäit! Äddi an nach vill Gléck!

Fränk: Villmools Merci. Dat ass léif. Äddi.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

305 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

313 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,711 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

8 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

260 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

22 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

195 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

103 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

206 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

178 Listeners