Sign up to save your podcasts
Or

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Trennung schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)
A: Moien! Wéi geet et dir? Ass alles ok?
B: Hallo! Éierlech gesot geet et mir net esou gutt.
A: O! Firwat?
B: De Marco an ech... mir hunn eis getrennt... also, de Marco huet sech vu mir getrennt.
A: O Nee! Dat deet mer immens leed! Wéini?
B: Virun dräi Deeg.
A: Wéi geet et der?
B: Ech sinn esou traureg. Mäin Häerz ass gebrach. Ech kräischen de ganzen Dag.
Mir ware véier Joer zesummen. Ech wäert ni méi glécklech sinn.
A: O, du Aarmt! Ech si mer sécher, dass et dir iergendwann nees besser geet. Véier Joer Bezéiung ass eng laang Zäit an no dräi Deeg ass et normal, dass du dech nach esou traureg fills.
B: Mir haten esou eng schéin Zäit.
A: Firwat huet de Marco da Schluss gemaach, wann ech froen däerf?
B: Hien huet sech an eng aner Fra verléift. Mir hunn déi lescht Méint och oft gestridden. Am Fong ware mir allen zwee net méi glécklech,
A: Dat kléngt schwiereg.
B: Mee et deet trotzdeem wéi.
A: Dat verstinn ech. Et kann een traureg sinn, och wann et vläicht déi richteg Decisioun war...
B: Ech verlaangere sou vill no him! Eis Wunneng ass esou eidel ouni hien. Mir hu bal dräi Joer zesumme gewunnt.
A: Hm, dat heescht, hien ass schonn erausgeplënnert...?
B: Jo... direkt. Hie wunnt elo bei senger neier Frëndin.
A: Wat?!
B: Jo, hien ass mir friemgaangen. Si haten déi lescht siwe Méint eng Affär! Ech sinn esou enttäuscht!
A: Schrecklech! Dat deet mer esou leed!
B: Merci... meng Schwëster wunnt de Moment bei mer. Dat hëlleft...
A: Dat ass gutt. Et hëlleft, mat aneren ze schwätzen.
B: Jo. Nuets denken ech awer vill no a ka kaum schlofen.
A: Dat gleewen ech der direkt. Wéini ass däin nächste Congé? Vläicht ass et gutt, wann s de aus der Wunneng kënns an e puer Deeg fortfiers...en Tapéitewiessel!
B: Dat ass warscheinlech eng gutt Iddi. An der Wunneng erënnert mech alles un hien. Ech wäert och net do wunne bleiwen. Ech ka mer de Loyer eleng net leeschten. Och nach dat! Elo muss ech nach eng nei Wunneng sichen!
A: Dat muss jo net haut oder muer sinn. Sich der eng Vakanzendestinatioun eraus fir e puer Deeg fort. Duerno geet et der bestëmmt besser! Soll ech matkommen? Ech ka mer e puer Deeg fräihuelen.
B: Bass de sécher? Dat ass immens léif vun dir!
A: Duerfir si Frënn do!
B: Merci, dass de fir mech do bass!
A: Gär geschitt! Komm, mir kucken emol, wuer mer hifueren.
By PoterkëschtWëllkomm zréck an der Poterkëscht!

286 Listeners

2 Listeners

318 Listeners

1,759 Listeners

7 Listeners

267 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

20 Listeners

197 Listeners

102 Listeners

0 Listeners

223 Listeners

5 Listeners

181 Listeners