Poterkëscht vum INLL

Nohalteg Reesen (A2-B1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

-

Transkript:

A: Hues du scho Pläng fir de Summer? 

B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien. 

A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg! 

B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen. 

A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen? 

B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen.  

A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee! 

B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox.  

A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm. 

B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier. 

A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren. 

B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll. 

A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze reesen? 

B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mäin eege CO2-Emissiounen nozedenken. 

A: An zanterhier flitts du guer net méi? 

B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wéi virdrun. Ech versichen einfach, méi bewosst z’entscheeden, wéi ech reesen. 

A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen. 

B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng Verännerunge maachen heiansdo scho vill aus. 

A: Wou waars du da fir d’lescht an der Vakanz. 

B: An Éisterräich. 

A: A wéi war et? 

B: Ganz flott! Et muss een net ëmmer wäit reesen, fir eppes Spezielles z’erliewen. D’Landschaft war immens schéin, an d’Rees mam Zuch war vill méi entspaant wéi e Fluch. 

A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee säin Uschloss. 

B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus.  

A: Dat stëmmt och alt nees. Wéi kriss du d’Zäit am Zuch dann ëm? 

B: Et kënnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken d’Landschaft.  

A: Kléngt relax.  

B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wäit fléien. 

A: Wéi mengs de dat? 

B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der Schwämm vum Hotel. 

A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou. 

B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen. 

A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng Manéier, dem Alldag z’entkommen. 

B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen. 

A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien.  

B: Ech och!  

A: Do gëtt et awer schwéier, nohalteg ze reesen… 

B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst. 

A: Wéi mengs de dat? 

B : Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfëllt, ass dat eng aner Saach. 

A : Jo, dat kléngt fair.  

B : An op der Plaz selwer kann een och ëmweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den ëffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller ënnerstëtzt. 

A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken d’Leit e bësse méi iwwer d’Auswierkunge vun hirem Reesen no. Fënns de net? 

B: Dach, deen Androck hunn ech och. 

A: Vläicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vläicht gëtt et dann och méi bëlleg. 

B: Dat wier mäin Dram! 

A: Da kanns du och méi oft an Italie goen. 

B: Genee. An iergendwann packen ech et vläicht och bis op Sizilie mam Zuch! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

243 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

314 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,751 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

268 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast)

203 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

87 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

220 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

182 Listeners