Poterkëscht vum INLL

Noriichten iwwer Hënn & Catsitting (A2-B1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren.

-

Transkript:

Zwou Noriichten iwwer Hënn

A: O, wow! 

B: Wat ass? 

A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf. 

B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm? 

A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien! 

B: O, deen aarme Mupp!  

A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun! 

B: An dunn? 

A: Spadséiergänger hunn am Nomëtteg dem Hond säi Gebills héieren an d’Pompjeeë geruff. 

B: Zum Géck hu si dat héieren! Wéi hunn d’Pompjeeën den Hond dann du gerett? 

A: Fir d’éischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeën, well de Buedem jo net fest war. 

B: A wéi hu si dat gemaach? 

A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt. 

B: Uff! 

A: D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir den Hond, de Leo, erëm iwwerreecht. 

B: Schéin! 

A: Et waren am Ganzen zéng Pompjeeën am Asaz! 

B: Wow! Wat eng Geschicht! Ech hoffen, de Mupp erhëlt sech geschwë vun deem Schreck! 

A: Ech och! 

B: Ech hunn och eng Geschicht vun engem Hond héieren, mee do ass den Hond den Held oder besser: d’Heldin. Et ass eng Hondsdamm. 

A: Erziel! 

B: An der Nuecht war bei enger eelerer Koppel am Keller e Feier ausgebrach. D’Fra hat géint 1 Auer den Noutruff gewielt a si an hire Mann konnte mat Zäit d’Haus verloossen, ier d’Rettungsekippen an d’Pompjeeën op d’Plaz koumen. Déi zwee hunn awer misse mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol, mee et hätt kënne méi schlëmm ausgoen. Mee, dank hirer Hondsdamm ass net méi geschitt. Déi hat nämlech esou laang gebillt, bis d’Koppel erwächt ass a gemierkt huet, dass d’Haus voller Damp war. 

A: Super! 

B: An net nëmme koum si mat Zäiten eraus, och d’Feier war relativ séier geläscht. 

A: Wéi geet et dem Hond? 

B: Deem ass och näischt geschitt! 

A: Weess een, firwat et gebrannt hat? 

B: Jo, iergend en Defekt un enger Modelleisebunn. 

A: O! Glécklecherweis ass et gutt ausgaang! 


Catsitting an nom Haus kucken 

A: Salut Julie, hues du kuerz Zäit ? 

B : Jo, wat ass lass ? 

A : Ma, ech fueren d’nächst Woch fir zéng Deeg an d’Vakanz an ech hunn nach kee fonnt, deen no menger Kaz, dem Luna, kucke kann. Kéints du dat villäicht maachen? 

B: Jo, natierlech! Wat muss ech da genee ech maachen? 

A: Merci! Dat hëlleft mir vill. Also, d’Luna och ganz léif an onkomplizéiert. Ech brauch just een, deen him all Dag moies an owes d’Fudder gëtt a frësch Waasser dohi stellt.  

B: Dat kann ech maachen. Geet d’Luna net eraus? 

A: Nee, hatt ass gewinnt, dobannen ze bleiwen. 

B: An der Rei. Soll ech villäicht soss nach eppes maachen, wärend s de an der Vakanz bass? 

A: Jo, kéints du vläicht all puer Deeg eng Kéier an d’Boîte kucke goen an de Courier eraushuelen? 

B: Kee Problem, dat maachen ech. Soss nach eppes? 

A: Nee, ech mengen net. A… dach. Du kéints vläicht owes eng Kéier d’Fënster opmaachen an e bësse lëften, a kucken, op d’Planzen um Balcon kee Waasser brauchen. D’Stränz steet och um Balcon. 

B: Ok, dat geet. 

A: Merci! Hei ass de Schlëssel. 

B: A wéini kënns du zeréck? 

A : Den 18. Mee, owes. 

B : Ok, et ass notéiert.  

A: Merci fir deng Hëllef, Julie, ech wäert mech bei dir revanchéieren. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners