Poterkëscht vum INLL

Op enger Halloweenparty & Rezept Kürbiszopp (B1)


Listen Later

Transkipt:

Halloweenparty

A: Hallo Jessie, mir hunn eis jo scho laang net méi gesinn! Waars du fort an der Allerhellegevakanz? 

B: Nee, ech war net fort, mee ech war leider déi ganz Vakanz erkaalt. Ech louch véier Deeg am Bett, dofir hunn ech och dem Max seng Halloweenparty verpasst.  

A: O, nee, wierklech? Ech hu mech scho gewonnert, firwat s du net do waars, ech weess wéi gär s du op esou Theemepartye gees. 

B: Genau! Ech hat de perfekte Kostüm. Dann halen ech dee wuel fir d’nächst Joer. Dann erziel mol, wéi war et? Wéi waren d’Leit verkleet? 

A: Also et war wierklech mega cool! De Max huet seng ganz Wunneng fir déi Geleeënheet dekoréiert. Iwwerall hounge Spannennetzer a Spannen, et ware Bluttspueren op de Maueren, et war ganz däischter dobannen a just Käerze waren un. Seng Niessen hu sech ameséiert Kürbissen auszeschnëtzen an hien huet da Käerzen dragesat an dat als Dekoratioun benotzt. A wéi ech d’Toilettendier opgemaach hu sinn ech richteg erféiert, well e Geescht un der Luucht houng. Also ech kann der soen, et war richteg gespenstesch. 

B: Wow! Dat kléngt wierklech gräisslech! Wéi war de Max da verkleet? 

A: Ma hie war als Zombie verkleet. Hien hat en zerrappte Pyjama un, säi Gesiicht war ganz wäiss, hien hat mof Aereefer an hien hat iwwerall Bluttflecken. 

Jessie: Uuu! Grujeleg! An du? 

B: Du weess jo, ech sinn net esou kreativ, dofir hunn ech mir e Vampirekostüm online kaf. Do war alles derbäi, wat ech gebraucht hunn: e schwaarz-roude Mantel, falscht Blutt a Vampirenzänn. 

A: Dat kléngt awer och flott! Ech hoffen ech kann d’nächst Kéier och derbäi sinn.  

B: Ech hoffen och. So, an deng Kanner, hu si eppes fir déi Occasioun gemaach? 

A: Jo, si ware mat hirem Papp an d’Abtei Neimënster. Do si ganz vill Aktivitéite fir Kanner organiséiert ginn. Et konnt ee sech d’Gesiicht fierwe loossen, et konnt een an e Labyrinth spadséiere goen, grujeleg Geschichten héieren an nach villes méi. 

B: Genial! Dann hate si bestëmmt ganz vill Spaass. 

A: Du sees et! 


Rezept Kürbiszopp

Fir eng Zopp fir véier Persoune braucht dir : Een Hokkaido-Kürbis (ongeféier ee Kilo), zwou Muerten, eng grouss Ënn, zwou Knuewelekszéiwen, e Stéck Ingwer, ongeféier zwee Zentimeter grouss, een Iessläffel Olivenueleg, een Téiläffel Kümmel, een Téiläffel Kurkuma, en hallwen Téiläffel Kanéil, en hallwen Téiläffel Koriander, eng Béchs Kokosmëllech (400 Milliliter), 800 Milliliter Britt, Salz a Peffer. 

Fir d’éischt preparéiere mir d’Geméis. Den Hokkaido-Kürbis musst dir net schielen, just wäschen. Da schneit dir de Kürbis an zwee an huelt d’Käre mat engem Läffel eraus. Da schneit dir de Kürbis a kleng Stécker. 

Dir schielt d’Muerten a schneit se och a Stécker. D’Ënn gëtt geschielt an zesumme mam Knuewelek a kleng Stécker geschnidden. Den Ingwer gëtt och geschielt a gerappt. E klengen Tipp vu mir: Probéiert den Ingwer mat engem Téiläffel ze schielen. Dat geet relativ gutt. 

Huelt e grousst Dëppen an erhëtzt en Iessläffel Ueleg. Da gitt dir d’Ënn, de Knuewelek an den Ingwer dobäi a brot alles fir zwou bis dräi Minutten un. D’Ënn soll glaseg sinn, also duerchsiichteg. 

Da kommen d’Gewierzer dobäi: de Kümmel, de Kurkuma, de Kanéil an de Koriander. Brot se ongeféier eng Minutt mat un.  

Elo ass et um Geméis : gitt de Kürbis an d’Muertestécker an d’Dëppen. Réiert alles gutt ëm, datt d’Gewierzer sech gutt mam Geméis vermëschen. 

Da kënnt d’Britt dobäi. Verréiert alles gutt a leet den Deckel op d’Dëppen. Dat Ganzt musse lo ongeféier zwanzeg Minutte kachen, bis de Kürbis mëll ass. 

Wann de Kürbis bis mëll ass, kënnt dir d’Dëppe vun der Flam huelen an alles püréieren. Dofir kënnt dir en Handmixer oder e Blender huelen an dat Ganzt mixen, bis et eng cremeg Konsistenz huet. 

Da kënnt d’Kokosmëllech dobäi. Déi mécht d’Zopp nach méi cremeg a gëtt e liicht séisse Goût. 

Zum Schluss eng Kéier alles mat Salz a Peffer no ärem Goût nowierzen. 

Elo ass är Zopp fäerdeg a kann zerwéiert ginn. Wann dir wëllt, kënnt dir se och mat frësche Korianderblieder oder Kürbiskären dekoréieren. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Podcast Francais Authentique by Johan Tekfak

Podcast Francais Authentique

496 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,694 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Verbrechen by DIE ZEIT

Verbrechen

288 Listeners

Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft by Sebastian Matthes, Handelsblatt

Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft

19 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage by Solveig Gode, Nicole Bastian, Sandra Groeneveld, Nele Dohmen, Anis Mičijević

Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage

29 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News by Noah Leidinger, OMR

OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News

14 Listeners

Nota Bene by Benjamin Brillaud

Nota Bene

18 Listeners

Journal en français facile by Français Facile - RFI

Journal en français facile

170 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

209 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

3 Listeners