Poterkëscht vum INLL

Reservatioun am Restaurant a beim Traiteur bestellen (A2)


Listen Later

Transkript:

Reservatioun am Restaurant

Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen? 

Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren. 

Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift? 

Client: Fir muer den Owend um 19 Auer. 

Restaurant: An der Rei. Fir wéi vill Persounen? 

Client: Fir véier Persounen, wannechgelift. 

Restaurant: Sëtzt dir léiwer dobannen oder op der Terrass? 

Client: Léiwer dobannen. Kéinte mir en Dësch bei der Fënster kréien, wannechgelift? 

Restaurant : Ee Moment, ech kucken… jo, dat geet.  

Client: Super, Merci!  

Restaurant: Da brauch ech just Ären Numm an eng Telefonsnummer, wannechgelift. 

Client: Mäin Numm ass Silva. Meng Telefonsnummer ass 671 57 90 23. Ech hu just eng Fro: Hutt dir och e puer vegetaresch Platen? 

Restaurant: Jo, mir hunn op d’mannst eng vegetaresch Optioun pro Gang.  

Client: Dat kléngt gutt! An nach eng aner Fro: Meng Frëndin huet eng Glutenintoleranz. Hutt dir och e puer Optiounen ouni Gluten? 

Restaurant: Jo, eis glutefräi Plate sinn extra gekennzeechent. Dir kënnt de Menü och op eisem Internetsite kucken.  

Client: A, super, da soen ech menger Frëndin dat. Villmools Merci. 

Restaurant: Et ass gär geschitt. Bis muer den Owend! 

Client: Jo, bis muer! 


Telefonat mam Traiteur 

A : Gudde Moien, Traiteur ,,Gudden Appetit’’, wéi kann ech Iech hëllefen ? 

B : Moien, hei ass Weber. Ech ruffen u well ech eng Feier fir eng Aarbechtskolleegin, déi an d’Pensioun geet, plangen. Ech géif gär bei Iech d’Iessen an e bëssen Ekipement bestellen. 

A: Dat kléngt flott! Fir wéi vill Persoune wier et? 

B: Ongeféier fofzeg Persounen. 

A: An der Rei. Hutt Dir schonn eng Iddi, wat fir en Iessen dir gär bestelle wëllt? Mir proposéiere verschidde Menüen, Buffeten a Fingerfood. 

B: Mir hätte gär e Buffet. Et wier gutt, wa fir jiddereen eppes dobäi wier – also eppes Vegetaresches a Veganes, mee och Plate mat Fleesch. 

A: Natierlech! Mir kënnen e gemëschte Buffet ubieden, mat waarmen a kale Platen. Zum Beispill: gebrodene Poulet, e Curry mat Tofu, verschidden Zaloten a Bäilage wéi Räis a gebrode Gromperen. Fir den Dessert kënne mir e puer Mini-Desserte proposéieren, zum Beispill Panna Cotta, Uebstzalot a kleng Schockelastäertercher. Wier dat eppes ? 

B : Jo, dat kléngt perfekt ! Kéinte mir och e puer Schnittercher kréien ? 

A : Jo. Mir proposéiere Schnittercher mat Saumon, Ham a Kéis, an och e puer vegan Häppercher mat Avocado an Hummus. Wéi vill Schnittercher hätt Dir gär? 

B: Hmm, et si fofzeg Leit, vläicht zwee oder dräi Schnittercher op de Kapp ? 

A : Dat geet an d’Rei. Mir kënnen Iech eng Këscht mat 150 Schnittercher preparéieren. Wëllt Dir och d’Gedrénks bei eis bestellen? 

B: Jo, dat wier praktesch. Mir hätte gär platt a Spruddelwaasser, Orangëjus an e puer Softdrinks. Mir këmmeren eis selwer ëm dat alkoholescht Gedrénks.  

A: Ok, mir liwweren da just d’Gedrénks ouni Alkohol. Braucht dir och Glieser a Geschier? 

B: Jo, wannechgelift. Mir brauchen och e puer Dëscher a Still. Kënnt Dir eis déi och bréngen? 

A: Dat ass kee Problem. Wéi vill braucht dir? 

B: Mir hätte gär zéng héich Dëscher fir den Apero a genuch Dëscher a Still fir ongeféier fofzeg Leit. 

A: An der Rei, et ass notéiert. Braucht Dir och Dëscheldicher oder soss Dekoratioun ? 

B : Dëscheldicher wiere super, d’Deko hu mir schonn. 

A : Perfekt. Wéini a wou genee ass Är Feier ? 

B : D’Feier ass de 25. November an eisem Büro um Boulevard John F. Kennedy. Et wier flott, wann dir moies géint zéng Auer schonn alles opriichte kéint. 

A: Dat geet. Hutt Dir soss nach e puer Extrawënsch? 

B: Nee, dat ass alles. Villmools Merci fir Är Hëllef! 

A: Ganz gär, Madamm Weber. Mir freeën eis, Iech fir Är Feier ze hëllefen. Mir schécken Iech dann an deenen nächsten Deeg en Devis. Wann alles OK ass, schécke mir Iech d’Rechnung. Dir musst dann eng Woch am Viraus e klengen Acompte bezuelen, an de Rescht no der Feier. 

B: An der Rei. Merci! Wann ech eng Fro hunn, mellen ech mech nach eng Kéier. 

A: An der Rei. Äddi!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Podcast Francais Authentique by Johan Tekfak

Podcast Francais Authentique

496 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,694 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Verbrechen by DIE ZEIT

Verbrechen

288 Listeners

Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft by Sebastian Matthes, Handelsblatt

Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft

19 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage by Solveig Gode, Nicole Bastian, Sandra Groeneveld, Nele Dohmen, Anis Mičijević

Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage

29 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News by Noah Leidinger, OMR

OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News

14 Listeners

Nota Bene by Benjamin Brillaud

Nota Bene

18 Listeners

Journal en français facile by Français Facile - RFI

Journal en français facile

170 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

209 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

3 Listeners