Poterkëscht vum INLL

Rezept: Boxemännercher (A2-B1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass Niklosdag, an domat och Zäit, fir déi éischt Boxemännercher z'iessen! Am Episod vun haut deele mir e Rezept mat iech, fir är eege Boxemännercher doheem ze baken. Vill Spaass!

-

Transkript:

Rezept fir Boxemännercher

Sou... Ech mengen, mir hunn elo alles prett fir eis Boxemännercher ze baken.

Ech kontrolléieren nach eng Kéier d'Rezept um Internet...

Fir 8 Boxemännercher brauche mir:

  • 620 Gramm Miel
  • 100 Gramm Zocker
  • 250 Milliliter Vollmëllech, am beschte soll d'Mëllech wotlech sinn, also net kal
  • ee Wierfel frësch Hief (42 Gramm)
  • 100 Gramm geschmoltene Botter
  • 2 Eeër
  • eng Pouz Salz, also just ganz e bëssen
  • Dat ass alles fir den Deeg.

    Wa mir d'Boxemännercher zum Schluss nach wëlle glaséieren, brauche mir just

    • een Eegiel
    • an en Iessläffel Mëllech
    • Da kënne mir jo elo endlech ufänken.

      D'Miel, den Zocker an eng Pouz Salz maachen ech an eng grouss Schossel.

      Da schëdden ech d'Mëllech an e grousst Glas a maachen d'Hief dobäi. Fir, dass dat besser geet, maachen ech d'Hief a kleng Stécker. Da kann ech d'Hief an der Mëllech besser opléisen.


      Da schëdden ech d'Mëllech mat der Hief a meng grouss Schossel mam Miel. Ech maachen dann de geschmoltene Botter an déi zwee Eeër mat dobäi. An da muss ech den Deeg fir ongeféier 5 Minutte gutt knieden. Ech maachen eng Kugel aus dem Deeg an da leeën ech den Deeg erëm zeréck an d'Schossel a maachen e Kichenduch iwwert d'Schossel, fir dass den Deeg bei Raumtemperatur ka rouen. No 45 Minutten ass den Deeg da prett. En ass opgaangen an ass elo duebel esou grouss wéi virdrun.

      Da maachen ech e bësse Miel op eng Holzplack an ech klappen den Deeg erëm méi platt. Ech deelen den Deeg an 8 Portiounen a formen aus all Portioun eng oval Briosch. Uewe formen ech e klenge Kapp an ënne schneiden ech e klenge Schlitz an d'Briosch, fir d'Been ze formen. Op deenen zwou Säite schneiden ech och nach e Schlitz an d'Briosch fir d'Äerm ze formen.

      Elo huelen ech de Bakblech mam Bakpabeier drop an ech leeën d'Boxemännercher op de Bakpabeier. Et soll ee genuch Plaz tëschent de Männercher loossen, well se am Uewen nach opginn.

      Dann huelen ech en neit Kichenduch a maachen et e bësse fiicht. Ech leeën d'Kichenduch dann iwwert de Bakblech mat de Boxemännercher a waarden nach emol eng hallef Stonn a loossen d'Boxemännercher bei Raumtemperatur opgoen.

      An där Zäit kann een de Schäffche op 200 Grad virhëtzen.

      Ier mir d'Boxemännercher dann endlech an den Uewe maache kënnen, glaséieren ech se nach. Fir d'Glasur schloen ech d'Eegiel mat engem Iessläffel Mëllech, op. Da pinselen ech meng Glasur ganz virsiichteg iwwert d'Boxemännercher.

      Da kënnt de Bakblech fir 15 Minutten an de Schäffchen.

      No enger Véierelstonn huele mir se eraus, loosse se ofkillen an da kënne mir endlech ee gudde Boxemännchen iessen!

      Ei… Gudden Appetit!

      ...more
      View all episodesView all episodes
      Download on the App Store

      Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


      More shows like Poterkëscht vum INLL

      View all
      Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

      Journal (Radio)

      1 Listeners

      Podcast Francais Authentique by Johan Tekfak

      Podcast Francais Authentique

      496 Listeners

      InnerFrench by innerFrench

      InnerFrench

      1,694 Listeners

      Easy Luxembourgish by Anne Beffort

      Easy Luxembourgish

      7 Listeners

      Verbrechen by DIE ZEIT

      Verbrechen

      288 Listeners

      Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft by Sebastian Matthes, Handelsblatt

      Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft

      19 Listeners

      Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

      Kloertext fir ze lauschteren

      0 Listeners

      Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage by Solveig Gode, Nicole Bastian, Sandra Groeneveld, Nele Dohmen, Anis Mičijević

      Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage

      29 Listeners

      RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

      RTL - Sproochmates

      0 Listeners

      OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News by Noah Leidinger, OMR

      OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News

      14 Listeners

      Nota Bene by Benjamin Brillaud

      Nota Bene

      18 Listeners

      Journal en français facile by Français Facile - RFI

      Journal en français facile

      170 Listeners

      Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

      Firwaaat? - De Kannerpodcast

      0 Listeners

      Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

      Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

      209 Listeners

      Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

      Luxembourgish with Anne PODCAST

      3 Listeners