Chrëschtdag
Nee, ech fänken elo net mat enger Moralpriedegt iwwer de Sënn an d’Wäerter vu
Chrëschtdag un. Nee, ech wäert och kengem virschreiwen, wéi en sech an der Zäit viru
Chrëschtdag ze verhalen huet. Nee, ech schwätzen och net iwwer den Ursprong vu
Chrëschtdag a firwat mir iwwerhaapt haut zwee ganzer gesetzlecher Feierdeeg fir
Chrëschtdag a Stiefesdag hunn.
Méin éischte Gedanke geet un déi ganz pseudo-Diskussioun ronderëm d’Thema Plastik
wou mir awer nëmme bei deene Geleeënheeten driwwer schwätze wou et eis arrangéiert.
Op e klenge Schallimo aus Plastik, ass mëttlerweil bal jidderee bereet ze verzichten. Ganz
anescht geséit et awer dann aus, wann ech mech vum Kaafrausch Enn dës Joers
matrappe loossen, de scho virun Halloween mat grujelegen Doten ufänkt, fir duerno um
schwaarze Freideg déi kleng Plastikskaart nach emol gutt duerchzerëselen, an dann am
Endspurt mat blénkegen Etiquetten a Richtung Solden op Héichtoure leeft.
An der Vir-Chrëschtzäit muss ech mech duerch d’Geschäfter duerchbriechen, tëschent
Millioune faarwegen Artikelen aus Plastik oder ähnlechem; vun Dekoratiounsartikelen,
iwwer Spillsaachen, Kleeder, an iergendwellech liichtend oder kaméidismachend
Géigestänn vun deenen een anscheinend absolut muss am Besëtz sinn, fir mat eiser
Gesellschaft kënne matzehalen.
Ass eist gréngt Gewëssen tatsächlech sou kuerzlieweg an sou einfach duerch lackeleg
Offeren ze ënnerdrécken? Brauche mir vläicht och an eisem Kafverhalen eng europäesch
Direktiv déi eis Restriktiounen imposéiert, oder eng Regierung déi no Trennung vu Kierch
a Staat an enger nächster Etapp och schlecht Gewunnechten ënnerdréckt?
Méin zweete Gedanke geet un d’Chrëschtdeeg selwer. Déi meescht vun eis freeën sech
jo op dës trotzdeem besënnlech Deeg -op ee gleeweg ass oder net-, wou een seng
perséinlech Reserven nees fëlle kann. Wann een dann awer de Stress am Alldag geséit,
wou obligatoresch Cadeau’en gesicht ginn, Bestellunge fir déi bescht Chrëschtgäns oder
de feierlechste Menü am Restaurant gemaach ginn, d’Kanner e Kleesercherspyjama oder
Elchekostüm -made in China- an déi Grouss en neie blénkegen Ensembel fir den
eemolegen Owend kréien; kritt een Zweiwelen um Sënn a Soll vun dëser ganzer Zäit.
Brauche mir fir e puer schéi Stonnen ze verbréngen, onbedéngt eng ganz Show
ronderëm, déi souwuel eiser Ëmwelt, wéi och eis selwer zu Schued kënnt? Brénge mir et
net méi fäerdeg e puer Deeg ze verbréngen, just mat dem wat mir selwer sinn? Mir liewen
an enger 24Stonnen op 24, 7Deeg op 7 Welt, wou mir ouni permanent Oflenkung sief et
duerch Animatioun, sief et iwwer sozial Netzwierker, net méi kënne bestoen.
Et ass elo de Moment, sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren, an all déi Oflenkungen
deene mir dagdeeglech ausgesat sinn op e Minimum ze reduzéieren. Jidderee ka bei
sech déi richteg Weiche stelle fir eng sozialgerecht Zukunft am Respekt vun eiser Ëmwelt.
Vill Problemer, déi mir eis selwer am Alldeeglechen duerch eise Liewensstil kreéieren,
géifen sou guer net optrieden a bräichten also och net geléist ze ginn. Dat ass den Ufank
wéi mir all zesummen e bessert Ëmfeld mat enger gënschteger Sozialkohäsioun kënne
schafen.