Poterkëscht vum INLL

Schimmel an der Wunneng (B1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Schimmel an der Wunneng 

A: O Nee! 

B: Wat ass lass? 

A: Komm mol an d’Schlofzëmmer! 

A: Wat ass dat do uewen um Plaffong? 

B: Wou? 

A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel? 

B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken... 

A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun! 

B: Ok, ech klamme mol op e Stull. 

A: An? Wat gesäis de? 

B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker? 

A: Moment... 
An dësem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf? 

B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwéier fir en elo ze réckelen. Mir mussen e fir d’éischt ausraumen an da kënne mer e réischt vun der Mauer ewechréckelen. Dat maache mer awer net méi haut. Et ass schonn ze spéit. Ech géing gär geschwë schlofe goen. 

A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir d’Gesondheet! Vläicht schlofe mir scho säit Méint an engem Zëmmer voller Schimmel! Wéi fuerchtbar! Mir kréie bestëmmt Problemer mat der Ootmung! 

B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stëbsen d’Ecker vum Plaffong reegelméisseg an et ass eis ni eppes opgefall. Dat ass bestëmmt nach net laang esou. A vläicht ass guer näischt hannert dem Schaf! Jo, et gëtt Schimmel, deen an der Mauer sëtzt, wa se ze fiicht ass, mee dat hei ass just e bëssen. Mir hunn am Wanter eventuell net oft genuch gelëft... 

A: Jo, mee am Wanter ass et kal! Ech wëll do net ëmmer d’Fënster ophunn. 

B: Sou soll et jo och net sinn, mee et soll ee reegelméisseg d’Fënster wärend e puer Minutten grouss opmaachen a lëften. 

A: Am Dag si mir jo awer net heiheem... 

B: Wichteg ass, datt een dat nom Opstoe mécht. An der Nuecht sammelt sech vill Fiichtegkeet an der Loft. 

A: Dat maache mer jo awer! An owes virum schlofe goe lëfte mer och ëmmer. 

B: Vläicht geet et net duer. Oder d’Wunneng huet e Problem mat Fiichtegkeet. 

A: Vläicht ass iergendwou e Rouer geplatzt? 

B: Hm... Muer raume mer emol de Kleederschaf aus a kucken, ob och Schimmel hannert der Mauer ass. Wann net, dann ass dat scho mol eng gutt Noriicht. Ech mengen, da geet et duer, wa mer e selwer vun der Mauer ewechmaachen. 

A: Mat wat mécht een dat da fort? 

B: Zum Beispill mat staarkem Alkohol, Esseg oder engem spezielle Produit. Dat sprayt ee fir d’éischt op de Schimmel, da léisst een et awierken an duerno reift een alles mat enger Biischt oder enger Fatz fort. 

A: An dat geet duer? 

B: Fir den Ufank, jo! Mir mussen d’Plazen awer am A behalen a kucken, wéi sech dat weiderentwéckelt. 
Mee: muer kucke mer mol hannert de Schaf! Vläicht ass et méi schlëmm... Wann d’Mauer fiicht ass, da musse mer onbedéngt de Proprietaire kontaktéieren, soss kënnt de Schimmel ëmmer nees erëm. Da mussen Experten eis hëllefen. 

A: Ech maache scho mol Fotoen als Beweis. 

B: Gutt Iddi! D’Fotoen hunn en Datum an dat kann an Zukunft och hëllefen. Maach och e klenge Video! 

A: Ass gemaach. 
Fënns de, datt et komesch heibanne richt? 

B: Ech richen näischt! 

A: Dach! Et richt immens muffeg! Dat passt dach bei Schimmel! Wat e Misär! Hu mer net scho genuch aner Suergen...?! 

B: Ech mengen, du bilts der dat elo an! Ech riche wierklech näischt! 

A: Ech bilde mer dat net an! Ech riskéiere meng Gesondheet elo net méi! Ech informéieren de Proprietaire elo direkt! Soss kann ech hënt net schlofen! Ech schécken him direkt d’Fotoen an de Video. 

B: Waart wannechgelift of, bis mer de Schaf geréckelt hunn! Da kënne mer him all d’Fotoe matenee schécken! 

A: Ok ok... mee mir schlofen dës Nuecht net an dësem Zëmmer! 

B: Averstan! Komm, mir rappen d’Fënstere mol all op a lëften déi ganz Wunneng fir e puer Minutten! 
A muer gesi mer weider! Vläicht ass et net esou schlëmm! 

B: Merci, dass du esou roueg bleifs! Ech si wierklech grad um Enn mat mengen Nerven. 

A: Dat ass verständlech! Mir fannen eng Léisung! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

243 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

314 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,751 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

268 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast)

203 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

87 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

220 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

182 Listeners