Poterkëscht vum INLL

Sech virstellen (A1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

Monolog

Moien!  
Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen Englesch. Zënter dräi Méint léieren ech dräi Mol d’Woch, vun 10.10 bis 11.50, am INLL Lëtzebuergesch. 
Ech si bestuet an hunn zwee Kanner, zwee Meedercher. Mäi Mann ass och Tuneesier. Hien ass Kach an engem Restaurant um Knuedler an der Stad. 

Ech sinn Informatikerin vu Beruff, mee de Moment sinn ech am Congé de maternité. 
Ech sinn de 24. Abrëll 1987 gebuer.
Meng Adress ass 15, Millewee, 7661 Miedernach.  
Meng Handysnummer ass 671 07 02 95.  
Meng Hobbye si spadséiere goen, schwamme goen, Piano spillen, liesen a baken. 


Dialog

Tom: Moien! Ech sinn den Tom. Wéi heeschs du?

Lisa: Salut Tom! Ech sinn d’Lisa. Et freet mech, dech kennenzeléieren!

Tom: Et freet mech och! Studéiers du och hei?

Lisa: Jo, ech studéiere Psychologie. An du?

Tom: Ech studéieren Informatik. Vu wou kënns du, Lisa?

Lisa: Ech kommen aus der Belsch, vun Arel. An du, vu wou kënns du?

Tom: Ech kommen aus England, vu Manchester. 

Lisa: Dat ass awer wäit!

Tom: Dat stëmmt. Mee et ass flott, nei Leit kennenzeléieren. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?

Lisa: Ech wunnen net zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Arel. Ech kommen all Dag mam Zuch op d’Uni. An du?

Tom: A sou! Ech wunnen eréischt zënter dräi Méint hei zu Lëtzebuerg. Et ass nach alles ganz nei fir mech.

Lisa: Ech gleewen! Wann s de wëlls, kann ech dir e puer flott Plazen hei an der Géigend weisen.

Tom: Dat wier flott, Lisa! Komm, mir maachen dat!

Lisa: Super! Wéini hues du Zäit?

Tom: Wéi wier et e Samschdeg um 14 Auer?

Lisa: Perfekt! Treffe mer eis hei bei der Uni?

Tom: Jo, dat kléngt gutt. Ech freeë mech!

Persoun B: Ech mech och! Bis e Samschdeg, Tom!

Persoun A: Bis e Samschdeg, Lisa! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Coffee Break French by Coffee Break Languages

Coffee Break French

4,150 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

194 Listeners

NerdCast by Jovem Nerd

NerdCast

1,010 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

314 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,710 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

1 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

257 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Affaires de business by Choses à Savoir

Affaires de business

5 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

206 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

179 Listeners