D'Emissioun Background am Gespréich stoung de Mëtteg ganz am Zeeche vun der Corona-Pandemie an de Repercussiounen op d'Gesellschaft. Invitéeë waren de Vize-Premier an Defense- a Bannenzeg Sécherheetsminister François Bausch, de Vize-Premier an Aarbechtsminister Dan Kersch an d'Familljeministesch Corinne Cahen.
Bannent 24 Stonne hätt een alles mobiliséiert kritt, esou de François Bausch. Lëtzebuerg hätt a China gehollef a lo géif d'Provënz Henan eis hëllefen a Material zur Dispositioun stellen. An Zesummenaarbecht mat der Nato-Agence NSPA krit een och elo eng qualitativ héichwäerteg Struktur fir besser gerëscht ze ginn.
Nach wier net alles ukomm, sou de Minister.
Iwwer d'Käschte schwätze mer dono, esou den Dan Kersch. Eis éischt Suerg ass déi, datt all d'Leit um Enn vum Mount eng Pai kréien. Dofir goufen d'Prozeure fir d'Kuerzaarbecht vereinfacht. 500 Millioune wieren neierdéngs fir de Fonds pour l'emploi mobiliséiert ginn, sou nach den Dan Kersch.
Mir wëlle sou mann wéi méiglech Trafic an den Altersheemer, seet d'Familljeministesch Corinne Cahen. D'Soine ginn assuréiert. Et gëtt vill iwwer Telefonen oder aner Kanäl gereegelt. Et goufe och Masken am Secteur ausgedeelt.