Poterkëscht vum INLL

Transportmëttel a Fürerschäin (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Transportmëttel a Fürerschäin (A2) 

A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ? 

B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass. 

A: O nee! Wat ass da geschitt? 

B: Ma, gëschter huet mäin Auto op eemol komesch Geräischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen. 

A : Dat ass awer nerveg ! Wéi laang hues du däin Auto da schonn? 

B: Zanter ongeféier dräi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer. 

A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram. 

B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de Fürerschäin? 

A: Jo, mee ech hunn e réischt d’lescht Joer gemaach. 

B: Seriö? An, war den Exame schwéier? 

A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir d’éischt derchgefall. 

B: Wierklech? Firwat, wann ech froen däerf? 

A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn. 

B: O dat ka geschéieren. Vill Leit falen déi éischt Kéier duerch. 

A: Jo, dat huet mäi Farlehrer och gesot. Zwou Woche méi spéit hunn ech den Exame widderholl, an dunn hunn ech en och ganz gutt gepackt. 

B: Super! Da waars de bestëmmt frou. 

A: Jo, total. Ech hunn direkt menger Mamm ugeruff, an owes sinn ech mat mengem Frënd an de Restaurant gaang, fir dat ze feieren. 

B: Flott! Ech ka mech och nach u mäi Fürerschainsexamen erënneren. Ech hu mech deemools immens virbereet. 

A: Hues du et direkt gepackt? 

B : Jo, zum Gléck. Mee ech war och immens nervös. 

A: A fiers du elo gär Auto? 

B: Jo, besonnesch fir laang Strecken. De leschte Summer sinn ech mat Frënn an Italie gefuer. Mir hu bal zéng Stonne gebraucht. 

A: Wow, dat ass laang. Ech sinn d’lescht Joer mam Zuch op Berlin gefuer. Dat war och relax, well ech ënnerwee liesen a Musek kucke konnt. 

B: Dat ass richteg, mam Zuch fuere kann och relax sinn. Mee leider hunn d’Zich oft Retard. 

A: O jo! D’lescht Woch hunn ech bal eng Stonn op der Gare gewaart, well mäin Zuch Verspéidung hat. 

B: Dat ass typesch. Dofir huelen ech fir kuerz Strecke léiwer de Vëlo. Esou kommen ech dacks méi schnell un an ech hu mech an engems e bësse beweegt. 

A: An et ass gutt fir d’Ëmwelt! 

B: Genee. Mee am Wanter fueren ech guer net gär Vëlo. Dann ass et vill ze kal. 

A: Dat verstinn ech. Am Wanter huelen ech meeschtens den Tram oder de Bus fir op d’Aarbecht ze fueren. 

B: Eigentlech ass et gutt, verschidden Transportmëttelen ze hunn. Da kann ee méi flexibel sinn. 

A: Jo, dat stëmmt. Mee et ass awer praktesch, de Fürerschäin ze hunn. 

B: Op alle Fall. Et ass ee méi onofhängeg. 

A : Genee. Vläicht kafen ech mir d’nächst Joer och e klengen Auto. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

246 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

315 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,748 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

270 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

21 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast)

205 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

90 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

177 Listeners