Poterkëscht vum INLL

Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)

A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls? 

B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du? 

A: Ech géif léiwer op d’Mier fueren. No deene leschte stressege Méint brauch ech e bësse Rou. 

B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen! 

A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass d’Wieder do meeschtens besser. 

B: Hm, dat kënnt dorop un, wuer ee fiert. A Südeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill. 

A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen. 

B: Ech ginn dogéint léiwer ronderëm an entdecken nei Plazen. An enger Stad gëtt et einfach méi Ofwiesslung: Muséeën, Resturanten, Butteker… 

A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen. 

B: E bësse plange gehéiert dozou, mee dat mécht mir och Spaass. Ech si léiwer méi aktiv wéi just op der Plage ze leien an ze faulenzen. 

A: Nëmmen op der Plage leie géif ech och net. Et kann ee jo och Ausflich maachen. Mee insgesamt ass eng Vakanz um Mier méi relax fir mech. 

B: Vläicht wier e Mix am Beschten. Eng Stad um Mier, zum Beispill. 

A: Dat ass eng gutt Iddi. Esou huet ee béid Saachen: Kultur an Erhuelung. 

B: Genee. Da kéint ee moies d’Stad kucke goen an nomëttes op d’Plage goen. 

A: Dat kléngt ideal. Mee esou Plaze sinn oft méi deier, oder? 

B: Jo, leider schon. Eng reng Rees an eng Stad ass oft méi bëlleg wéi eng Vakanz op enger beléifter Destinatioun um Mier. 

A: Fir mech ass et awer wichteg, datt ech mech gutt erhuele kann. Dofir géif ech och léiwer e bësse méi Suen ausginn. 

B: Ech verstinn däi Punkt. Fir mech ass de Präis méi wichteg. Ech géif léiwer méi bëlleg reesen an dofir méi gesinn. 

A: Also, ech fannen eng schéi Plage méi wichteg wéi vill Aktivitéiten. 

B: An ech fannen Aktivitéite méi wichteg wéi Erhuelung. Mir hu wierklech ënnerschiddlech Prioritéiten. 

A: Haha, dat ass wouer. Mee genau dofir ass eng Kombinatioun vläicht déi bescht Léisung. 

B: Jo, ech denken och. Wou kéint een dann esou eppes maachen? 

A: Vläicht an Italien oder a Spuenien. Do ginn et vill Stied direkt um Mier. 

B: Spuenie géif mir méi zousoen. D’Stied sinn do oft méi lieweg, fannen ech. 

A: Mir gefält Italie besser, virun allem wéinst dem Iessen. 

B: Do hues de Recht, ech fannen italieenescht Iessen och wierklech besser. 

A: Also, Italien oder Spuenien? 

B: Hmm… schwiereg. Vläicht musse mir vergläichen, wat méi bëlleg ass. 

A: Gutt Iddi. A vläicht kucke mir och, wou d’Wieder am Beschten ass. 

B: Genee. A wou net ze vill lass ass – dat ass mir och wichteg. 

A: Mir och. Ech géif léiwer op eng roueg Plaz goen. 

B: Da siche mir am beschten zesummen eppes eraus. 

A: Jo, komm, mir kucken den Owend zesummen a vergläichen e puer Präisser. 

B: Perfekt, ech freeë mech schonn! 

A: Ech mech och! Egal, wuer mir fueren – Haaptsaach Vakanz an am wichtegsten zesummen! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners