Poterkëscht vum INLL

Virsätz fir dat neit Joer (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir e bëssen iwwer Virsätz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Virsätz fir d’neit Joer 

A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Virsätz fir d’neit Joer. Dat passt, oder? 

B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gär e puer gutt Virsätz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn. 

C: Max, du bass net eleng! Ech denken, vill vun eis fänken d’Joer voller Energie un, mee duerchzehalen, dat ass eng aner Saach. 

A: Dofir schwätze mir jo haut driwwer. Vläicht hëllefen eis Tipps a Virsätz jo eisen Nolauschterer, motivéiert ze bleiwen. Also, loost eis direkt ufänken. Wat sinn är Virsätz fir dat neit Joer? 

C: O je, wou soll ech ufänken? Mäin Haaptvirsaz ass, méi Sport ze maachen. D’lescht Joer hunn ech esou oft gesot : ,,Ab muer ginn ech lafen !’’ Mee … ,,muer’’ koum iergendwéi ni.

B : Klassiker! Mee, Sarah, wat heescht dat elo konkreet? Gees du elo all Moien um sechs Auer lafen? 

C: Um sechs? Vergiess et! Ech wëll realistesch bleiwen. Ech ginn zwee Mol d’Woch lafen, dat geet fir de Moment duer. Vläicht mellen ech mech am Fréijoer fir e Vollekslaf un, fir e klengt Zil ze hunn. 

A: Dat kléngt dach realistesch! Ech fannen, kleng Ziler sinn immens wichteg. 

B: Jo, mee Jil, ech si mer sécher, datt s du dëst Joer nees ee vun deenen immens éiergäizege Virsätz hues. 

A: E bëssen, jo. Ech wëll endlech mäin éischt Buch schreiwen. 

C: Wow! An, hues du schonne Plang? 

A: Jo. Ech hu mir virgeholl, all Dag op d’mannst eng Stonn ze schreiwen. Dat kléngt no net vill, mee ech hoffen, datt ech esou bis de Summer e klengen Entworf hunn. 

B: Respekt! A wat méchs du, wann d’Motivatioun noléisst? 

A: Gutt Fro. Ech wëll mir eng speziell Plaz ariichten, wou ech ouni Oflenkung schaffe kann. An ech hunn enger Frëndin dovun erzielt, déi mech reegelméisseg froe wäert, wéi et leeft. Esou hunn ech e bëssen Drock. 

C: Kléngt gutt. Vläicht soll ech och een hunn, dee mech reegelméisseg freet, ob ech lafe war. 

B: O, do hëllefen ech gär! Ech ruffen einfach all Méindeg un a froen, ob s du scho lafe waars. 

C: Ha ha. Max, wat sinn dann deng Virsätz? 

B: Bei mir geet et ëm d’Iessen. Ech wëll manner Fast Food iessen a méi selwer kachen. 

C: Dat ass dach gutt ! Mee ech hu geduecht, du wiers esou frou mat Burgeren a Pizza? 

B: Dat sinn ech och! Mee ech hunn d’lescht Joer gemierkt, datt ech mech no esou vill fettegem Iessen oft midd fillen. Dofir wëll ech et op eemol d’Woch reduzéieren. An: Ech wëll léieren, e puer einfach Platen ze kachen. 

A: Dat kléngt jo no engem Challenge. Weess de schonn, wat s de kache wëlls ? 

B: Jo! Ech hu mir schonn dräi Rezepter erausgesicht: e Curry, eng selwergemaache Pizza – gesond, natierlech – a Lasagne. 

C: O, ech komme laanscht, wann s de d’Lasagne méchs! 

B: Deal ! Mee dir däerft eréischt kommen, wa se net méi no ‘’Kachufänger’’ schmaacht. 

A: Okay, also als Resümmee: d’Sarah wëll méi lafen, de Max wëll manner Fast Food iessen a besser kachen, an ech schreiwen e Buch. Wat denkt dir, wéi grouss sinn d’Chancen, datt mir dat duerchzéien? 

C: Hmm, soe mer 70 Prozent? 

B: Also, ech gi mir selwer 50 Prozent. Mee wann dir reegelméisseg nofrot, wéi et leeft, klammen d’Chancë vläicht op 60 Prozent. 

C: Haha, da komm, mir maachen en Deal: Ech froen dech no denge Kachkënscht, an du erënners mech, lafen ze goen. 

A: An dir frot mech no mengem Buch! Esou motivéiere mir eis géigesäiteg. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
RTL - Journal by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Journal

1 Listeners

RTL - 5vir12 by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - 5vir12

0 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

8 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

RTL - Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

1 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL Today - Luxembourg History Podcast by RTL Today

RTL Today - Luxembourg History Podcast

10 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

89 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

L’Heure du Monde by Le Monde

L’Heure du Monde

35 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners