De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter"
De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de Mond geluecht. Déi Fabelen déi de Jean de la Fontaine am 17te Jorhonnert nei entdeckt an zu engem Klassiker vun der franséischer Literatur gemaach huet, hu Wuerzelen déi nach vill méi wäit an der Zäit zeréckreechen. Den Aesop (vun deem een bis haut net weess, ob hien tatsächlech existéiert huet) soll schonn am 7te Jorhonnert viru Christus seng Fabelen opgeschriwwen hunn. An déi sinn haut nach grad esou aktuell wéi virun 2700 Joer!
De Pe’l Schlechter, deen am Abrëll 2026 säin 105.Gebuertsdag feiert, war schonn als Kand faszinéiert vun de Fabelen. Am Interview erzielt hie vu senger Freed un de Sproochen an um Iwwersetzen, hie verréit firwat ee vun den Texter am Buch fir hien eng ganz perséinlech Bedeitung huet an hie stellt sengem Public eng Fro, op déi et just eng eenzeg Äntwert gëtt!
"Jean de la Fontaine- Fabelen - nei verzielt vum Pe'l Schlechter" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.