Am Débutroman vun der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz geet et ëm kënschtlech Intelligenz
E Bug am System, dat kënnt jo leider heiansdo emol vir. An dorëms geet et och am Débutroman “Bug” vun der jonker Lëtzebuerger Schrëftstellerin Claire Schmartz. De Roboter Bud ass de Prototyp vun engem Haushaltsroboter a seng Konstrukteurin, déi mir just als “Die Professore” kenneléieren hëlt e mat heem fir en do ze testen. Mä scho ganz séier weist sech dass sech beim Bud e Bug ageschlach huet..
Wou läit de Feeler a wéi kann een dat nees riichtbéien? D’Äntwert op dës Fro ass guer net esou evident, a villäicht enquêtéiert d’Professore jo an déi falsch Richtung...
“Bug” vun der Claire Schmartz ass en intelligente Roman iwwer en Thema dat an eiser Zäit ëmmer méi wichteg gëtt. D’Buch ass bei Hydre éditions erauskomm.