D'Kara vun Diddeleng huet an eisem éischte Podcast puer Froen zum Thema Schoul.
Fir Kanner, déi un der Aktualitéit interesséiert sinn, gëtt et vun elo un eng Plaz, fir sech op eng verständlech Aart a Weis z'informéieren. An eisem Kannerpodcast schwätzt de Loïc Juchem emol d'Woch iwwert dat, wat an der Welt lass ass a beäntwert de Kanner hir Froen. An eisem éischten Episod geet ëm d'Thema Schoul, d'Kara vun Diddeleng huet do nämlech e puer Froen. Lauschtere kënnt der de kompletten Episod op RTL Play, Spotify an Itunes.
All Kand, wat sech fir d'Aktualitéit interesséiert, kann och en Deel vun dësem Podcast sinn. All Woch dierf nämlech ee Kand mat am Studio dobäi sinn. Loscht deng Stëmm um Radio an an eisem Podcast ze héieren? Da mell dech iwwert
[email protected] un a sief geschwënn an den RTL-Studioe mat dobäi.