
Sign up to save your podcasts
Or


Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre.
Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Genre.
Mir wëllen ab der nächster Folg déi wuel gréisste Kriminalgeschicht, déi et jeemools am Grand-Duché gouf, nei erzielen.
Méi Informatiounen dozou gëtt et an dëser Folg... an ab nächster Woch dann en Experiment. Stay tuned!
Häerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen.
Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch a mir schwätze fir d'éischte Kéier iwwert en neie Projet um Horizont...
Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei ärem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der Wanterzäit (fréier Adventszäit genannt) brauche mer nees méi Wäermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech.
Onoofhängeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl. Themen si wéi gewinnt net kontrovers: D'politesch Shitshows an Däitschland an an den USA; de Poopst zu Lëtzebuerg; de Vullegast, a villes méi.
Mir moderéieren dat ganz gechillt fort a soen zum Schluss just eise Sponsere Merci: Maryland, ArcelorMittal an natierlech der Pizzeria LeSpecial.
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Domadder ass et elo offiziell: Eise Podcast ass nach méi lues wéi en ale wäisse Mann.
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus?
Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen?
A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?
Mir mellen eis just kuerz aus eisem Erklär&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nächst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?
Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle!
No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT ONNÉIDEG??1?
Dir musst eis d'Äntwert ginn... Bis mir gecancelt ginn, kommen hei awer wéi gewinnt schlecht Witzer, flaach Pointen an onsécher Erkläerungsversich.
It's good to be back.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!!
Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.
New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach.
Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder?
Merry XMAS léif Fësch.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen.
Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss.
Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen.
From the publisher's feed

187 Listeners

93 Listeners

189 Listeners

0 Listeners

77 Listeners

71 Listeners

18 Listeners

93 Listeners

9 Listeners

23 Listeners

2 Listeners

19 Listeners

0 Listeners

7 Listeners

0 Listeners