
Sign up to save your podcasts
Or


Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser.
D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE
Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.
Mir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer Wohfühlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu Lëtzebuerg.
No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt.
Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger Bäilag mat eiser neister Rubrik: Genial doniewt.
40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech Zäit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools...
D'Situatioun spëtzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de Waldbëlleger soulues d'Léisungen aus... hunn si et lo engülteg ze wäit gedriwwen? Oder gëtt et nach en Auswee aus dëser Eskalatiounsspiral?
Et gëtt eescht fir d'Waldbëlleger, déi et nach eng leschte Kéier ganz grouss packe wëllen. Mat engem Iwwerfall, deen et sou zu Lëtzebuerg virdrun nach ni gouf... an dat aus guddem Grond.
D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...
No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer.
Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detailer wéi nach ni virdrun.
Häerzlech Wëllkomm bei Tatort: Lëtzebuerg.
From the publisher's feed

187 Listeners

93 Listeners

189 Listeners

0 Listeners

77 Listeners

71 Listeners

18 Listeners

93 Listeners

9 Listeners

23 Listeners

2 Listeners

19 Listeners

0 Listeners

7 Listeners

0 Listeners