
Sign up to save your podcasts
Or


Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass.
Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen.
Ooooder mir bleiwe bei eisem jorhonnerten ale Mix aus Brach, Blödsinn a Bullshit. Lauschtert eran fir rauszefannen, ob mir eis fir déi hell oder déi däischter Säit vun der Muecht entscheed hunn.
Klenge musikalesche Plug: Parity - ID.
Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg...
Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem Inklusiounsbeoptraagte validéiert ginn!
De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt.
Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?" mat ären dräi Hosts, dem Gast Vogel jr., Raoul Roos a Joseph Bech.
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker.
Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden.
Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de Joe de ganze Summer iwwer Kazen aus Beem rett, an de Baschti sech op Menorca a sengen Hedge-Fonds-Suen wänzelt, kënnt hei nach emol de gewinnte Cocktail: Wéineg Inhalt, domm Witzer, onsécher Informatiounen, vill Léift.
Edit: No der Verëffentlechung vun dëser Folg hu mir Feedback vu verschiddenen Nolauschter*inne kritt – et goung ëm Aussoen, déi fir déi eng oder aner Persoun net ganz onproblematesch waren. Dës Aussoen goufen dofir an der neier Versioun vun der Folg 119 erausgeholl.
Fir et awer nach emol ganz kloer ze soen: Mir sti fir en oppenen, inklusiven Humor - et ka jiddereen eemol treffen, mee et ass och jidderee bei eis wëllkomm, ouni Ausnam.
Schéine Summer, a bis geschwënn.
Den Zirkus reest op Bréissel!
De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst.
Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn gesellt: d'Tilly Metz, de Charles Goerens an d'Isabel Wiseler-Lima. Merci, dass dir eise Blödsinn mat enger Portioun Intelligenz an Inhalt beräichert hutt!
Disclaimer: Dëse Podcast ass d'Resultat vun intensiver Lobbyaarbecht vum Joe Dennenwald.
Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst schwieregen Aussoen, domme Witzer an inhaltslosem Gesabbels. Mir empfehlen, dëse Podcast beim Aschlofen, FLF-Bashing oder wärend Orgien ze lauschteren.
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op Käschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?
Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert.
Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert.
D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d'Lëtzebuerger Gesellschaft.
Dir kënnt Erklär&Laach op Spotify, Apple Podcasts, Podtail an TuneIn lauschteren.
Fir méi Informatiounen a fir um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir hinnen op Instagram follegen.
Wann Dir Fan sidd, kënnt Dir och hire Merch-Shop besichen.
Mir hätten et net kéinte besser soen.
Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege Betrag.
An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d'Realitéit duerstellen (hu mir je de Géigendeel behaapt??). Hire Message ass wichteg a richteg: Dat wat een op Pornosäite gesäit, huet wéineg bis näischt mat richtegem Sex ze dinn...
Dir wënscht iech eng Ulafstell fir är Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwätzen, déi iech scho laang beschäftegen?
Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi Themen, déi soss vun der Gesellschaft ënnert de symboleschen Teppech gekiert ginn: Den Arschlach-Effekt, déi zweet Virnimm vu Presidenten, a villes méi.
Presentéiert zesumme mam Psychiater-Verband Lëtzebuerg.
From the publisher's feed

187 Listeners

93 Listeners

189 Listeners

0 Listeners

77 Listeners

71 Listeners

18 Listeners

93 Listeners

9 Listeners

23 Listeners

2 Listeners

19 Listeners

0 Listeners

7 Listeners

0 Listeners