Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.... more
FAQs about Erklär&Laach:How many episodes does Erklär&Laach have?The podcast currently has 136 episodes available.
April 07, 2025Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€%Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser.D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE...more1h 9minPlay
March 24, 2025Ep.111: Bom Dia BaaschtertenMir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation....more1h 5minPlay
March 17, 2025Ep.110: Gëllene SchossMir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer Wohfühlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu Lëtzebuerg....more1h 3minPlay
March 03, 2025Ep.109: KI-Chaos nom TatortNo eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt.Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger Bäilag mat eiser neister Rubrik: Genial doniewt....more1h 25minPlay
February 19, 2025Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel VI)40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech Zäit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools......more54minPlay
February 10, 2025Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel V)D'Situatioun spëtzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de Waldbëlleger soulues d'Léisungen aus... hunn si et lo engülteg ze wäit gedriwwen? Oder gëtt et nach en Auswee aus dëser Eskalatiounsspiral?...more26minPlay
February 02, 2025Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel IV)Et gëtt eescht fir d'Waldbëlleger, déi et nach eng leschte Kéier ganz grouss packe wëllen. Mat engem Iwwerfall, deen et sou zu Lëtzebuerg virdrun nach ni gouf... an dat aus guddem Grond....more21minPlay
January 27, 2025Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen......more21minPlay
January 20, 2025Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel II)No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer....more23minPlay
January 19, 2025Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel I)Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detailer wéi nach ni virdrun.Häerzlech Wëllkomm bei Tatort: Lëtzebuerg....more25minPlay
FAQs about Erklär&Laach:How many episodes does Erklär&Laach have?The podcast currently has 136 episodes available.