An dëser Novelle geet et ëm e quokelegt Thema
Eigentlech waren déi zwee immens anenee verléift. Dowéinst versteet keen esou richteg firwat d'Nora sech vum Jonas getrennt huet. Zimlech séier gëtt kloer, dass et hei ëm méi geet wéi just ëm Flemm mat der Bezéiung. A "Königskinder" beschäftegt d'Autorin Maryse Krier sech mat engem Tabuthema, dat an der Literatur allerdengs scho méi dacks behandelt ginn ass: Inzest.
E quokelegt Thema, dat net einfach unzepaken ass. D'Maryse Krier geet ganz bewosst op eng sachlech Manéier dorun erun.
Am Interview erzielt d'Maryse Krier wéi si d'Themen fir hir Bicher eraussicht, wéi si sech beim Schreiwen uleet, wien hir Liiblings Schrëftsteller a Schrëftstellerinne sinn a wéi eng Vakanzendestinatioun si ëmmer nees op en neits inspiréiert.