Mat sengem neie Roman « Ma vie sous les tentes » steet de Jeff Schinker op der Shortlëscht vum Servais Präis.
Zelter opriichten, dat wëll geléiert sinn ! An haaptsächlech geübt. A sengem Roman «Ma vie sous les tentes» mécht de Jeff Schinker den Tour vu verschiddene Musekfestivalen, bei deenen dann all Kéiers en Zelt muss opgeriicht ginn, heiansdo am Däischteren, am Schloreen oder am Bulli.Keng ganz einfach Saach! Am Interview geet et awer natierlech net nëmmen ëm Zelter. "Ma vie sous les tentes" ass eng Autofiktioun, mat villen autobiographeschen Elementer. De Jeff Schinker erzielt vu Léift a Frëndschaften, awer och vun der Musek déi an engems eng Zort Soundtrack vun dësem Buch duerstellt. An natierlech vun engem legendäre Musekfestival an England. Wéi een dat ass, dat verréit hien zwar net am Buch, dofir awer an dësem Podcast...