Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #106 Dee mam Anne-Marie Zemmer
    Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen).
    Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie-Marketing-Team an dem Kaweechelchen Roger ginn et och nach stëbseg Macarons, e verhënnert Date mam Marteria an eng Aladin-Glitzer-Aura zu Wien.
    55 min
  • #105 Dee mat de Lëtzebuerger Avengers
    Surprise, surprise! Paakt den Didgeridoo aus a steiert – wann och en Dag ze spéit – mat ärem léifste fraefeindleche Podcast an eng Episod voller Concertsdrama, Miniatur-Hoerstylisten a provokant Leit mat Gitaren. Niewt Festival-Fantasien, Arctic Monkeys Lyrics an engem däregen Dossier aus dem Supermarché, hunn är Buh-Leit och nach d'Star-Performance vum nächsten ESC parat. An de Kategorien "random stuff to die from", "Nazis" an "Pride Month" ginn et genee esou Updates ewéi zu den Themen "And Just Like That", "ZLS" an "nei Marketingstrategien fir d'Barbie".
    1 hr 21 min
  • #104 Dee mam Medusa
    De Lord Voldemort, den Dieter from East Berlin an e Yorkshire Terrier setzen an der Stuff...
    Pünktlëch zum Pride Month geet äre Pick-Me-Girls hieren Dram an Erfëllung: si ginn opgedragt. Keen aneren ewéi d'Medusa Venom herself suergt fir d'Renaissance vu Paus.! Et gëtt net nëmmen gepäscht, gemoolt a gepuddert, mee o nach iwwer Furunkel, Spotify Verwirrungen a Pride-Preparatiounen geschwat. Natierlech geet et och ëm Drag Queen Favoriten, d'Amerika-Problematik a Geschlechtsidentitéiten. Superstars an der Entzugsklinik, dm-Empfehlungen an eng nei Ausrüstung sinn och mat um Start. Ganz nom Motto "Auge zu und durch" gehéieren yours truly no dëser Konfrontatiounstherapie offiziell zur glamouréiser Venom-Dynastie! Happy Pride!
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    1 hr 29 min
  • #103 Dee mat der City Concorde
    Sehen und gesehen werden oder awer Rapp a Klapp? An der Concorde gëtt et näischt, wat et net gëtt!
    D'Jill ass leider verhënnert, mee et ass fir kompetenten Ersatz gesuergt, deen zwar keng Anung huet, mee dofir awer de Yannick komplett an d'Verzweiwlung dreift: Live aus dem Lëtzebuerger Lifestyle-Center beobacht äre neie Power-Duo gutt coifféiert Leit, Dammen en parme, Yoga-Mammen a Best-Ager. Si hunn en Häerz fir Solden a beschäftege sech mat onhéifleche Männer a wäisse Boxen.
    De "je ne sais quoi" vun dëser "OG-Place" verféiert net nëmmen zu Bartrenger Gossip a Gespréicher iwwer Lieblingsbutteker, mee och zu méi serieuxen Themen ewéi der "Causa Lindemann". Tëscht Tigermécken am Kaftan a kriminelle Machenschaften an der Parfumerie kommen awer och d'Gentrifizéierung duerch Bowls, wichteg Bréidercherstipps an d'Mëtschen-Debatt zur Sprooch.
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    1 hr 2 min
  • #102 Dee mam Kand… a mam Dribble d'Or… a mam Pride Month
    Zur Feier des Tages gëtt et eng Folge, déi bal esou laang dauert, ewéi eng "Wetten Dass"-Episod. An et ass e ganz besonnesche Gaascht dobäi, dee sech selwer an de Podcast harceléiert huet. Är humble Queens këmmere sech em folgend Punkten vun der Queer Agenda: de Rainbow Center, Gay Hot Spots, Struggles vun heterosexuelle Männer, diskriminéierend Kleeder, d'Thomas Mann Pride an eng detailléiert Eurovisiouns-Analys.
    Wiem säin Handy e neit Liewen zu St. Denis ugefaangen huet, wisou een zu Manchester heiansdo vläicht "Nice shrimp!" héiert a wou de Run(a)way vu Lëtzebuerg ass – all dat gitt dir haut gewuer. D'Nonna Pina, de Goethe als Ballermann-Hit an utopesch Epiphanien sinn och mat vun der Partie, an et geet em Themen ewéi Ageism, Musik-Ikonen, Geminis an d'A-Sektioun. Och d'national Museksszeen, dat Bescht a Schlëmmst vum Schoulsport a lëtzebuergesch Trash-TV-Dreem ginn diskutéiert.
    Wee sinn "os gays"? Wee sinn eis Sugababes? A wee kéint d'Land bei der Eurovisioun vertrieden?
    Tëscht CSV an ESC ass awer och nach Zäit fir Fussball-Gossip an onangeneem Froen vum "Dribble d'Or" souwéi engem Jubiläums-Kaddo vun den "Happy Hippos".
    Happy Pride!
    2 hr 34 min
  • #101 Dee mam satanistesche Ritual an der Zoufftger Strooss (a mam Toni-Winner)
    Op der haiteger Table Ronde sëtzen ënner anerem den Disney-Loïc, d'Frëndin Lizzy an e bauchdanzende Bräutigam an esouwuel déi schlëmmst ewéi och déi bescht Buschauffeuren. Är lieblings Texas Girls sinn mat engem bloen Aen dovukomm (zumindest zu 50%) a beschäftegen sech dës Kéier iwwerraschend vill mat Diskriminéierung am Sport. Et gëtt och e Paradigmenwechsel am Beräich vun der Aarbechtsmoral (net nëmmen bei tennisspiller.lu) an d'Iwwerdenken vun der Kréinung an England gefuerdert. Haut gi Schaben, Kakerlaken an drogendealend Psychoanalytiker beschwat, et geet em Chanel aus dem Zeemann an "Urban Legend"-Updates. Mat am Mix sinn och schwéier englesch Wierder, d'Opléisung vum "Chez Toni"-Gewënnspill an eng Girlband an der Maison Médicale.
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
    1 hr 34 min
  • #100 Dee Mat Der Nonna Cristina
    Et ass déi 100. Episod… an déi muss gefeiert ginn: Bei der Schëfflenger Pizzeria-Legend "Chez Toni" gëtt et "Pizza, Pasta und Amore" fir äre Lieblingspodcast. Firwat flitt d'Jill bal aus dem Restaurant? Ass de Yannick deemnächst d'nei Damm vum Haus? A wéi oft kann ee "scusi" an enger Folg soen?
    Schmiert iech eng Bruschätta, huelt d'Paschtaschutta oder d'Gnotschi eraus a maacht iech en Expresso – well mir gi nach laang net heem!
    Tëscht Pilgerfahrten bei de Jeannot, Meet and Greets mat der legendärer Nonna an dem Pitchen vu neie Geschäftsiddien gëtt d'Frëndschaft emol nees op d'Prouf gestallt – onangeneem Kaddoen a verlugenen Drama am "Atelier" inklusive.
    Maacht iech prett fir Pizza mat schéine Männer, eng Mailand-Analys an d'Oprah, wat Cappelletti ausdeelt. Déi längst italieenesch-lëtzebuergesch Debatt vun allen Zäiten gëtt gekläert an et erwaart iech e "Gossip-Schäiss", fir deen eventuell e Geriichtsprozess an d'Haus steet.
    Che Confusione!
    1 hr 19 min
  • #99 Dee mam Stalking um Lampertsbierg
    Et ass eriwwer mat der Vakanz! Paakt de Selbstbräuner aus a maacht iech prett fir besonnesch vill Shoutouts, Froen an d'donkel Säit vun TikTok. Weieng Stars just Aen fir eis haten, wat mir maachen, wann de Pedro Pascal bei der Uebstthéik am Cactus waart an weie Rapper eis perséinlech enttäuscht huet – all dat gëtt et just haut bei äre léifsten Egozentriker*innen. D' Quoten-Gays stinn op der Wallëscht an et gëtt Ouschterzodi fir Erwuessener, d'2000er kréien hiren Zauber ewechgeholl a mir streeën eng Grëtz Italo-Hits mat an de Mix. D'Leia, d'Pink Ladies an d'Celeste si lass, an d'Doris an d'Karin leien am Keller. Tëscht Make-Up-Verblendung an engem belämmerten Dalai geet et erstaunlech analytesch em d'Barbie an em Verschwörungstheorien zu musikaleschen Hometown-Heroes.
    1 hr 19 min
  • #98 Dee mam EchEchEch
    "Firwat si mir sou domm?" – déi Fro kann ee sech haut ganz dacks stellen: Et gëtt Chaos, Verwirrung an Anungslosegkeet tëscht Parteien, Pappen an Age-Shaming. D'Lizzo, d'Liza an d'Lana si mat dobäi an awer och dem Judy Garland säi gréisste Rockhit. An enger Episod mat Häerz, Blutt an dem séisse Glitzerbuch vun der Wourecht geet et ëm den 1. Abrëll an de 6. No Angel. Sidd dir prett fir de vläicht längsten an delicatesten däregen Dossier, presentéiert vun absoluter Inkompetenz? Äre paradoxe Politpodcast këmmert sech em eng schrecklech Persoun, déi viru Geriicht steet, zwee schéi Mënschen, déi knuutschen, an dem John Ritter sengem Bouf seng Fra. Mir halen K-Pop auserneen, beschwätzen ofgeleenten Invitatiounen an de Yannick bowlt Kanner ewech.
    1 hr 28 min
  • #97 Dee mam grousse Backstreet Boys-Sträit
    It's award season! Mir sinn Oscar... an um highway to the judgement zone: Haut ginn et schounungslos Analysen vu Bezéihungsmuster um Influencerinne-Beispill, e wëssenschaftlechen Kardashian-Bieber-Exkurs an e groundbreaking Hochzäitsknigge. Maacht iech prett fir eng besonnesch rau Episod (zumindest stëmmlech) mat enger Buergermëeschtësch, déi vläicht geschwënn enttrount gëtt a kriminellem Tubakhandel hannert der Grenz. Ee vun eis verteidegt granzeg al Männer an deen aneren huet e grousse Wonsch (Mell dech, Vicky Krieps!!). Mir rullen de rouden Teppech aus fir passiv-aggressiv "Pick Me Girls", gestressten Awards an eis Mammen. Tëscht engem onrouege Publikum a bewaffnete Kanner bei "Hooters" stelle mir oscarräif Froen ewéi: Ass de "Gotham" de perfekte Gay Club? Ass Diddeleng amfong Frankräich? A geet Krich wierklech ëmmer?
    1 hr 16 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners