Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #116 De mam Flaggalaggadingdong
    Haut ass dem Yannick seng Sendung! Ënnert dem Motto "en attendant Madonna" bidde mir Paroli a gehaben eis wohl. Et geet et ëm süß Leit, de "Club Med" an enger klenger Këscht a "We are Sven". Mir si mam Péckvillchen um Fliger a liwweren alles ënnert dem Rimm – vum Filmpräis bis zu rockende Brëscht. D' Viergestirn vun 1958 ass genee esou mat dobäi ewéi e gay feverdream (ouni Stëmmung) an italieenesch Prinzessinnen (mat Steng). Kebab a keng Mamm. Zerrissen, aber doch elegant. Wieso nicht?
    1 hr 43 min
  • #115 Dee mat der Sisi-Schéisserei
    Mir stellen eis haut (net) a Fro an zerwéiere kulinaresch Geheimtipps fir Leit mat ze vill Suen! Kommt mat an d'Gay Matrix an op eng Afterparty, déi anescht war, wéi erhofft. D'Marion vun der Croisière ass mat dobäi, genee esou ewéi en trauregen Abschied vun engem Kolleeg, simuléierend Hënn a schottesch Junkien. Et geet ausserdeem em ugepisste Payconiq-Leit (not sponsored), CSI Köln-Ehrenfeld an de Mojo Dojo Casa Justin. En plus fanboyen a kräische mir an der Kichen, well et ass nees Zäit fir e bëssen Eurovisioun!
    1 hr 19 min
  • #114 Dee mam Nicool (A MAT DER VILLA VAUBAN)
    Happy Mantelsonnden, Lëtzebuerg! Äre Geschwësterduo huet op dësem héije Feierdag eng relativ vulgär a streidereg Episod fir iech. Et geet virun allem em topeg Leit, déi een an de Wansinn dreiwen – ob am Musée oder bei de Walen. Mat dobäi sinn och e Boxemännchen an de Merlin an d'Vivianne. Et geet haut ëm e Concert zu New York um Flughafen, Backstage Vibes vum Nicool sengem Release a Sträit iwwert e Buttek. Wichteg Themen ewéi d'Christina Aguilera-Diagnos, den Adonis a säin iPad an eisen Zapfenstreich si natierlech o nach mat dobäi. Schönen Gruß, auf Wiederseh'n!
    1 hr 6 min
  • #113 Dee Mam Exorzismus Am Kinossall
    Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Place(s) to be vum nächste Weekend a Geheimnisser vun der Staat Wien. D'Vir- a Nodeeler vum pittoresk-provënzielle Lëtzebuerg ginn analyséiert, Surfschoulen opgemaach a Mécken aus dem Béier gefëscht. Et gi vill Froe gestallt a souguer e puer dovu beäntwert: Wee verléisst d'Land, wann d'ADR gewielt gëtt? Ween ass de Feierstëppler vum lëtzebuergesche Rap?A wisou synchroniséiert den Howard Carpendale en Horrorfilm?
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    1 hr 36 min
  • #112 Dee mam Atelier sengen 2000er
    Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg.
    Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et  geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!
    59 min
  • #111 Dee mam velho Ronaldo MacDonaldu
    RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos.
    Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f")​, well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat iech op Lourdes (oder an d'Cinemathéik) a mutéieren zum "Automag". Ass dëse Podcast den "Eck plus ultra"? Warscheinlech net. Mee ee vun eis ass den Al Bundy an deen aaneren ass "wäiss mat e bësse Spice". Who's that girl? It's "Paus.". Dofir kläre mir och Froen, déi änlech philosophesch si wéi d'"Hung oder Ee"-Debatt: Wéi ass et, am Téi ze trëppelen? Wou war de Noutausgang am "Wham"? A wien applaudéiert, wann een an der Dusch friemgeet?
    ech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    1 hr 18 min
  • #110 Dee Mam Milka - Schokoland
    Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer!
    Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt.
    Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek.
    Wou kritt ee Flammkuchen mat Nieren? Wei éng nei Spuerkeess-Interna ginn et ze zielen? A wat der Däiwel ass e Beréng?
    1 hr 21 min
  • #109 Dee mat der Spuerkeesschallenge
    Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg.
    Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd kafen a Verschwörungstheorien zum Walt Disney.
    Huet de Mark d'Apenhoenhoer erfonnt? Gehéiere Sardinnen op d'Pizza? A wat huet Lëtzebuerg zum Thema Seezeit-Lodge ze soen? All dat gëtt am groussen Vakanze-Special live vum Gehaansbierg aus dem Piemont gekläert.
    De gudden an de béise Kéis, Mëller aus Hollywood a Rechtschreiwungsstruggles vun de 90's Kids hunn et och mat an dës Folg gepackt, eben esou wéi d'Sandriné, d'Kunigunde an d'Tamandoline. Arrivederci amici!
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
    1 hr 14 min
  • #108 Dee mat den Äppel an der Seezeitlodge
    Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A wat ass en "Dëppegay"? Maacht iech et bequeem mat falsche Lëtzebuerger Wierder, faszinéierenden Geo-Fakten a royaler Romantik!
    1 hr 7 min
  • #107 Dee mat de 4 Joer
    Hi Barbie! Haut viru 4 Joer koum déi éischt Folg "Paus." eraus an dofir schwätzt äre favorite Philosophie-Duo an enger Spezialepisod iwwer alles anescht ewéi de Podcast: Backstorys, Tampons an den Zänn, kleng Schnittercher an der Villa Vauban a kee Bock méi op d'Christentum. De Götte, d'Annette Frier an d'Taylor Jenkins-Menkins sinn och mat dobäi. D'Spice Girls si verluer gaangen, genee esou ewéi dem Esmeralda seng Schellen. Mee dofir hunn d'Big CC aus der DJ Szeen an d'Spelling Bee Marie Clement hire groussen Optrëtt. Ass et Sendung mat engem schmalzege Ken a mat Laachen op den denkbar schlechtste Plazen? Gëtt et eng Frëndschaftsprouw an akustescher Form? Peut-être.
    1 hr 22 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners