Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #96 Dee mam Masseur
    Eng Folge direkt vun der Brëtsch: Mir mellen eis vun der entspaantster Plaz op der Welt – Zolwer. Hei gëtt net gekëddelt, mee an de Nirvana gedréckt, well "De Masseur" a seng Clique fonnt hunn, dass mir ze gestresst sinn. Tëscht fettegen Hoer an Thonsbréidercher ginn et genial Geschäftsiddien, Changementer vum Numm (Stéchwuert "Maanos" – oder awer "Manooze") an alles ausser Coiffeursgespréicher. Ob waarmen Ueleg, bitzend Bomen oder Clubvibes ouni Hoer… hei gëtt et nees alles, wat wichteg ass – haut an der extra onkonzentréierter Versioun. Sidd dobäi bei "Die Leiden des jungen Yannick" an "Die Geissens – Das Musical", Konschtproffen mat der Gittar am Ouer an enger gudder Portioun Hënnermassagen. Et gëtt Tango um Réck gedanzt an d'Meghan an den Harry sinn zu Diddeleng ënnerwee. D'Generatioun Sitcom presentéiert iech Zocker am Ouerläppchen a Neies aus "Sabines Tantrastübchen". Ommmmm!
    Als Nolauschter*innen vu Paus. kritt dir bis den 31.07.2023 10% op ärem nächste Besuch beim Masseur. Méi Informatiounen fannt dir op eiser Instagram-Säit an an dësem Episod.
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    59 min
  • #95 Dee mam Uelzechtkanal
    Have your heard(ed)? De beschte Fernsehsender aus dem Land war op Besuch an huet ärem Lieblingspodcast iwwer d'Schëller gekuckt! D'Venus an d'Serena vum Uelzechtkanal suergen fir Entertainment an Intellekt, d'Tagesschau-Prinzessin an de neie Besëtzer vun Dubai schwätzen iwwer Lëtzebuerger Leitkultur. Sécher keng Dëppefest Vibes, mee dofir sinn awer affrontéiert Banken, Nippelgate an d'Podcast-Pensioun en Thema.
    47 min
  • #94 Dee mam Vältesdag
    Um Dag vun der Léift gëtt et eng Iwwerraschungsdosis Podcastléift (inklusive neier Coverfoto) mat enger Liebeserklärung un d'Britney, Drag-Doppelgänger an engem Hochzäitslidd vum Tony Parker. An der grousser Amnesie-Episod räisse mir no an no d'Weltherrschaft un eis, ginn iech e Best Of Lovesongs an Drama an der Kanalstrooss. D'Susi vun "Herzblatt" zerwéiert iech Häerzklappen mat engem Soupçon Malaria, RomComs iwwer Crème, Männer, déi Raten iessen a Crushes am Keller. D'Olga Durée, de Foto-Ninja héchstperséinlech an deen een oder aneren Touch Heroin sinn och mat vun der Partie. Paus is in the air!
    Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
    Nach méi Paus. fannt dir op:
    - Instagram: bit.ly/3RVs4np
    - Facebook: bit.ly/3RVshab
    Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
    Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt
    (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
    Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
    1 hr 17 min
  • #93 Dee mat der Hex beim Gassigoen
    Dank technesche Probleemer bal eng Woch méi spéit... mee trotzdeem gëtt et nees Spaass fir d'ganz Famill, léif GenossInnen. Mat der schéinster Heterostëmm geet et haut em Chipsen un der Léngt, d'Currywurst 90210 a vegane VIP-Feeling zu Berlin. Eventuell ass och den Här Mendes zeréck a mir hu Filmer ouni Gebrauchsanweisung dobäi. Niewt neien Dubai-Skandaler a (geplatztenen) Sponsordreem spille mir "Loup Garou" mat de Real Housewives an et geet onverhältnesméisseg vill em Capes. Excuse our wokeness!
    1 hr 16 min
  • #92 Dee mat de Silvester-Nazien
    Ënnert dem Motto "zimmlech sexistesch mee cool" gëtt et haut eng XXL-Episod mat maximaler Triggerwarnung. Et kann ee vill falsch maachen – virun allem als Mann. Mir entféieren iech an d'Roud Millen, analyséieren d'Golden Globes a froen eis, wéi e richtege Christian ausgesäit. Passt op, wat dir manifestéiert, wëll soss mutéiert Lëtzebuerg op eemol zur Buenos Aires. Wéi ass den Dresscode an der Duerfdisco? Dierf een säi Geliebten käppen, wann een erausfënnt, dass en eng Fra a Kanner huet? Ass Skinhead en Draamjob? A wat eigentlech ass en Aldringen? Är personifizéiert Red Flags klären op (oder och net) a schécken iech e Bonjour aus Ironistan.
    1 hr 17 min
  • #91 Dee mam 2022-ABC
    2022 geet op en Enn… mee don't worry, darlings: Bei eis kritt dir e Réckbléck vun allem, wat wichteg ass. Mat dobäi ass d'Famill de Sousa, de Flocke mam Moët, eng TikTok-Curatrice an eng guest appearance vum ale Yannick.
    Mir streeë Salz iwwer dëst Joer an hunn d'Virsätz, mat méi Blummeprints an d'neit Joer ze starten an d'Krichsproblematik ze léisen. Äre Liblings-Duo zielt iech, wéi d'Stären 2023 stinn (Spoiler: gutt fir jiddereen ausser de Kriibs) a liwwert endlech och d'ominéis Plumartsgeschicht.
    Hei ginn et keng Manéieren, mee dofir vill Gestreids – also genee dat, wat dir no de Chrëschtdeeg braucht. Plus: Alternativen zu "Emily in Paris", Yutz, de Lewis Capaldi, Medikamenter an e Plagiats-Drama.
    ++ Dës Episod gouf virum Andrew Tate-Gate an dem Doud vum Pele, vum Vivienne Westwood, vum Barbara Walters a vum Ratze opgeholl. ++
    1 hr 34 min
  • #90 Dee mam Promifeeling am Spidol
    Merry Crisis! Wann dir es haut scho genuch hutt mat der Feierdagsbesinnlëchkeet, sidd dir hei genee richteg. An ärem Lieblingspodcast ginn et ausserierdesch Pappen, eng rëffeg-schéin Libesgeschicht a Fremdscham als Persoun. D'Top-Themen um 25. Dezember sinn Kannibalismus, d'lëtzebuergescht Meghan Markle an dem Jesus seng Affär mam Da Vinci. Bei eis ass qualitativ Berichterstattung garantéiert ewéi Schnéi am Qatar. Sidd dir prett fir Frühstücksraclette? Sollt Dikrech sech schummen? An ass de Jesus wierklech deen eenzegen, deen eis nach all rette kann? Dat si froen, déi dir iech all emol selwer stelle sollt.
    50 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners