Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #70 Dee mam Klappen zu Capri
    Haut gëtt et eng Episod voller Froen: Wat ass de Code de la Posch? Wat maache Punks beim Louis Vuitton? A firwat ass de Yannick en Hond?
    Mir zerwéieren iech d'Macht der Magie, Baccarat Rouge fir d'Vollek a Mormonen. Dotëscht nach e bësse Rapp a Klapp viru Geriicht, de Sales-Lentz, deen Teenie-Dreem ruinéiert, elle Männer a Speck am Internet.
    1 hr 13 min
  • #69 Dee mam chrëschtleche Féiwerdram
    Um Ouschtersonndeg ersti mir fir iech op a brénge Coachella-Vibes, Bärlauch-Petzien a skandinavesch Verwirrungen. Mir hunn den Ende, de Ronni an d'Kitty fir iech verstoppt a schenken iech Visa-Probleemer, e Fussballerdrama an en TikTok-Trend aus den 2000er. Mat am Ouschternascht sinn haut och medial Kontroversen an natierlech de Jesus himself.
    1 hr 18 min
  • #68 Dee mam Flipper
    Um Bretzelsonnden schéngt d'Sonn an d'gëlle Klacken lauden... Leent iech zeréck a genéisst "The Sound of David", "Jenny and Marc in Love" an "The Thing about Bridget Jones". Mir liwweren iech e gudde Grond fir op Lamadeleine, reesen zeréck an der Zäit a philosophéieren iwwer Bao-Buns. Och d'Minions, d'Medizinnerkartell an Moudecomebacks aus der Hell si mat dobäi. Dir wëllt är Arachnophobia e bëssen triggeren oder d'Bretzel-Gesetzeslag kenneléieren? Da sidd dir hei richteg.
    1 hr 3 min
  • #67 Dee mat den Ankahdjahmz
    ++ Trotz den aktuellen Ereegnisser hu mir eis dozou decidéiert, weiderhin Episoden opzehuelen, well fir eis Oflenkung eng gutt Aart a Weis ass, mat deem ëmzegoen, wat grad alles an der Welt geschitt. Falls iech also net no dommem Gebraddels ass, ignoréiert eis einfach.++
    Gréissewahnsinneg Männer ruinéieren d'Welt an alles geet d'Baach an. Nieft Gedanken zur aktueller Situatioun am Zesummenhang mat Social Media widmen sech d'Trommelginette an d'Marketingopfer Nummer Eent och méi liichten Themen: ënner anerem geet et em e wichtegt Jubiläum, Drama zu Munneref an linguistesch Filmprobleemer. Wéi funky ass et am "Bram" um éischte Stack? Wéi wéineg Anung muss een hunn, fir beim Frühstücksfernsehen dierfen ze schaffen? A wat ass eigentlech "Mauerbauertraurigkeit"?
    1 hr 11 min
  • #66 Dee mat de groe Wolleken um Lëtzebuerger Podcasthimmel
    Wake me up before you gay gay! Är Neandertaler mat Mikro si koffeinéiert and ready to investigate. D'Däumeline, de Lippi, e puer personal favorites an dem Vicky Krieps seng Schwëster sinn haut mat am Boot. Mir raumen mat de wëllste Gerüchter op: Wunnt de Yannick eigentlech zu Versailles? Gëtt et Drama am nationale Podcast-Game? A grënnt Paus. vläicht deemnächst seng eege Werbeagence? Huelt d'Ringlight eraus a maacht iech prett fir eng phallus-lasteg Episod mat deem eng oder anere psychoanalytesche Chantier!
    1 hr 4 min
  • #65 Dee mam Tutu op der Q8
    New Year, New Paus: D'Enfant Terrible aus der Lëtzebuerger Podcastszeen ass nees do an huet e Makeover am Gepäck!
    Mat dobäi hu mir eng Panoplie vu wichtege Leit – ënner anerem den Heinz, de Max Concorde, d'Heidi a seng Boys, d'Fabienne, dee mam Brëll, den Dino an de Mr. Curtain Bangs. Maacht iech prett fir Logo-Mobbing, Bartreng-Mysteries a genetesche Corona.
    D'wichteg Froen vun der Woch sinn ënner anerem: Weie Mann bréngt de Yannick zum Kräischen? Wéi géing "Paus -The Movie" ausgesinn? An huet eis Generatioun herno Doudesannoncen-Selfies?
    1 hr 9 min
  • #64 Dee mam Joresréckbléck 2021
    D'Joer ass gelaf, Omicron huet d'Welt am Greff an d'Influencer si nach ëmmer zu Dubai. De Luke ass nees do, d'Emily nervt zu Paräis an de Yannick ass de Peter Kloeppel. Et huet kee behaapt, et géing schéi ginn! Mir liwweren iech e Potpourri of "tone deaf" an e puer perséinlech Favoritten. En plus ginn et Netflix-Tipps fir Silvester an Neijoerschdag en extra Best Of als Kiischt um Kuch vum Wansinn, deen d'Joer 2021 war. De Schluss ass och nach emol extra a schlechter Tounqualitéit opgeholl. Bleift doheem a passt op iech op – mir gesinn eis 2022!
    1 hr 6 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners