Spinneminneminne a schnipp schnapp: Hei ass déi läscht Käerz um Paus.-Adventskranzkalennerkuch!
Méi besënnlech ass bal net méi méiglech, well den Timm Thaler an den zertifiéierte Wuertwitzexpert dreiwen hiert festlecht Onwiesen: Et gi Pëllen ausgedeelt a Fraen beim Fënsterbotzen aggresséiert. Ginn et bei de Judden Memberskaarten? Wäert d'Joffer Jill jeemools eng Entschëllegung kréien? Eis véiert Adventsgäscht loossen als Trickbetrüger aus der nationaler Podcastszeen zwar vill Froen oppen, mee beäntweren awer soss alles, wat iech nach ënnert de Feierdeegsneel brennt.
Fir den drëtten Advent gëtt et (méi oder manner) musikalesch bei Paus. Dës Kéier wënsche mir eis e weibleche Mr. Sheffield, de Yannick erfëllt sech säin Turner-Dram an ee vun eis huet aktuell Laachverbuet. Mat dobäi sinn och Prinzessinnen, Kinniginnen an Geschichten aus der Urgence.
++ Spoilerwarnung: Wann dir näischt zu "And Just Like That" wëllt gewuer ginn, iwwersprangt d'Minutten 12:39 bis 27:20 ++
42 min
About Paus.
From the publisher's feed
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
Nach méi Paus. fannt dir op:
- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np
- Facebook: https://bit.ly/3RVshab
Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)