Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #63 Dee mam 1. Advent
    Es weihnachtet sehr – och wann emol nach net Dezember ass.
    Dëst Joer gëtt et zwar kee legendäre Merch, mee awer trotzdeem Kaddoen (iwwregens komplett vegan)...
    Huelt de Spekulatius eraus a feiert mat eis de Kick-Off vun der Chrëschtzäit! Traditionell am Christmas spirit geet et NATIERLECH em dem de Konjunktiv, Kino-Drama an eis däitsch Alter Egos. Déi éischt Käerz um Paus.-Adventskranz fänken Special Guests un, déi net nëmmen kleng Mutzen an engelsgläich Stëmmen hunn, mee och eng Virléift fir e ganz bestëmmtent Chrëschtlidd.
    34 min
  • #62 Dee mam Kontrollverloscht
    Chaos! Aggressioun! Extra vill Anglizismen!
    Ier et chrëschtdaglech-besënnlech gëtt, ass elo de Moment, fir eng Kéier de Punkt op den i ze setzen.
    No engem Prolog vun Album-Rezensiounen féieren är Conducteuren vum Struggle-Bus 2021 iech duerch alles, wat de Bluttdrock an d Luut dreift: neie Corona-Wansinn, den Jake Gyllenhaal, d Joer 2007, Ënnerwäsch an der Afaart, de Contrôle Technique a Leit, déi mat iech am Lycée waren.
    Säit wéini iesse mir beim Ophuelen? Mécht d Adele geschwënn hollänneschen Techno? Ass Tripper eng Stilfigur? An hu mir all soss keng Péng?All dat gëtt et an enger neier Episod vu Paus.
    1 hr 6 min
  • #61 Dee mam Crime Podcast
    Ze spéit fir Halloween, mee nach ze fréi fir Chrëschtdag… dofir gëtt Paus. haut kuerzerhand zum Prime Time Crime Podcast! Move over, "Zeit Verbrechen", well de Sherlock Yåkz an d'Jīll Marple beschäftege sech mat engem glamouréis-mysteriéise Mordfall op Marbersbuedem. Ass een automatesch schëlleg, wann een en Jeanshierm an e wäisse Rollcoll unhuet? Misst ee fir schlecht Wuertwitzer an de Prisong a wa jo, ween géing da mam Yannick weidermoderéieren? A wat der Däiwel huet de Stevie Wonder an dëser Episod verluer? Taucht mat of a ganz elitär Kreesser voller dramatesch Virnimm, exotesch Hausdéieren a Next Level Ghosting.
    1 hr 17 min
  • #60 Dee mat de Blogger Awards
    Ganz nom Motto "Alle Enden haben zwei Würste" schléisse mir d'Paus.-Summertour mat enger kuerzer knackeger "on the road"-Folge of: D'Bibi an Tina aus dem Podcast-Game huelen iech mat an den Hotel Royal op d'Blogger Awards! Virdrun gëtt et e klengen Update mat Peffermënztéi (oder Kamill?), feuilletonräifer Theaterkritik an enger Luxair journey. Sëtzt ee plakeg op engem Päerd? Spréngt een aus der Fënster? Hei gitt dir et gewuer! Loosst iech Momenter am Kapp am Auto zerwéieren a gönnt iech the real tea aus der Lëtzebuerger Bloggerszeen.
    36 min
  • #59 Dee mat der Nuit des musées
    Fir déi 20. Nuit des Musées huet de City Museum eis op d'Leit lassgelooss – an hei ass de Best of vum Podcast-Marathon aus eiser neier Stuff!
    Um Sëlwertablett ginn et international, sympathesch an engagéiert Gäscht, déi deelweis schonn en Hallefmarathon hannert sech haten, ier si mat eis iwwer hier Highlights vum Owend a vun der nächster Zäit geschwat hunn.
    Wou, wann net hei, geet et an enger eenzeger Sendung ëm musikalesch Planzen, Saachbeschiedegung a Louis Vuitton? A schounungslos investigativer Manéier hu mir Essentielles diskutéiert, ewéi zum Beispill: Ass Lëtzebuerg amfong Bielefeld? Kann e Musée sexy sinn? Dierf een alles upaken? A wou ass eigentlech d'"Gëlle Fro"?
    Tatsächlech gouf dat Eent oder Anert awer och méi seriö beschwat an et si Fënsteren zur Konscht- a Muséeswelt opgemaach ginn. Maacht iech prett fir e perfekte Mix aus Geschicht, Glamour a Chemtrails mat Paus. aus der #MuseTechLounge!
    1 hr 25 min
  • #58 Dee mam Mil
    Einen haben wir noch... live aus de Rotonden a featuring Cargolux, Luxair an Qatar Airways. Wir haben vom Feeling her ein gutes Gefühl, well haut ginn et Indian Summer vibes mam Hans Dampf in allen Gassen: dem Mil!
    Et gi geplatzte Bommen aus der Lëtzebuerger Musiksszeen, eng Grëtz Aggressioun a villes, wat am Fussball schief leeft.
    Och d'Stars a Stärercher kommen nees net ze kuerz: Wat hunn de Maale Gars an d'Beyoncé gemeinsam? Wat hu Slipknot mam Verschwannen vum Yannick sengem Handy ze dinn? A wee vun eis huet engem Promi säi Rank verluer?
    Dir wëllt professionell Social Media Analysen, en Ausfluch an d' Stater Nuetsliewen a Kölner Kebab? A lass sot déi Al! Huelt iech e Steak de cheval, ditt d'Zara-Jackett un a maacht déi (elo awer wierklech) lescht Summerpaus mat eis.
    #merciPaulette
    1 hr 24 min
  • #57 Dee mam Mina
    Are we the drama? Is it us? Ënner Zäitdrock hunn är Stressicas haut e pitch(er) perfect Gespréich mat kengem aneren ewéi dem Dr. Dr. Mina Lebowitz – the voice of her generation. Wéi lauschtert ee Paus. richteg? Stierwen Podcasts elo aus? Ass d'Nicki Minaj amfong vu Lëtzebuerg? Virun enger legendär-rockeger Kuliss ginn et Impfgéigner-Tipps, moudesch Generatiounskonflikter a vegan Geforen. Mat dobäi sinn och hallef Affekoten a ganz Bildungs-fails, OBVIOUSLY deen een oder aneren Anglizismus esou wéi dat Bescht an dat Schlëmmst vun de Generatiounen Y an Z.
    1 hr 2 min
  • #56 Dee mam Schumacher-Knepper
    Zu Vino sagen wir nie "no"... an dofir si mir on tour op der Musel! Bei eise Kolleege vu Schumacher-Knepper gëtt et Hollywoodglamour mam Marty McFly an der Prinzessin Leia. Wéi et dëst Joer mat de Wënzerfester ausgesäit, weie Promiwäin sech just als Esseg fir d'Zalot eenegt a wéi engem VIP-Wënzer ee wierklech traue kann – hei gitt dir ët gewuer. Dir kennt "AOC" nëmmen aus dem US-Kongress a "SolidAHRität" ass iech kee Begrëff? We've got you! Ass Crémant besser ewéi Schampes? Staamt de Yannick aus enger Wënzer-Dynastie? Wéi eng Edel-Tropfen sinn "Pittscholi" an "Fernsehwäin"? A wäert d'Jill jeemools de richtege Wäisswäin kafen? Froen iwwer froen, an deelweis esouguer Äntwerten drop – haut bei Paus.! #PinotGrisgeetëmmer
    57 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners