Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #55 Dee mam Summerupdate
    Summer-Paus. ass fir déi aner – hei gëtt et e klenge Special zu allem, wat an der (méi oder manner) waarmer Joreszäit (méi oder manner) wichteg war. Niewebäi gëtt och nach mat engem gudden Téi op 2 Joer Podcast ugestouss. #humble #blessed
    Tëschent pedagogesche Korypheen a Metal of the Unicorns ginn et net just déi hottest Summertipps, animalesch Interluden an Hip(po) Kanner, mee och alles Wichteges zum Thema Olympia (vun a mat de Sportexperten äres Vertrauens).
    An och dës Kéier gëtt net viru grousse Froen zeréckgezéckt: Ween ass déi neisten Voice of Luxembourg? Mat wéi engem Fussballclub war d'Jill an der Vakanz? A ween ass eigentlech den Amnai Chamalan?
    1 hr 14 min
  • #53 Dee mam sportleche Pride Month
    "I just think that sports are stupid.", fir et mam Amy Schumer ze soen... De Béla Réthy an de Marcel Reif vun der Podcast-Szeen analyséieren haut fir iech d'Konzept Fussball, gymnastesch Fashion-Highlights an NFL-Stippis. Mat dobäi sinn och Ungarn an Däitschland, en expressiven Nacho, Pixar-Waasserkreaturen an d'Chipmunks. Et geet zwar net ëm Abseits oder Foul, dofir awer em essentiell Froen: Wéie Rapper ass warscheinlech faarweblann? Wat ass en "Apple Gender"? A firwat huet Fussball eis Perséinlechkeet zerstéiert?
    51 min
  • #52 Dee mam Queer Coding
    Och dës Kéier gëtt et eng five hundred twenty five thousand six hundred minutes laang Folge zu Éieren vum Breitmann! Nom Motto "esouwäit ech mech ieren..." gëtt den Themen Linguistik, Filmwëssenschaft an Soziologie op den Zant gefillt. Ob Erzéiung mat Telefonsbicher, d'Entwëcklerin vun der Triggerwarnung oder och de Romain als Gucci-Designer – äre Bildungspodcast geet nees dohin, wou et wéideet. Mat um Dill sinn Powerfraen a Superhelden, Pride-Botter, de Bildungsministère, Reebou-Lanzen an eisenhalteg Vampirjägerinnen.
    1 hr 30 min
  • #51 Dee mam Gender
    Är Lieblings-Castaways presentéieren iech haut den offiziellen Apero zum Pride Month. De Yannick offenbart, firwat d'Gemeng schold u senger sexueller Orientéierung ass and d'Jill ass insgesamt aggressiv. Ob LNS oder ZLS, 80er Filmclassics oder Instrumenter*innen (Witz in honor of Thomas Gottschalk) – den Gendergap vun de Podcasts deckt nees knallhaart Wourëchten op. Trotzdeem bleift nach Zäit fir nei Verschwörungstheorien zu Germany's Next Topmodel a Leit ouni Stréckelen. Maacht iech prett fir en héichintellektuellt Gespréich iwwer Geschlechter, Genderen an d'Danielle-Marianne-Georgette. Hei ginn déi Froe gestallt, déi wéidinn: Ass en Hetero Pride Month laang iwwerfälleg? Versaut d'Genderen wierklech eist schéint Lötzaboiescht? Fir et mat de Wierder vum Sprooch-Verfechter a postmoderne Poet Hans Peter Baxxter ze soen: "Sunshine in the air, We're breaking the rules, Ignore the machine, You won't ever stop this."
    59 min
  • #50 Dee mam Fofzegsten
    Started at „Belle Etoile“, now we’re here… Säit mëttlerweil 50 Episoden gëtt mat angeneemem Dezibelwäert an enger grousser Portioun Bescheidenheet iwwer alles an näischt diskutéiert an Dommheet gesellschaftsfäeg gemaach. Zouverlässeg minimal zäitverzögert per Videokonferenz analyséiere mir de grandiose Succès vum aflossräichste Podcast aus dem Land, schwätzen iwwer Highlights a méi oder manner realistesch Zukunftspläng. Nieft Spannung, Spill an enger Extraportioun Aggressioun kommen haut och Paus.-Ultras a Kolleegen zu Wuert an et geet em Déifgrënneges ewéi Toilettëpabeier an Drag Queens mat H. Maacht iech prett fir näischt manner ewéi Geständnisser, perséinlech Erkenntnisser an emotional Ausbréch, well et ass Zäit fir e ronne Jubiläum!
    1 hr 22 min
  • #49 Dee mat de (guilty) pleasures
    Haut gëtt et gläichermoossen flott a penibel – also alles ewéi ëmmer. Nom Motto „Sief e bëssen voller Wëssen“ gëtt dem Cro säi musikalescht Parallelliewen opgedeckt, e Paradigmenwechsel am Virnumm-Game diskutéiert a skandaléisen dog shaming thematiséiert. Et gëtt vläicht eng nei lëtzebuergesch Supergroup, the return of Bobby Ferreira an e grousse Kategorie-Comeback mat intellektuellem Gaaschtoptrëtt. Plus: Aarbecht fir eis geschätzte Nolauschterer, Pizza-Diskussiounen a Musicals esouwéi och musikalesch Stëmmungsopheller, den trashegsten Trash a Fernsehohrwürmer.
    1 hr 12 min
  • #48 Dee mat de Bicher
    Paus. ass operstanen a kënnt mat enger Episod a "Wetten Dass"-Längt ëm den Eck. Haut ginn et net just extra vill zäitlech Verzögerungen (#Internetverbindung #ondiraitlesud) mee dir gitt esouguer gewuer, firwat d’Jill eng Mëschung vum Lana del Rey an dem Henry VIII. ass a wei eng vläicht 10 Meter grouss Iwwerraschung de Yannick huet. Mat dobäi sinn och asiatesch Philosophien, eis fantastesch Nolauschterer a fashion icons aus der franséischer Literatur. D'literarescht Duett eures Vertrauens liwwert iech d' Must-reads vun 2021, mat Leidenschaft gehaasste Klassiker a Bicher, di mir ni fäerdeggelies hunn.
    Disclaimer: Mir wëssen natierlech, dass „Hurt“ vun de Nine Inch Nails ass, mee déi eenzeg richteg Versioun ass vum Johnny Cash (let’s be honest here).
    1 hr 48 min
  • #47 Dee mat der Spiritualitéit
    Wir sagen einfach "hello"! Mat mindestens engem 5. Sënn fir Mentalisten, déi wéi Schauspillerinnen ausgesinn a Social Media Kommentarer vu blonden Ikonen gëtt et haut nach méi onerklärbar ewéi soss. Dir gitt gewuer, wat geschitt, wann den Zirkus an der Staat ass, weie legendäre Reality TV-Moment ee net dierf verpassen a firwat mir ab elo "Paus - de Relativiéierungspodcast" sinn. Mir prophezeien och eng nei Rubrik, bäissend Nuesen a lëtzebuergesch Ausdrocksschiweregkeeten.
    1 hr 5 min
  • #46 Dee mat de Manéieren
    Mais âllo quoi? Haut gëtt et d’„Sendung mit der Paus.“ zum Thema „Manéieren“ am XXL-Format. Enner anerem gëtt Knigge-konform iwwer Reflux-Schwieregkeeten, Frisureprobleemer a Schong-Diskussiounen geschwat. Mir këmmeren eis och ëm Racheakter am Eenzelhandel an Gender Struggles um Dësch an um Tennis. Alt erëm kommen och Froen op, ewéi zum Beispill: Wéi heescht dem Jeannie säi béisen Zwilling? Firwat si mir vläicht geschwënn e Bréifpodcast? Wéi eng béis Nopesch ass eng grouss Inspiratioun? Ween zerstéiert d’englesch Monarchie? An: Mierkt d’Welt tatsächlech elo eréischt, dass Fraen sech oft onwuel fillen?
    1 hr 30 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners