Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #146 Dee mat Nieten, Nutten, Nagetiere
    Är Grande-Duchesse begréissen iech am Joer 2025 mam Motto "We listen and we judge" – ënner anerem mat blanner Léift a polished trash, Geböllers an dem Anne Hinged. Hei ginn et fun facts ouni fun, e Western an der Stuff an e Wok op der Autobunn. D'Zousatzkeess-Nancy Drew, wat Gemeinsamkeete mam Trump huet, an e Booktok-Fan, dee mat senger Kaffismaschinn reest, këmmeren sech haut och em Themen ewéi fast fast fashion, Meta-Money an d'grouss Fësch zu Fëschbësch. Et gëtt spannend, well ewéi heescht et esou schéin: "Net all Tennisball gewënnt de Wimbledon."
    1 hr 4 min
  • #145 Dee mam Merdy Christmas
    Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen?
    No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg Feierdags-Iddie erlaabt d'"Professionell und seriös GmbH" sech esouwuel e Bléck op d'vergaangent Joer ewéi och op dat, wat schonn an de Startlächer steet. Et geet ënner anerem ëm eng Dram- an eng Loserkoppel, en Adoptiounsantrag, de Raoul an d'Julie, Beemchen-Inspo, d'Seitan-Kontrovers, Veloskapen a Gespréicher vum Jesus sengem Gebuertsdag – mee och ëm méi seriö Themen ewéi Mëssbrauchsvirwërf, Schmiercampagnen an eis Heldin vum Joer. 
    Mir wënschen iech all e gudde Rutsch an d'neit Joer – ganz nom Motto: "Ween als éischt kënnt, ass als éischt do."
    1 hr 18 min
  • #144 Dee mam Klaasohm Heufer-Umlauf
    Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta,  d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0,  skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster.  
    Äre Bitcoin-Helpdesk verséisst iech d'Adventszäit mat de beschte Recommandatioune fir de Schluss vum Joer: ënner anerem gëtt eng Reportage iwwer eist Liblings-Zirkuspferd, eng lourd Telenovela-Obsessioun, e wonnerschéine Country-Album an en dramhafte Restaurant.
    D'Taylor Swift ënnert de Podcasts bitt iech zwar eng Folleg mat ganz ville Cuts, mee dofir och mat engem léiwe Flic, Prominenz bei der OKF an alternativ Konzepter zu Chrëschtdag. Happy Quikanja!
    1 hr 28 min
  • #143 Dee mat der Wicked-Erkenntnis
    Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht.
    Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Geraschels, Gequiitschs a Gebills. Et ginn Organisatiounstipps mam Contessa Venezuela, eng Hexejuegd, Emarmungen an en Touch Martha Stewart. Boyband-Rabbitholes, Verräter oder och Oscar Buzz... an natierlech ginn och nees fundamental Froe gestallt: How does she do it? Ass schonn Zäit fir "Paus. - die Abrechnung"? A ween ass de Paul?
    1 hr 6 min
  • #142 Dee mat den Ice Cold Angels
    Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag! 
    Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul.
    E Film iwwer Jeans an Dance Moms steet och um Programm, genee ewéi d'Téléréalité française aus den 2000er a "Bitzen Doheem".
    D'Cl-AI-re Luxlait, d'Podcast-Wanderhure an e multilinguaalt Pianogenie sinn o nach mat vun der Partie.
    Wéi ëmmer, ginn och brennend Froen opgeworf... ënner anerem: Wee war am Hitler senger Bidden? Ween ass d'Sonia in Paris? A wee vun eis spillt Triangel an der Philharmonie?
    1 hr 19 min
  • #141 Dee mat der total sënnvoller Erklärung
    Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week!  Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dusch ze sprangen, Frae-Flops an e Kanister Theaterblutt. Blame it on the rain!
    56 min
  • #140 Dee mam hellege Bimbam
    Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer.
    Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil.
    Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi! Am CNA ass et extra flott, am Kinepolis awer net (well do viru Geriicht gesonge gëtt).
    Am Delirium gëtt o nach iwwer lëtzebuergesch Musiktalenter, skandaléis Zoustänn bei der Krankekeess an d'Sommerhaus der Mörder diskutéiert. Kyrie Eleison!
    1 hr 23 min
  • #139 Dee mam Maale Gars
    Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era.
    De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen.
    Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontatiounskurs si genee esou mat dobäi ewéi den "Hide the pain Raab", den Dave Grohl, d'Zelda an d'Schrondweiler Jugend (feat. AnnenMayKantereit).
    Wou sinn d'Festivals zu Lëtzebuerg? Wou ginn d'Boomer un? A wat steet op der leschter Säit am Opklärungsbuch?
    1 hr 22 min
  • #138 Dee mat de "Bore Worms" (Konditionsschwimmen)
    Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi sinn awer o nach d'Serienempfehlungen vum Summer, erotesch Angscht, japanescht Gegoogels an d'Glenn Close. Wee vun eis wär bal 20 Joer mat der "Anaconda" gefuer? Wär "Jiddereen aneren in Paris" eng besser Serie ewéi d'Emily? An ass Tennis wierklech d'Sprooch vum Sport?
    1 hr 25 min
  • #137 Dee mam sténkege Baggerweier
    Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself. 
    Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi.
    Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen).
    Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach??
    1 hr 1 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners