Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #166 Dee mam Beth Ditto sengem Brownie
    Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert.
    Mee CALN ZHOWN, well et gëtt nach méi: Mir sëtze mam Forrest a mam Lana op der Bänk, schwätzen iwwer spawnende Lipödem, "Mister Bear"-Gossip a Fässer, déi ni zou sinn.
    An dëser Folg ginn et ausserdeem nach FOMO bei der "Luxlait", Fächeren am Kaffi an dat anert coolt Claire, mee och K-Pop Demon Hunters, e Mäerder bei der Police, eng Männerkleeder-Moudenikon an de sixpackegste Musikvideo vun allen Zäiten.
    1 hr 28 min
  • #165 Dee mat der Welttour zu Wickreng
    Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs.Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e Kollektiv am Kino a Kriisemanagement an der Branche. 
    D'Crème de la crème (an d'Jill) huet sech versammelt, fir tëscht milkafaarwege Kleeder an iwwerwältegendem Botter déi längste Fëmmpaus ever ze maachen. 
    Déi schéinst Krausel vun der Welt, dem Yannick seng aner Schrëftaart, d'Lady Gaia, d'Whitney an d'Mariah, Romeo a Julia am "Ernster" a natierlech och S.A.R. – jiddereen ass op dësem besonnegen Dag mat dobäi. 
    On top: Tourismus am eegene Land, eng Misswahl mam Elsa, e katastrophale Brunch a Stanniol – wou fannt dir dat alles beieneen, wann net an ärem Nummer 1 Business-Podcast?! Dofir lauschtert vive vive vive eran!
    1 hr 20 min
  • #164 Dee mam illegale Backstagebesuch (sorry Nosi)
    Endlech geet et nees em eis! D'Summer-Paus. ass eriwwer a si sinn erëm do: de Starmaker an d'kompresséiert Sardinnebéchs. Et gouf vill Schmu gedriwwen, Feedback ginn, Zäit an der Horizontaler verbruecht a bal beim Parkautomat gekusst. Postoperativ Investigatiounen an urgent Insolatiounen waren och um Start – an iwwer all dëst (a nach vill méi) gitt dir elo geupdated!
    Mir waren Oben ohne um "e-Lake", an der längster Kontroll vun der Welt, mat Flamen op "TikTok" a beim Lena Dunham an den dms. Et geet ëm Bieden am "Basic Fit",  Baba Ganoush mat ganz spezielle Pouvoiren a Blosinstrumenter. 
    Mat dobäi sinn och Catfish-Leit, eng trashy Pop-Madame, d'Charol Canning, de "Matlock" am Altersheem, de Luigi, de Jimmy, de Stephen an de Charly. 
    Et bleift ze klären: Gëtt et deemnächst e Podcast-Crossover oder Kanner-Special? Wien ass d'Beyoncé vun deene ganz Jonken? An ass alles am Botter (sexy royale Botter, fir genau ze sinn) oder gëtt et Sträit am Paus.-Team?
    1 hr 27 min
  • #163 Dee mam Bob
    Let's go!! Déi läscht Summer-Paus. kënnt eng Woch éischter ewéi gewinnt a liwwert en Zesummentreffen, dat Olympia an de Schiet stellt. 
    D'Jïel an de Yåkz hunn e grouss gemaach an haut huet de lëtzebuergësche Kelce-Brudder sech ausgebadged, fir iwwer Käerzen, d'"Moutarderie de Luxembourg", RTL-Kommentarer an Dönerpizza ze diskutéieren: de Bob Bertemes – jéngste Pensionnaire vu Lëtzebuerg, Gay Community-Ikon a most relatable Sportler ever!
    Et stinn ënner anerem (méi oder manner penibel) Kenneléiergeschichten, tea aus dem olympeschen Duerf a Meme-Kultur um Ordre du jour.
    Journalistesch investigativ gëtt et natierlech och – mat Froen ewéi: Wéi geet Lëtzebuerg mat senge Sportler*innen ëm? Hänkt d'Klatz wierklech um Nol? A wéini kënnt e sexy Kalenner eraus?
    1 hr 10 min
  • #162 Dee mam Pit
    Fir déi zweetlescht "Summer-Paus." deelt äre Liblings-Schlagerduo sech Kopfhörer a potert mam Paus.-Haus und Hof-Fotograf Pit zu Porto.
    Huet eis Drag-Schwëster Iddie fir en zukünftegt Cover? Gëtt et deemnächst eng Podcast-Episod aus dem "Berghain"? A ween hat eigentlech de Rock-a-field am Gaart? All dat soll haut geklärt ginn.
    De jéngste Gaascht vun allen Zäiten (und von allen, die noch kommen werden) huet vill Nostalgie matbruecht – ënner anerem Indie Sleaze, "Born This Way", iPods an Tumblr. "Drag Race", Fotografie an eis most 2010er Looks dierfen och net feelen. 
    Et gëtt donieft awer natierlech nach onzenséiert iwwer plakeg Bieren, Labubus op "Only Fans" a Serienstars op "Grindr" geschwat. Queerness oblige!
    1 hr 8 min
  • #161 Dee mam Fabienne
    Nothing beats a ... Concert am Atelier! Dofir ass haut d'Mamm vun de Staren, der Stad Diddeleng a "Catch a smile" an eiser Summer-Paus. 
    Et geet ënner anerem ëm iconic Rockshows, 48 Stonne mam Robbie Williams an e legendären Owend mam Lemmy. 
    Mat dobäi sinn och schwiereg Kënschtler*innen, den James, d'Stierwen vun ale berüümte Männer an e fliegender Teppich.
    A wéi enge Länner gëtt et blot Waasser AN Mënscherechter? Wat ass eigentlech no den "SK Babies" gelaf? A wéini kënnt d'Beyoncé endlech op Lëtzebuerg?
    1 hr 21 min
  • #160 Dee mam Kitty
    D'Summer-Paus. geet weider a mat dobäi ass haut keen aneren ewéi d'edgy "Kindle"-Queen a Member vun "The Cocktails": d'Kyra a.k.a. Kitty (oder och Kythi). 
    Paakt är Mini-"Dianas" aus a kommt mat eis an d'Kölner Clubszeen aus den 2010er, mam Streckeisen an d'Frittebud an op de Gehaansbierg. 
    Mat dobäi sinn e Festival-Recap (vu "Frauenfeld" bis "Werchter"), nei Rockstars (Midlife-Crisis incoming!), an True Crime op TikTok. Et gëtt "Feuer, Eis und Dosenbier" mat Kaviar, de Canaletto an e Psycholog mat Bassgittar. 
    Et bleift ze klären: Kann d'klengt Latinum de Grondstee fir eng Frëndschaft leeën? Wat ass "Braceletsgate"? A mat wei engem däitsche Promi feiert et sech am beschten?
    1 hr 7 min
  • #159 Dee mam Lizzy
    An der éischter "Summer-Paus." iwwerreeche mir d'Zepter un d'Lizzy: Hatt ass net just d'Little Miss Pinterest, mee och déi viirbereetste Persoun vun allen Zäiten. Frësch vum Minigolf huet hatt Kaddoen, Kichelcher a Buzzeren am Gepäck – vläicht spille mir Spiller, mee vläicht ass dat alles och just eng "Intervention". 
    Mir schwätzen ënner anerem iwwer Halloween an der Villa, "Disney"-adults an Heroin fir Ufänger. Et gëtt och nach Mikro-Mobbing, Concerten ouni T-Shirts an Zitater mat Selbsterkenntnis. Mat dobäi sinn ausserdeem Krichszeenen um "Picadilly", Espresso Martini (literally), Beebee-Tennis a "Recession Indicators".
    Och de Bildungsoptrag kënnt nees net ze kuerz: Wat ass "Pausisyphus"? Wat sinn déi dommst Google-Froen? Ass "Brach" d'Zukunft vum Marketing? A wisou ass d'Buffy e Steak?
    1 hr 5 min
  • # 158 Dee mat der Homoerotik am Ouer
    Et ass déi läscht Folleg ier d' Summer-Paus.-Episode starten an et geet uerdentlech virun: Mir fänke mat de "No Angels" un, sti mam Airfryer am Lift a spille mat Red Flags.
    Fir déi néideg Holiday-Vibes ginn et amerikanesch Absurditéiten, pöbelnd Politikerinnen a Féisswéih um Festival.
    Mir gi mat den Aliens an den Europapark an diskutéieren iwwer Marketing, "American Apparel" an e persesche Rapper.
    Natierlech geet et och ëm "the concert that could have been an e-mail", dem Charel Goerens seng grouss Musekskarriär a Millennial-Tipps fir Saachen am Summer. 
    Ze kläre bleift also just nach: Ass Karamell 10 Kalorie wäert? Wéi vill Dates kann een an enger Woch hunn? Wien ass d'Twiggy XKX? A wisou ass d'Antonia Rados bei de Mormonen?
    1 hr 3 min
  • #157 Dee mam F***ennnationalfeierdag
    Herzlichen Glückwunsch zu mir! Et geet um Surfbriet a Richtung Kneppenhepperdampferfest - well et ass Zäit fir eng nei Episod vun ärem Liblingspodcast! 
    Tëscht Dokteschrechnungen an italieenesche Bopen am Weltall gëtt sech iwwer "Picon Béier"-Männer opgereegt, Thomas Mann-Joer gefeiert an "GNTM" analyséiert. 
    Impfunge mat Mulch, d'franséisch Schiller a Goethe an d'Ikkimel (feat. Jang Linster) sinn eben esou en Thema ewéi en Hörsturz vun der eegener Stemm hunn, den Doud vun Zeechentrick-Figuren a Fastfood-Frëndschaft.
    Och op d'Bildung gëtt natierlech nees opgepasst: Wat ass eng Bey-pression  ? Wei ee groussen Dichter huet den "deng Mamm"-Witz erfonnt? A wat huet d'Marie Curie mat Ringlights ze dinn?
    1 hr 10 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners