Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • #176 Dee mat der Hepatite am Heizungskeller
    Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim.
    Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes". 
    Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt et eng nei "Sunlicht"-Affär? Wéi grouss ass den Ënnerscheed tëscht Freigeist a Luftikus? A natierlech: Can I quiz you on some ocean facts?
    39 min
  • #175 Dee mam Familienzwist & der Zwietracht
    Hochzäitssträit! 17-järeg Mammen! Geschlechtskrankheeten (duerch Zopp)! UNISEX-TOILETTEN! Déi hei Episod huet alles.
    D'Susan Sarandon an d'Goldie Hawn aus der Lëtzebuerger Podcastwelt spieren d'Fréijoer an zerwéieren iech haut comédiséiert Vulgaritéit, Geröllheimer Gays an en Touch "Chicago". 
    Dierf een säin Therapeut emaarmen? Ass d'North West d'Erika Mann vu senger Zäit? An ass d'Zahide de Mozart? All dat a villes méi gitt dir an der kierzter Folleg säit laangem gewuer. An de Grond dofir natierlech och.
    40 min
  • #174 Dee mam Gebrachginn vum Erich Kästner
    Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen.
    Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip gemoolt, sech vill geräuspert a Leit geblockt. 
    Mat dobäi sinn ënner aanerem d'OG-Barbara, d'Fatima vum "Alima", eng besonnesch delusional Drag Queen an "Die 20 Wildesten". 
    Mir froen eis: Si mir vläicht an der "Truman Show"? Wou läit de "Mount Rashomon"? Wee vun eis ass "It's a small world" an enger Persoun a ween ass Famill mam Michel Sardou?
    1 hr 25 min
  • #173 Dee mam singenden Telegramm
    Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt blöd".
    Spontan ewéi e Stëppche starte mir an d'Joer Nummer 7 (!) a mat dobäi sinn zum Beispill d'Kim aus Amerika (a seng Regime-Pokemons), d'"Rocky Horror Picture Paus" an e nationale Podcast-Orbituary.
    D'Deeg no Silvester ware stresseg: Mir ware mam Tommy Schlesser beim James Bond, um Enn am Theater a mam Remi Malek zu Mondorf.
    Do bleift just nach ze froen: Who puts the "boff" in "Bofferding"? Steet den T an "LGBTQ" fir "terrorist"? An hu mir vläicht aus Versinn d'"Rockhal" kaf?
    1 hr 34 min
  • #172 Dee mam putegen Outfit
    Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"!
    Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus (lusch an der Dusch) an eng ruinéiert Welttour (Tortikolli).
    Tëscht Chaos a Comfort Zones berichte mir och iwwer Böller-Budgets, den Doud vum Museksvideo an e rietsen Aarm, deen no lénks weist.
    Natierlech sinn d'obligatoresch "Stranger Things"-Mutmaßungen mat dobäi, plus e Projet fir "Spotify" an "ZLS" an e klenge Fësch zu Gran Canaria. 
    An op de leschte Meter vum ale Joer gi selbstverständlech nees wichteg Froe gestallt: Wou sinn d'Husbands? Kréie mir eng Plaquette an der "Belle Etoile"? Wei ee geheime Virsaz gouf heemlech ëmgesat? A wéi funktionéiert eigentlech Recycling?
    Happy new year!
    1 hr 41 min
  • #171 Dee mam Twerken am Asia Market
    Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence, Tattoo tea an d' wicked witch (flip it around).
    Et geet haut ëm "Spotify"-Ageshaming, penibel Ufroen un de Bréifdréier, random acts of kindness an (in-)kompetent Mënschen an an ausserhalb der Chamber. 
    Mir trotzen dem drohende Weltënnergang mat "Dangerous Minds" am Prisong, verroden eis Hochzäitspläng, Iddien zu "Richtung 22" an déi bescht Jugendwierder vun de Millennials.
    Oflenkung vun ze vill Iessen, ustrengende Familljememberen an enttäuschende Kaddoe gëtt et mat wichtegen Themen ewéi Pumpen beim Baken, dem kierzte "Stephen King"-Film an Appartementer zu Oz.
    Mat um feierlech gedeckten Dësch sëtze wichteg Leit ewéi de Brice de Nice, de Yoshi, dem Diddy seng al Assistentin, d'Johanne an de Fioré. 
    Natierlech ginn et och an de besonnesch feierleche Stonne vum Joer wichteg Froen ze klären: Wien trauert mat Pyrotechnik? Ass de Supermarché déi nei Disco? Si mir de neie "Marc Thoma"? An ass de Ben Olinger "das Beziehungsomen"?
    1 hr 40 min
  • #170 Dee mam bloe Fuedem
    Léif Dammen, Hären a non-binary friends... D'Joer geet dem Enn zou an d'Maria an de Jesus aus der Podcastszeen ("Lux"-edition) si prett fir d'Chrëschtdeeg esou besënnlech ewéi méiglech ze maachen: vu réierenden Doppelmaus-Momenter iwwer ëffentleche Liebesbekundungen bis hin zu spaassegen Aufgabe fir är Adventszäit ass alles mat dobäi!
    Dir musst d'Land net verloossen, fir internationale Feeling ze kréien, well mir sinn Europa a Podcastform: Haut gëtt et italieenesch Riviera mat Chrëschtdagshannergrond, d'ëmwerfend polnesch Sprooch, Mënschenhaass zu Paräis a finnish people (hello hello)!
    Et bleift just nach ze klären: Ween ass de Berghain vu Lëtzebuerg? Wat leeft donneschdes owes am "Melu"? A wat ass e "social ninja"?
    1 hr 14 min
  • #169 Dee mam "Not Claire in Luxembourg"
    Get ready for a very special "Kaffiskränzchen" because Luxembourg's meme queen has finally knokk-ed on our door: "Not Claire in Luxembourg" will be dropping AND spilling the T in a new "Paus."!
    The future grand duchess talked to Gillian and the man with many fans about Luxembourg lore, possible lawsuits, famous followers and bisexual icons.
    In this multilingual episode your new favourite throuple chats about the "Lëtzebuerger Filmpräis", similarities between the Grand Duchy and Ireland, period shaming and the "Polvermillen" black hole.
    The ingredients of a good meme, the Luxembourgish word of the year and the difference between "expat" and "immigrant" are also on the agenda. Plus: the Mandela effect, "Guinness" insider knowledge, memin' and dreamin' in Delululand and possible future dating partners.
    Will Rosalía x "Philharmonie Lëtzebuerg" be happening? What's a gúna? And why do we hate Liechtenstein? LETZ figure it out!
    1 hr 37 min
  • #168 Dee mat der musikalescher Offenbarung
    Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain! 
    D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts:
    Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a riichten eng Petanquespist an der Stuff op. 
    D'Mme vu Losch, d'Mme Pieppieppiep an dat klengt Tendinite sinn och mat dobäi, genee esou wéi den éischte Gay-Crush an "Dolce & Gabbana" aus der Filmbranche.
    Et geet ausserdeem em "Eggnog"-Fans (feat. Toni), eiser aller Buergermeeschter, Ofstëmme mat Riets a Rap-Doku-Pläng mam "Filmfong".
    Gëtt et en neit "Girls"? Wien disst säin Ex zu Walz-Musik? A wie gëtt hei beim Sport gefilmt? Falls dir genuch Sëtzlieder op den Ouere gutt, gitt dir et elo gewuer.
    1 hr 28 min
  • #167 Dee mam grousse "Cactus"-Seenen
    Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!!
    Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles,  "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster.
    De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik"). 
    Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?
    1 hr 21 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

10 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

99 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

173 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

111 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

73 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

36 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

7 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

97 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners