RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

By RTL Radio LëtzebuergSociety & Culture
Download on the App Store

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen episodes

  • Episod 98 - Wann d'Famill keng Loft méi kritt
    Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt

    An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm oder Papp, als Partner oder och als Geschwëster. D’Konsequenze si villfälteg: Frust, Iwwerfuerderung, emotional Erschëpfung.
    D'Nadège erkläert, firwat Selbstsuerg kee Luxus, mee eng Noutwennegkeet ass, a wéi si Familljen dobäi ënnerstëtzt, gestäerkt, méi bewosst a mat méi Liichtegkeet duerch den Alldag ze goen. Si deelt praktesch Erfarungen, Beispiller aus hirer Coaching-Aarbecht an Impulser, déi all Famill – mat oder ouni besonnesche Besoinen – direkt ëmsetze kann.
    31 min
  • Episod 97 - De Schattenbericht
    Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg

    All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat vill Froen stellt, gëtt et och d’Méiglechkeet vun engem sougenannten Schattenbericht.
    Hei kënnen Vereenegungen an Initiativen eng alternativ Analys vun der Situatioun am Land virstellen. De Schattenbericht aus Lëtzebuerg, ausgeschafft vun Info-Handicap an sengen Memberen, läit elo vir.
    Am IGEL Podcast schwätzt de Sascha Lang mam Christine Zimmer, Nadine Medinger an Shirley Feider iwwer dëse Bericht a kuckt dobäi, wat doraus ervirgeet.
    50 min
  • Episod 96 - Actiounsplang 2.0 – Gesondheet an Educatioun am Fokus
    Den Actiounsplang 2.0 fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ass den 31. Dezember 2024 ausgelaf.

    An de leschte Méint hu mir an dräi Episoden driwwer geschwat, wat gutt gelaf ass a wou et nach Verbesserungspotential gëtt. An dësem neien Episod vum IGEL Podcast geet et ëm zwee zentral Beräicher: Educatioun an Gesondheet. De Sascha Lang schwätzt mat der Sarah Scholtes vun der Direction de la Santé an aus dem Educatiounsministère mat der Nathalie Scholtes an dem Ben Haas. Zesumme ginn d’Aktiounen analyséiert, déi aktuell ëmgesat ginn, an et gëtt och e Bléck op déi nächst Schrëtt an den nächste Jore gehäit.
    24 min
  • Episod 94 - Malta Meets Luxembourg
    An dësem Episod kritt de Sascha Lang Besuch vun enger Delegatioun aus Malta.

    Mat der Ënnerstëtzung vun Christine vun Info-Handicap sinn de Mathis, President vum nationale Dachverband MFOPD (Malta Federation of Organizations of Persons with Disability), an d’Gail, Member vun der MFOPD, op Lëtzebuerg komm. Am Gespréich schwätzen si iwwer d’Erfarunge vun der Delegatioun, d’Zesummenaarbecht tëscht Malta a Lëtzebuerg an d’Inspiratioun, déi si duerch den Austausch mat Lëtzebuergeschen Organisatiounen a Ministère gesammelt hunn. D’Themen gi vu Bildung a Beschäftegung iwwer Selbststännegkeet a Perséinlech Assistenz bis bei d’Wichtegkeet vu Kommunikatioun a Partizipatioun, ënnert dem Motto: „Näischt iwwert eis, ouni eis“.
    Dës Episod weist, wéi wichteg internationalen Dialog a Best-Practice-Austausch sinn, fir d’Liewe vu Persoune mat Behënnerung konkret ze verbesseren, an d’Stëmm vun de Betraffenen ze stäerken.
    28 min
  • Episod 93 - Etüden an hier Wichtegkeet aus dem Aktiounsplang Handicap 2.0
    D’Etüden hu wichteg Ablécker ginn an de Wunn- a Betreiungsberäichm, an d’Bedeitung vun der Selbstbestëmmung vir Menschen mat Behënnerung.

    Am Gespréich geet et ëm d’Roll vum ASP, de geplangten One Stop Shop, an d’Haapterkenntnisser aus de Studien. E wichtege Schwéierpunkt ass déi geplangte Aféierung vun der Perséinlecher Assistenz zu Lëtzebuerg, déi d'Fräiheet an d'Autonomie stäerkt. D'Elisabeth Scheier huet als studéiert Soziologin a Sozialpolitikerin, des Etüden am Familje-Ministère (Division Handicap) begleet, an presentéiert déi wichtegst Erkenntnisser.
    20 min
  • Episod 92 - De European Accessibility Act an de Roll vum OSAPS
    E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet

    Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag?
    Am Gespréich ass de François Engels, Koordinator vum OSAPS
    41 min
  • Episod 91 - Evaluatioun vum Aktiounsplang 2.0
    E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun

    Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0.
    D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere.
    Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matschaffen, an am Oktober un de Workshoppe bedeelegt sinn, mellt Iech bis den 31.07.2025 mat enger mail op "[email protected]" un.
    28 min
  • Episod 89 - Interview mam Madelaine Kayser
    D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert.

    Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir?
    En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
    38 min

About RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

From the publisher's feed

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech…

More shows like RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners