Et ass mëttlerweil genee 1 Joer hir, dass de Premier Minister een Audit vun "Value Associates" iwwer de Filmfong krut. Eng Beroderfirma déi ënner anerem och dem Manuel Baldauff gehéiert. Bis ewell gouf nach guer net ëffentlech doriwwer geschwat, obwuel an dem Dokument op eng Réi Mëssstänn opmierksam gemaach gëtt. Schonn de Moien haten mir am Journal een Deel vun de Conclusiounen presentéiert. Et ginn ëmmer méi Filmer produzéiert, ma ëmmer manner Leit ginn se kucken. 34 Milliounen Euro Steiergelder sinn eleng dëst Joer an d'Produktioun gefloss. Als Avantage nennt de Secteur ëmmer den positiven wirtschaftlechen Afloss den d'Filmbranche op Lëtzebuerg hätt, och den, konnt am Audit net nogewisen ginn.
Et gëtt awer och eng méi grave Fro am Audit iwwer de Filmfong opgeworf an zwar déi vun engem méiglechen Interessekonflikt an Bedruch. An dem Kontext hat den CSV-Deputéierte Felix Eischen och den Audit un de Parquet viru ginn an dem Premier Minister Xavier Bettel eng parlamentaresch Fro gestallt, Annick Goerens.