Gudde Moien Här Kaempff,
Mam Ouschterweekend fänkt traditionell d'Touristesaison an der Stad un, dat ass natierlech och e wichtege Weekend fir d'Stater Geschäftsleit. Wéi geet et der Geschäftswelt dann? De Bilan vum leschte Joer, dat gouf bei Iech op der Generalversammlung dës Woch däitlech, fält gemëscht aus. Wiesou?
D'Geschäfter beweege sech ëmmer méi an engem digitaliséierte Kontext. Dat betrëfft virun allem och den Eenzelhandel. Ma et gëtt awer nach ëmmer vill Geschäftsleit och an der Stad déi a Punkto Internetpräsenz zéi sinn. Wéi erkläert der Iech dat? Wann dat bedeit, datt een doduerch d'Schlappe riskéiert ze verléieren...? Ass dee Message nach net bei de Leit ukomm?
En anert Thema a Punkto Ëmstellung, Erwaardungshaltung vun de Clienten sinn d'Ouvertureszäiten. Bei enger Emfro zejoert war rauskomm, datt d'Leit duerchaus u méi spéiden Ouvertureszäiten an der Woch intresséiert sinn. Ma och do beweegt sech d'Stad den Ament nach net terribel vill. Kann ee sech dat op Dauer leeschten?
Déi verkafoppe Sonndeger hu jo awer gewisen, datt d'Geschäfter doduerch hir Vente verbessere konnten...
D'Handelsconfederatioun plädéiert jo fir eng komplett Liberaliséierung. Wier dat eng Optioun, am Sënn vum Stater Geschäftsverband?
Den Tram rullt, bon bis ewell nëmmen um Kierchbierg an ier d'Gare ugeschloss ass, muss mol nach de ganze Chantier coordinéiert ginn. Dee mécht dem Stater Geschäftsverband vill Suergen. Wat fäert der dann?
D'Geschäfter halen nach ëmmer op finanziell Entschiedungen vun der Politik. Wéi missten déi ausgesinn? Vu wéi vill Geschäfter schwätze mer dann déi hei betraff wieren?
Mä dir krut awer schonn op der Generalversammlung kloer vermëttelt, datt der näischt kritt...
Guill Kaempff, 2019 soll de grousse Projet vum Royal Hamilius opp goen, mat der Galerie LaFayette déi jo hir Arrivée zu Lëtzebuerg ugekënnegt huet. Domadder bestäerkt d'Stad Lëtzebuerg jo dann hiren Image als Akafsstad vun de Luxusmarquen, oder net?
Gesidd der dann do keng Konkkurenz fir den Eenzelhandel? Eng Konkkurenz déi lo net nëmme méi op der grénger Wiss mä direkt virun der Nues ass...
Op der Generalversammlung hutt dir och de Sécherheetsproblem am Garer Quartier ugeschwat dee sech negativ géif op d'Entwécklung vun de Geschäfter an den Image vun der Stad auswierken. Wéi manifestéiert dee sech konkret?
Wat verlaangt der do vun der Politik?
Wéi gutt sinn dann eigentlech är Relatiounen mat de politesch Responsabelen? D'Stater Gemengeresponsabel hate jo traditionnell e relatiivt opent Ouer fir de Geschäftsverband?