RTL - Lecture vun heiheem

"Stein schreiben", 08/03/2025


Listen Later

Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt.

De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien  d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan.
D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025)   Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel  "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023) 
De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids) 
D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen. 
Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Lecture vun heiheemBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Lecture vun heiheem

View all
RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Journal by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Journal

1 Listeners

RTL - Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

RTL - Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

1 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Luxembourg’s Green Room – the Eurovision Podcast by RTL Lëtzebuerg

Luxembourg’s Green Room – the Eurovision Podcast

0 Listeners