De Lex Roth huet dem Camus säi Klassiker op Lëtzebuergesch iwwersat an de Steffen Kopetzky huet e Roman iwwert d'Pouken-Epidemie vun 1962 geschriwwen.
Kaum ee Literatur-Klassiker ass an der Lescht esou dacks gelies ginn wéi "La peste" vum Albert Camus. An elo geet dat och op Lëtzebuergesch. De Lex Roth erzielt am Interview mat wéi engen Erausfuerderungen hien als Iwwersetzer konfrontéiert war, awer och wéi eng Spuren de Camus zu Lëtzebuerg hannerlooss huet.
Fuschnei ass dergéint de Roman "Monschau" vum Steffen Kopetzky. No sengem Roman "Propaganda" dee vun der Hürtgenwald-Schluecht an der Äifel erzielt, bleift de gebiertege Bayer och mat sengem neitste Wierk an dëser Géigend, a mécht dobäi suguer en Ausfluch op Lëtzebuerg. "Monschau", déi kleng Stiedchen an der Nordäifel ass 1962 an d'Schlagzeile geroden, nodeems do d'Pouken ausgebrach waren, eng Krankheet mat der deemools an Europa scho bal kee méi gerechent hat. 10 Woche laang war d'Géigend am Ausnamezoustand bis d'Epidemie endlech ënner Kontroll war. Op dësen historeschen Tatsaachen baséiert dem Steffen Kopetzky säi Roman, dee mëttlerweil schonn op Plaz 5 vun der Spiegel Bestsellerliste ze fannen ass. Am Interview erzielt den Auteur wéi en d'Thema "Pouken" recherchéiert huet, a firwat e fir säin nächste Roman och Lëtzebuerg am Bléckwénkel huet.