3 Begéignungen op de Walfer Bicherdeeg
De Weekend vun de Walfer Bicherdeeg ass deen idealen Zäitpunkt fir nei Publikatiounen z'entdecken an Auteuren ze begéinen. Dëst Joer war eent vun den Themen den 150ste Gebuertsdag vum Reenert. Fir de ronne Gebuertsdag ass de Reenert nei editéiert ginn, an Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS. An...dee schlaue Fuuss huet och nach Englesch geléiert! De Jeff Thill, vu Formatioun Engleschprof huet 2 Joer laang un der Iwwersetzung vun eisem Nationalepos geschafft.
Déi englesch Versioun vum Reenert mam Ënnertitel: "The Fox in a Sunday Suit and in Human Shape" ass online ze fannen op www.lux.lu
Speculative Fiction ass en Iwwerbegrëff ënnert dem vill verschidde Genren regroupéiert ginn, vu Science-fiction, Fantasy bis bei Mäerercher. Wat a Saache speculative Fiction hei zu Lëtzebuerg esou geschriwwe gëtt, dat hu mir de Cosimo Suglia an d'Sandy Heep um Stand vun hierer online-Plattform www.anerwelten.lu verrooden.
"Curieuse Ballade" dat ass den Titel vun engem ganz dënne Bichelchen, an dem Prosa a Poesie sech op all Säit géintiwwer stinn. Deem klenge Format vum Buch steet d'Talent vum Auteur Christopher Lumu géintiwwer, deen direkt mat senger éischter Publikatioun op sech opmierksam gemaach huet. Op de Walfer Bicherdeeg konnt ech mech mat him ënnerhalen.
D'Curieuse Ballade vum Chris L. fënnt een an de Bicherbutteker, fir méi Informatiounen kann een och op säi Site www.poesie-bolingo.com kucke goen.