De nächste Weekend ass et nees esouwäit, do start zu Lëtzebuerg den Autofestival – fir eis Automag-Redaktioun de Moment vum groussen Opotmen, besonnesch fir de Paul Origer dee sech nees em de groussen Online-Dossier bekëmmert huet.
Paul, du gesäis relativ entspaant aus!
Dat sinn ech och; och wann et ëmmer heescht, nom Festival ass virum Festival, et kënnt awer ëmmer alles déi läscht Deeg zesummen an dann heescht et: Gas ginn!
Abee, d’Gas ginn huet sech gelount, de Festivalsdossier ass nees online. Wat stécht do derhannert?
Et ass am Fong schonn eng Traditioun an dat zenter Joeren; et soll einfach eng Hëllef sinn fir deen, deen en Tour iwwert de Festival plangt, sief et fir einfach just ze firwëtzen oder wëll en tatsächlech een neien Auto wëll. An eisem Online-Special fënns de op der Startsäit d’Grille mat alle Marken déi et um Lëtzebuerger Maart gëtt.
An do sinn der 2019 och derbäi komm!
Genee, an deene läschte Joeren hu mer der jo e puer verluer; Daihatsu gëtt an Europa net méi verkaf, Daewoo existéiert net méi, Saab ass faillite, Lancia fënnt ee just nach an Italien an esou virun. Elo si mer bei 53 Marken, a ganz nei dobäi sinn Alpine, déi berühmte Sportsmark vu Renault, dann Borgward, déi dëst Joer no laanger Zäit nees operstan ass a Cupra als nei Mark fir déi méi sportlech Seat-Modeller.
A fir all Mark gëtt et am Dossier Autofestival déi selwecht Informatiounen!
Voilà, du klicks drop a kriss op ee Bléck alles wat zënter dem läschten Autofestival vun neie Modeller bei dëser Mark presentéiert gouf. Natierlech froen ech no ob déi dann och während dem Festival ze gesi sinn, net dat d’Leit fir näischt dohinner fueren. Do gëtt dann och ganz kuerz beschriwwen wat un deene verschiddenen Autoen nei ass, heiansdo ass et jo och just ee Facelift oder awer carrément eng ganz nei Generatioun.
An e puer Extras loossen d’Marken a Concessionairen sech awer och afalen!
Dat ass grad dat Flott; eise Festival ass jo am Fong den Ersatz vun engem groussen Autosalon, just mam Ennerscheed dat deen net an enger Ausstellungshal stattfënnt mee bei all eenzelne Garage. An do hunn déi eng oder aner mol e klenge Leckerbissen u Land gezunn; sief et eng Avant-Première oder wéi haut éischter gesot gëtt: eng Sneak Preview. Anerer organiséieren eng Extra-Ausstellung ronderem ee Modell, oder esouguer Concept Cars ginn ausgestallt déi ee soss zu Frankfurt, Paräis oder Genève gesäit. An dat steet alles an eisem Dossier.
An anescht wéi elo hei um Radio kann een sech dës Autoen och ukucken?
An dat ass jo och de Virdeel vum Internet; fir all Modell hu mer eng kleng Gallerie ugeluecht fir dat een sech jo och eppes drënner virstelle kann. Dann och déi entspriechend Links op eis online Autopräisser, den Internetsite vun der Mark selwer an, wann de Serge oder de Pascal e Kandidat aus der Modellpalett am Telé’s-Test haten, dann och de Link dorop.
Dat héiert sech no vill Aarbecht un?
Dat ass et och wëll besonnesch déi grouss däitsch Marken lancéieren ëmmer ganz vill nei Autoen an do muss een sech déi Informatioune siche goen. Wat net emmer esou einfach ass; engersäits sinn d’Pressesiten zimlech schlecht gemaach, mee de Problem ass een aneren. Mir hänke jo dacks vun der Belsch of wëll si Importateur fir vill Marke sinn. An do stelle mer fest dat déi Grenzen tëscht Lëtzebuerg a Bälsch ëmmer méi grouss ginn. PR’en déi net äntwerten oder Lëtzebuerg carrément vergiessen an esou virun. Dat erschwéiert et onnéideg. Mee dann ass een ëmsou méi frou wann den Dossier steet an eis Informatioune stëmmen.
OFSO: An dovu kënnt der iech selwer iwwerzeegen, klickt bis eran an de Festivalsdossier op auto.rtl.lu