Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Autosalon Genève , 06/03/2019 16:15
    Am Fréijoer gëtt d'Autosbranche sech ëmmer zu Genève Rendez-vous. Dëst Joer hunn awer vill Marke geschwänzt. An déi, déi do waren, haten elo net esou ganz vill Welt- an Europapremièren am Gepäck. De Serge Pauly huet awer trotzdem e puer Highlights erausgepickt.
    0 min
  • Automag: Autosalon Genève, 06/03/2019 16:15
    Am Fréijoer gëtt d'Autosbranche sech ëmmer zu Genève Rendez-vous. Dëst Joer hunn awer vill Marke geschwänzt. An déi, déi do waren, haten elo net esou ganz vill Welt- an Europapremièren am Gepäck. De Serge Pauly huet awer trotzdem e puer Highlights erausgepickt.
    0 min
  • Automag: Hannes Brachat, 04/03/2019
    R T L Automag
    Mettwoch : 06.03.2019
    U S O :
    …Op Invitatioun vun der FEDAMO, der Fédération des distributeurs d’automobile et de la mobilité war jo Mett Januar de Professer Hannes Brachat op Besuch am Grand—Duché. « Impulse für das Autojahr 2019 » war den Exposé domols iwwerschriwen.
    Mee de Christian Schmit hat och Geleeënheet sech mat him doriwwer ze ennerhalen mat wat, a wéi mir an Zukunft dierften ennerwee sinn?
    T E X T :
    ---genee dat war Thema. Diesel, Bensinner, Hybrid, Elektro oder mat Waasserstoff. Vlaicht awer nemme nach transport public a Car Sharing, a wéi séier kennt dat autonomt Fueren op äis duer wou mir de Volant ganz aus der Hand ginn?
    Froen iwwer Froen, Explikatiounen an Aentwerten vum Professer am Interview. Mir kéinten an der Elektro Mobilitéit scho vill méi weit viru sinn, mee di europäesch Autoindustrie a virun allem di daitsch hätten deen Trend verpennt, esou den Hannes Brachat.
    Haapterausfuerung, d’Verkéiers Opkommes irgendwéi an de Grëff ze kréien?
    (Cut 1…)
    Als Beispill nennt hien d’Stauhéichbuerg München, wou den Automobilist an der Moyenne bis zu 50 Stonne pro Joer am Stau stéing. Esou mecht Autofueren kee Spaass méi. Trotzdem wir d’Balance tescht Ëmweltbewosstsain an Economie, sprech Arbechtsplazen am Automobilsecteur wichteg.
    An den vill diskutéierten Elektroauto „Allheilmittel“. Secher nett esou de Professer Hannes Brachat, mee e kennt, well?
    (Cut 2…)
    Byte statt Beton, den Automobil virtuell am Showroom erliewen. Also keng deier Glas Palais‘en méi. Käschtereduzéierung duerch schlicht Ausstellungsreim.
    Dann, Thema autonomt Fueren.
    (Cut 3…)
    An et verännert eis Gewunnechten, Beispill Taxi?
    (Cut 4…)
    An den daitsche Professer Hannes Brachat mengt, deen dee guer kee Führerschein méi wärt machen, scho gebuer ass.

    Ofso Speaker:                   An de ganzen Interview, och mat der Fro „Wie kriegen wir die Leute zum Umdenken“ kann ee lauschteren op auto.rtl.lu   

    0 min
  • Automag: Hannes Brachat , 04/03/2019 11:50
    Op Invitatioun vun der FEDAMO, der 'Fédération des distributeurs d’automobile et de la mobilité' war Mëtt Januar de Professer Hannes Brachat op Besuch am Grand-Duché. « Impulse für das Autojahr 2019 » war den Exposé deemools iwwerschriwwen.Mee de Christian Schmit hat och Geleeënheet sech mat him doriwwer ze ënnerhalen mat wat, a wéi mir an Zukunft dierften ënnerwee sinn...
    0 min
  • Automag: Hannes Brachat, 04/03/2019 11:50
    Op Invitatioun vun der FEDAMO, der 'Fédération des distributeurs d’automobile et de la mobilité' war Mëtt Januar de Professer Hannes Brachat op Besuch am Grand-Duché. « Impulse für das Autojahr 2019 » war den Exposé deemools iwwerschriwwen.Mee de Christian Schmit hat och Geleeënheet sech mat him doriwwer ze ënnerhalen mat wat, a wéi mir an Zukunft dierften ënnerwee sinn...
    0 min
  • Automag: Cadillac CT6, 27/02/2019
    // USO NET MATLIESEN - NEMME FIR DE SITE //

    Wou de Serge eis erzielt huet, iwwert wat fir een Auto mir haut giffe schwätzen, war meng éischte Reaktioun: Cadillac? Gëtt et déi iwwerhaapt nach hei an Europa?
    Esou ähnlech ass et mir och gaangen, wou den Telefon gerabbelt huet, an Cadillac Europa eis Testautoen proposéiert huet. Ech wosst zwar, dass Cadillac nach ëmmer hei an Europa aktiv wier, an dass se zu Bartreng esouguer eng Concessioun hunn, awer ech hat dës Marque och iergendwéi vum Radar verluer. An esou ass et wuel och ville Clienten gaangen, well d’Verkafszuele vu Cadillac hei um ale Kontinent sinn awer “iwwerschaubar”.

    Vun Dengen Testautoen hues Du dir fir haut den CT6 erausgepickt.
    Genee, dee steet zwar och schonn zwee Joer am Butték, an do lount et sech, sech deen e bësse méi genee unzekucken. Et ass eng richteg grouss Limousine. 5m18 laang, dat ass méi laang wéi seng direkt däitsch Premium-Konkurrenten S-Klass a 7er, an en iwwertrefft och deen neien A8 nach ëm e puer Milimeter.

    Mä fir géint déi Konkurrenten unzekommen, ginn e puer Extra-Zentimeter wahrscheinlech net duer?
    Definitif net! Fir unzefänken: e gesäit e bësse méi extra aus. Virun zéng Joer waren d’Cadillaken wierklech extrem designed. Vill Kanten, gezackte Luuchten, ganz extravagant. Déi ganz Designelementer erkennt een och beim CT6 nach erëm, mä et ass alles e bëssen ofgeschwächt, et ass e bësse méi elegant a gefälleg, ouni awer engem langweilege Mainstream ze verfalen. Fir eng Business-Limousine stécht den CT6 e definitiv nach ëmmer aus der Mass eraus.
    Och den Intérieur kann sech weise loossen. Net nëmme vum Design oder vun der Plaz hir, mä och wat d’Finitioun ugeet. Et ass vläicht net déi absolut Perfektioun vum däitsche Premium-Trio, mä e kann definitiv mat Jaguar beispillsweis mathalen.

    Mir mussen nach iwwert Motor a Stroosselag schwätzen. Looss mech roden: décke Bensinner a fiert sech wéi e Schëff?
    Décke Bensinner: jein. Et ass leider kee V8, mä en 3-Liter-Twinturbo-V6, 417 Päerd, 8-Gang-Automatik. Geet gutt, kléngt einigermossen akzeptabel, de Verbrauch ass knapp zweestelleg, also och nach iergendwéi ok...
    Fiert sech wéi e Schëff: kinnt ee mengen, mä en ass net esou schwéier wéi en ausgesäit. Seng Karosserie ass zu 62 Prozent aus Aluminium, dat dréckt d’Gewiicht op 1700 Kilo. En S-Klass bréngt eng hallef Tonn méi op d’Wo, an dat spiert ee beim Fueren. E läit sportlech op der Strooss, mä en huet nach ëmmer genuch Confort-Reserven. Wann ech et mat engem Europäer vergläiche misst, da giff ech soen, et ass bal wéi e BMW. Dat eenzegt, wou en sech wéi en amerikanescht Schëff ufillt, ass bei der Lenkung. Déi ass wierklech indirekt, synthetesch an ouni Feedback.

    Du hues gesot, mir missten onbedéngt iwwert de Réckspigel schwätzen! Wat kann un engem Réckspigel esou besonnesch sinn?
    Am Réckspigel ass en Ecran, an op dee gëtt d’Bild vun der Réckfuerkamera projezéiert. De Virdeel: d’Vue no hannen ass vill besser, wëll déi ganz Breet vun der Strooss gefilmt gëtt, an net nëmmen dat wat een duerch déi hënnescht Fënster gesäit. Mä um Ufank ass dat wierklech extrem bizarr. Mä am Laf vum Test hunn ech mech dru gewinnt. Bon, du kanns den Ecran awer och ausschalten, an dann hues Du nach ëmmer e ganz normale banale Réckspigel.

    Elo kënnt d’Gewëssensfro: ass den CT6 déi besser Business-Limousine?
    Den CT6 erlaabt sech keng gréisser Feeler. Et feelt ëm vläicht e bëssen u Prestige fir wierklech an der éischter Rei vun de Premium-Business-Limousine matspillen ze kënnen. Mä Clienten, déi eben net Audi, BMW oder Mercedes fuere wëllen, fannen hei eng interessant Alternativ zu Jaguar, Maserati oder Lexus. Virun allem well den CT6 präislech net zevill iwwerdreift, 73’000 Basis, 97’000 fir eisen Testauto mat allem drum und dran.


    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners