Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 20/02/2019 16:15
    De 5-Dierer an d’Kombiversioun Sports Wagon haten den Ufank gemaach, elo start beim Kia ProCeed déi drëtt Karosserievariant. De Paul Origer war fir eis zu Barcelona bei der Presentatioun derbäi.
    0 min
  • Automag: E Facelift fir den Hyundai Tucson, 18/02/2019
    Am Automag vun haut begéine mer en ale Bekannten erëm. Hyundai huet dem Tucson e Facelift spendéiert. An ob et sech dobäi just ëm e bësse „bling bling“ handelt, oder ob et méi déifgräifend Changementer gëtt, huet sech den Akim Schmit aus der Automag Equipe fir eis ugekuckt.
    -    den Tuscon -> ale Bekannten
    -    Eischt Generatioun 2004
    -    Virum groussen SUV Hype
    -    Dotëscht ëmgedeeft op „ix 35“
    -    Zanter 2015er Generatioun erëm „Tucson“
    -    Well: keen „ix“-beliebegen SUV
    -    Fir Hyundai de Bestseller an Europa
    -    Vun 2015 un 390.000 Mol verkaft

    A Vu dass et esou bleiwe soll, hun d’Koreaner dem Tucson e Facelift spendéiert
    -    vlaicht läit et um Numm
    -    Tuscon -> Goldgriewer Staat an Arizona
    -    Optesch muss de 2x kucken fir den Ënnerscheed ze gesinn
    -    Hyundai war virsichteg
    -    Front krut en neie Grill a Voll LED-Luuchten
    -    D’Recksäit en neie Pare-Choc mat.. neie Réckluuchten
    -    Efficacitéit op héchstem Niveau

    Daat klengt elo nach relativ onspektakulär. An aleng dowéinst hun d’Koreaner dem Tucson bestëmmt kee Facelift spendéiert...
    -    Bannendran huet sech méi gedoën
    -    Cockpit weiderhin iwwersichtlech awer austauschbar
    -    Finitioune sinn awer gutt
    -    Beim Facelift do dru geschafft wou een et net gesait
    -    Wéi bei de Sécherheets-Assistenten
    -    „Hyundai Smart Sense“ nach méi komplett
    -    Kollisiouns-Warner, Tempomat mat „Stop and Go“ Funktioun an en aktiven Spuer-Assistent passen op dech op

    A wéi gesäit et ënnert dem Capot aus?
    -    zwee Bensinner mat mat 132 an 177 Päerd
    -    méi gefrot -> 4-Zylinder Dieselen
    -    Basis 1,6 Liter Motor mat 115 oder 136 Päerd
    -    Dee méi starken war an eisem Testauto
    -    Onopfälleg a laafroueg, mee vum „S“ aus „Sports Utility Vehicle“ nach e Stéck ewech

    Mee do huet Hyundai elo eng Nouveautéit am Programm. An et ass keng elektresch Versioun.
    -    t’ass e „liichten Hybrid“ wéi den Hiersteller et nennt
    -    beim deem en 48 Volt-Netz, eng Lithium-Ionen Batterie an Start-Generator u Bord
    -    Technik aktuell just mam 2.0 Liter Diesel mat 185 Päerd an Allrad
    -    Méi spéid och fir den 1,6 Diesel disponibel
    -    De „light – Hybrid“ soll Verbrauch ëm 7 Prozent drécken
    -    Ob et stëmmt -> spéideren Test
    -    Eisen 1,6 Diesel am Wanter bei knapp 7 Liter

    Wéi fällt däi Fazit zum Hyundai Tucson Facelift aus?

    -    d’Koreaner wësse wat se machen
    -    Verarbechtung gutt, d’Equipement ass komplett an den Infotainment op der Héicht
    -    Beim Fuergefill wëssen se awer net wou se hi wëllen
    -    Fuerwierk daitlech ze sportlech ofgestëmmt
    -    Tucson KEEN Auto fir schëtzeg iwwert Landstroossen ze fueren
    -    Ze Héich, ze schwéier
    -    Eischter fir gemittlech ënnerwee sinn / laang Autobunn Etappen -> géif méi eng komfortabel Ofstëmmung besser ant Konzept passen

    Passt da wéinstens de Prais an d’Konzept?
    -    hänkt dovun of wou d’Prioritéiten leien
    -    Wann et der ëmt de Look geet: vu 25.300 Euro un
    -    Allrad méi déif an d’Täsch gräifen
    -    Kascht opt mannst 37.900 Euro
    -    Technik Pionéier mussen nach méi op den Dësch leeën:
    -    „Mild Hybrid“ mat 48V Netz kascht vun 41.500 Euro un,

    0 min
  • Automag, 13/02/2019
    Wien Porsche seet, deen denkt 911. Schonn iwwer 50 Joer ass de Sportswon eng Ikon fir d’Mark aus Zuffenhausen. Elo start den 911 an déi 8. Generatioun an de Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Valencia derbäi.
    Paul, den 911 schéngt sech awer net vill verännert ze hunn?
    Dat ass och den Haptpunkt am Cahier de Charges; e Porsche 911 muss emmer als solchen ze erkenne sinn an dat ass och bei der neier Baureih 992 esou. Déi typesch Silhouette mat der Porsche-Flyline, also d’Linn déi hannen erofgeet, dann déi héich Schutzblecher vir mat de ronne Luuchten an déi breet Baken hannen: esou muss en 911 ausgesinn. Wat e besse geännert huet, dat ass d’Breet déi méi betount gett, virun allem awer den immens soberen Henneschten mat enger breeder Luuchtesträif an dem Loftgitter am Stil vun den Urmodeller.

    Also och e bësse retro?
    Genee an dat fannen ech richteg gutt. Besonnesch bannen dominéieren nees wéi bei der éischter Generatioun 5 Instrumenter - deels digital op zwee 7-Zoll Ecranen, an der Mett awer erem de schéine groussen an - Merci Porsche - analogen Tourenzähler. Och de Räscht vum Tableau geet op séng Wuerzelen zeréck, ass net méi vertikal mee nees horizontal opgebaut an huet vill manner Tasten a Knäppercher. Quasi selbstverständlech dat d’Verarbechtung op héchstem Niveau läit, déi 2 bausseg Displays sinn awer deels hannert dem Steier verstoppt an net esou gutt ofzeliesen.

    Den 911 ass jo mat all Generatioun gewuess - elo och erëm?
    Nee, glécklecherweis net an et war jo och net néideg well Plaz huet een emmer nach genuch. Eenzeg d’Spuer gouf méi breet, déi hennescht Rieder si lo een Zoll méi grouss wéi vir a fir de Plus un Equipementer ze kompenséiere koum méi Aluminium bei der Karosserie an den Asaz.

    Dat kléngt jo scho ganz gutt - ech ka mer virstellen, du hues ongedelleg op d’Testfahrt gewaart!
    Awer esou eppes vun! Ech hat schonn dat grousst Gléck déi zwou lescht Generatiounen, den 997 an den 991 ze fueren a war all Kéiers begeeschtert. Den 992 setzt nach een drop. Bon, déi nei Diergreffer déi automatesch ausfuere si fir mech éischter Spillerei, dofir passen déi nei Setzer bannena perfekt. D’Motore sinn eng Weiderentwécklung vun den Turboboxer vum Virgänger, am S leescht de 6-Zylinder elo 30 PS an 30 Nm méi. Dat heescht am ganze 450 wou ech mech froen ob en iwwerhapt nach méi brauch. En Tratt op d’Gaspedal gett 1 zu 1 emgesat, den 911 zitt fort wéi een Jet, de Boxer kléngt dobäi wéi e soll an dréint ganz turbo-ontypesch och gär mol bis 7500 Touren. Déi komplett nei 8-Gang-PDK konnt dat ganzt nach just kréinen. Nach ni hat ech eng automatesch Boite déi méng Gedanke esou gutt liese konnt. An de Bierger ronderem Valencia hat se emmer de richtege Gang parat, dat ultraséier an ouni Geruckels - grousse Respekt un d’Porsche-Ingenieuren.

    Paul, du bass begeeschtert?
    A wéi. An och bei der Stroosselag hält et net op; Grip an Traktioun leien um Topniveau, d’Steierung genee no méngem Gout: en herrlech klengt Steierrad, direkt, net ze liicht a mat guddem Feedback. A fir dat näischt schief geet setzen déi elektronesch Schutzengelen diskret am Hannergrond.

    Kuerz zesummegefaasst - en Dramauto!

    Genee esou ass et. Leider och zu engem Drampräis; sechsstelleg geet et un: 118.615,77 Euro fir de Carrera S sinn de Moment de Minimum a gaaaaaaanz vill Loft no uewen wann ee sech bei den Optiounen défouléiert!

    A weider dreeme däerf ee beim Paul senge Fotoen. Déi, an d’Präisser vum neien 911er fannt der op auto.rtl.lu.

    0 min
  • Automag , 13/02/2019 09:15
    Wien Porsche seet, deen denkt 911. Schonn iwwer 50 Joer ass de Sportswon eng Ikon fir d’Mark aus Zuffenhausen. Elo start den 911 an déi 8. Generatioun an de Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Valencia derbäi.
    0 min
  • Automag, 13/02/2019 09:15
    Wien Porsche seet, deen denkt 911. Schonn iwwer 50 Joer ass de Sportswon eng Ikon fir d’Mark aus Zuffenhausen. Elo start den 911 an déi 8. Generatioun an de Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Valencia derbäi.
    0 min
  • Automag: Opel GT X, 11/02/2019
    USO: A wéi eng Richtung ginn déi nächst Opel-Modeller? Eng Äntwert op dës Fro gouf et um Autofestival – während zwee Deeg stoung zu Bartréng een interessante Prototyp an de Paul Origer huet sech dee méi genee ugekuckt!

    PSA iwwerhëllt Opel – nodeems d'Rüsselsheimer joerelaang ënnert der Fuchtel vu GM stoungen ass elo d'Mammenhaus vu Peugeot a Citroën um Rudder. Bei Fans a Clienten sécherlech e Grond fir vill Froen. Behält Opel seng DNA oder gëtt et just ee Peugeot à la sauce allemande? Genee dorëms goung et bei der Virstellung vun der Etude GT X Experimental; hannendru stécht den Assistant Chief Designer Quentin Hubert, dee gebierteg zoufälleg aus der Noperschaft, vu Sierck-les-Bains kënnt. Déi 28 Joer jonk riets Hand vum Mark Adams erkläert eis de Wee zu dëser Etude:
    CUT 1: ExperimentalGTX_01Idée 23“

    Ween Opel seet, deen denkt Manta, de Logo mam Blëtz, déi giel Faarf, GSi an net ze vergiessen de legendären Opel GT vun 1968 – abee an déi Richtung, zeréck bei d'Wuerzelen soll et nees goen.
    CUT 2: ExperimentalGTX_02Retro&Vizor 37“

    Während also am Trend vun den Elektroautoen de Grill ëmmer méi verschwënnt, setzt den GT X Experimental genee erëm op dat Design-Element. Hannert dem esougenannte Vizor losse sech anengems perfekt all d'Equipementer vun den Assistenzsystemer, Kameraen a Radare verstoppen. Vu wäitem soll esou en Opel direkt erëm ze erkenne sinn. Fir de Rescht gëtt et net vill Schichi, alles éischter op e Minimum reduzéiert, e bëssen am Bauhaus-Stil oder wéi d'Produite vun der Mark Braun – esouger d'Elbphilharmonie gouf an de Verglach mat erabruecht; eng zollitt Basis a puristesch uewendriwwer; dat selwecht gëllt och fir bannenan:
    CUT 3: ExperimentalGTX_03ElementsPour Futur 40“

    Schonn an den aktuelle Modeller sinn d'Sëtzer e grousst Thema, an Zukunft sollen déi sech dem Chauffer nach méi upassen, aktiv an adaptatif. De GT X Experimental u sech ass just eng reng Concept-Etude a wäert esou net produzéiert ginn, obwuel de kompakten SUV am Coupé-Stil bestëmmt gutt ukéim.
    CUT 4: ExperimentalGTX_04Etude JusteFirZeWeisen 18“

    Eng Zukunft, an déier e neie klenge Coupé wéi d'Etude GT Concept vum leschte Joer keng Plaz wäert hunn, déi däitsch Traditiounsmark Opel awer sécher nees wäert u Perséinlechkeet gewannen.


    0 min
  • Automag: Opel GT X , 11/02/2019 11:50
    A wéi eng Richtung ginn déi nächst Opel-Modeller? Eng Äntwert op dës Fro gouf et um Autofestival – während zwee Deeg stoung zu Bartréng een interessante Prototyp an de Paul Origer huet sech dee méi genee ugekuckt.
    0 min
  • Automag: Opel GT X, 11/02/2019 11:50
    A wéi eng Richtung ginn déi nächst Opel-Modeller? Eng Äntwert op dës Fro gouf et um Autofestival – während zwee Deeg stoung zu Bartréng een interessante Prototyp an de Paul Origer huet sech dee méi genee ugekuckt.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners