Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag , 30/01/2019 09:15
    D'Highlights vum Festival 2019. Den Autofestival ass zënter dem leschte Weekend amgaang a vill Leit si schonn an de Garage passéiert. An do gëtt et deen een oder aneren Highlight ze gesinn; de Paul Origer huet eis déi haut matbruecht!
    0 min
  • Automag, 30/01/2019 09:15
    D'Highlights vum Festival 2019. Den Autofestival ass zënter dem leschte Weekend amgaang a vill Leit si schonn an de Garage passéiert. An do gëtt et deen een oder aneren Highlight ze gesinn; de Paul Origer huet eis déi haut matbruecht!
    0 min
  • Automag: Soirée Autofestival, 28/01/2019
    R T L Automag
    Méindeg: 28.01.2018
    U S O :
    Mëtt Januar hunn jo ADAL a FEGARLUX fusionnéiert. Elo ass et d’FEDAMO, also d’Fédération des distributeurs automobiles et de mobilité. Déi haten op d’Soirée Autofestival 2019 invitéiert, an doweenst en interessante Personnage invitéiert fir en Exposé.
    «Impulse für das Automobiljahr 2019 » war deen iwwerschriwwen.
    De Christian Schmit war lauschteren a krut en Interview mam Professer Hannes Brachat.

    T E X T :
    Hannes Brachat, Jahrgang 1948, zu Iphofen bei Würzburg doheem. Een deen d’Automobilbranche analyséiert a commentéiert, an déi aus Made in Germany aus dem FF kennt.
    Ass Editeur vun der renomméierter Publicatioun AUTOHAUS, an och schon zënter bal 2 Jorzengten Professer op enger Héichschoul fir Economie an Emwelt.
    „HB ohne Filter“, esou sinn seng Virträg iwwerschriwwen, hunn et an sech an huele kee Blatt vrun de Mond.
    Vun eisem Konzept Autofestival war den Invité ganz begeeschtert?
    (Cut 1…)
    De Client wir veronsechert, esou den Tenor an der Branche am Moment.
    (Cut 2…)
    Wat réit dann den Expert? Dierf et dann awer z.b nach en Diesel sinn?
    (Cut 3…)
    A sengem Exposé huet de Professer Hannes Brachat awer och Impulser fir de Vendeur ginn. Digitaliséirung  dierft nett zum Selbstzweck ginn.
    (Cut 4…)
    Vill Applaus gouf et fir de Professer Hannes Brachat, a mat him kucken mir deemnächst nach eng Kéier op d’Evolutioun vum Automobil a wéi mir an Zukunft dierften ennerwee sinn.


    Ofso Speaker:
    …mee elo sinn d’Aaen awer emol voll a ganz op den Autofestival 2019 geriicht, an eng gut Orientéirung heifir gett et an eisem Autofestival Dossier op www.rtl.lu
     

    0 min
  • Automag: Soirée Autofestival , 28/01/2019 11:50
    Mëtt Januar hunn ADAL a FEGARLUX fusionnéiert. Elo ass et d’FEDAMO, also d’ 'Fédération des distributeurs automobiles et de mobilité'. Déi haten op d’Soirée Autofestival 2019 invitéiert, an dowéinst en interessante Personnage invitéiert fir en Exposé. «Impulse für das Automobiljahr 2019 » war deen iwwerschriwwen.
    0 min
  • Automag: Soirée Autofestival, 28/01/2019 11:50
    Mëtt Januar hunn ADAL a FEGARLUX fusionnéiert. Elo ass et d’FEDAMO, also d’ 'Fédération des distributeurs automobiles et de mobilité'. Déi haten op d’Soirée Autofestival 2019 invitéiert, an dowéinst en interessante Personnage invitéiert fir en Exposé. «Impulse für das Automobiljahr 2019 » war deen iwwerschriwwen.
    0 min
  • Automag, 23/01/2019
    De Salon Auto / Moto / Van zu Bréissel, deen contrairement zu aneren “complet” affichéiert. Wou Detroit, Frankfurt oder Paräis Krämpes hunn hir Halen ze fëllen an d’Marquen dacks ofsoen, sou gëllt dat nett fir Bréissel.
    (Cut 1...) 25sec
    Vum Porte parole vun der FEBIAC, der ”Fédération belge de l’automobile et du cycle” ginn mir gewuer dass si och elo zu Lëtzebuerg representéiert sinn?
    (Cut 2...) 30sec
    Déi eng oder aner Welt an Europa Première konnten d’Organisateuren dann och vermierken. Modeller déi d’Importateuren dann och bestëmmt versichen op den Autofestival zu Lëtzebuerg ze bréngen?
    (Cut 3...) 20sec
    De Salon heescht Jo Auto / Moto / Van. Wéi beléift sinn dann Zweerieder a wéi een Trend zeechent sech do of?
    (Cut 4...) 35sec
    Mir hunn och dierfen hannert d ‘Kulisse kucken, an och de Salon op der Expo zu Bréissel, a senger 97. Editioun, eng logistesch an organisatoresch Erausfuerderung?
    (Cut 5...) 8sec
    Autoe fir ze dreemen dierfen dann och erëm an der belscher Haptstaad bewonnert ginn. D’Expo Dream Cars an der Haal 1 bitt sech un, an mäi coup de coeur war déi Kéier de Vanderhall Speedster aus den USA. En Tricyle deen et an sech huet, an deemnächst stelle mir iech deen am Automag fir...
    Ofso Speaker:
    ...Fotoen vum Vanderhall Speedster an aner Impressioune vum Salon Auto/Moto/Van zu Bréissel, op www.auto.rtl.lu

    0 min
  • Automag , 23/01/2019 16:15
    Kuerz virum 55. Auto Festival, deen dëse Freideg bei eis am Grand-Duché ufänkt, stinn am Moment schonn d’Nouveautéiten zu Bréissel um Plateau. Dat ass de "Salon Auto / Moto / Van", organiséiert vun der FEBIAC.
    Wéi beléift ass dee Salon an der belscher Haaptstad? Mir hunn de Christian Schmit dohi geschéckt.
    0 min
  • Automag, 23/01/2019 16:15
    Kuerz virum 55. Auto Festival, deen dëse Freideg bei eis am Grand-Duché ufänkt, stinn am Moment schonn d’Nouveautéiten zu Bréissel um Plateau. Dat ass de "Salon Auto / Moto / Van", organiséiert vun der FEBIAC.
    Wéi beléift ass dee Salon an der belscher Haaptstad? Mir hunn de Christian Schmit dohi geschéckt.
    0 min
  • Automag: Festival-Dossier op rtl.lu, 21/01/2019
    De nächste Weekend ass et nees esouwäit, do start zu Lëtzebuerg den Autofestival – fir eis Automag-Redaktioun de Moment vum groussen Opotmen, besonnesch fir de Paul Origer dee sech nees em de groussen Online-Dossier bekëmmert huet.
    Paul, du gesäis relativ entspaant aus!

    Dat sinn ech och; och wann et ëmmer heescht, nom Festival ass virum Festival, et kënnt awer ëmmer alles déi läscht Deeg zesummen an dann heescht et: Gas ginn!

    Abee, d’Gas ginn huet sech gelount, de Festivalsdossier ass nees online. Wat stécht do derhannert?
    Et ass am Fong schonn eng Traditioun an dat zenter Joeren; et soll einfach eng Hëllef sinn fir deen, deen en Tour iwwert de Festival plangt, sief et fir einfach just ze firwëtzen oder wëll en tatsächlech een neien Auto wëll. An eisem Online-Special fënns de op der Startsäit d’Grille mat alle Marken déi et um Lëtzebuerger Maart gëtt.

    An do sinn der 2019 och derbäi komm!
    Genee, an deene läschte Joeren hu mer der jo e puer verluer; Daihatsu gëtt an Europa net méi verkaf, Daewoo existéiert net méi, Saab ass faillite, Lancia fënnt ee just nach an Italien an esou virun. Elo si mer bei 53 Marken, a ganz nei dobäi sinn Alpine, déi berühmte Sportsmark vu Renault, dann Borgward, déi dëst Joer no laanger Zäit nees operstan ass a Cupra als nei Mark fir déi méi sportlech Seat-Modeller.

    A fir all Mark gëtt et am Dossier Autofestival déi selwecht Informatiounen!

    Voilà, du klicks drop a kriss op ee Bléck alles wat zënter dem läschten Autofestival vun neie Modeller bei dëser Mark presentéiert gouf. Natierlech froen ech no ob déi dann och während dem Festival ze gesi sinn, net dat d’Leit fir näischt dohinner fueren. Do gëtt dann och ganz kuerz beschriwwen wat un deene verschiddenen Autoen nei ass, heiansdo ass et jo och just ee Facelift oder awer carrément eng ganz nei Generatioun.

    An e puer Extras loossen d’Marken a Concessionairen sech awer och afalen!
    Dat ass grad dat Flott; eise Festival ass jo am Fong den Ersatz vun engem groussen Autosalon, just mam Ennerscheed dat deen net an enger Ausstellungshal stattfënnt mee bei all eenzelne Garage. An do hunn déi eng oder aner mol e klenge Leckerbissen u Land gezunn; sief et eng Avant-Première oder wéi haut éischter gesot gëtt: eng Sneak Preview. Anerer organiséieren eng Extra-Ausstellung ronderem ee Modell, oder esouguer Concept Cars ginn ausgestallt déi ee soss zu Frankfurt, Paräis oder Genève gesäit. An dat steet alles an eisem Dossier.

    An anescht wéi elo hei um Radio kann een sech dës Autoen och ukucken?
    An dat ass jo och de Virdeel vum Internet; fir all Modell hu mer eng kleng Gallerie ugeluecht fir dat een sech jo och eppes drënner virstelle kann. Dann och déi entspriechend Links op eis online Autopräisser, den Internetsite vun der Mark selwer an, wann de Serge oder de Pascal e Kandidat aus der Modellpalett am Telé’s-Test haten, dann och de Link dorop.

    Dat héiert sech no vill Aarbecht un?
    Dat ass et och wëll besonnesch déi grouss däitsch Marken lancéieren ëmmer ganz vill nei Autoen an do muss een sech déi Informatioune siche goen. Wat net emmer esou einfach ass; engersäits sinn d’Pressesiten zimlech schlecht gemaach, mee de Problem ass een aneren. Mir hänke jo dacks vun der Belsch of wëll si Importateur fir vill Marke sinn. An do stelle mer fest dat déi Grenzen tëscht Lëtzebuerg a Bälsch ëmmer méi grouss ginn. PR’en déi net äntwerten oder Lëtzebuerg carrément vergiessen an esou virun. Dat erschwéiert et onnéideg. Mee dann ass een ëmsou méi frou wann den Dossier steet an eis Informatioune stëmmen.

    OFSO: An dovu kënnt der iech selwer iwwerzeegen, klickt bis eran an de Festivalsdossier op auto.rtl.lu


    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners