Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag "Routes mythiques", 09/02/2019

    U S O :
    …ennerwee op spektakuläre Stroossen sinn mir haut am Automag. Dat am Kader vun enger Expo mam Thema « routes mythiques », an déi konnte ee sech zu Parais ukucken. De Christian Schmit dee bei eis ass, hat dat gemaach…
    T E X T :
    …jo a well den Termain fir sech se unzekucken schon erlaanscht ass, hunn ech ganz vill Fotoen vun do matbruecht. Do konnt en zu de verschiddenen Epochen dann och di passend Autoen, Motoen an Sportsween gesinn, déi extra heifir zesumme gedroen goufen. Eis flaisseg Internet Equipp huet déi och schonn online gesat.Wéi gewinnt: www.auto.rtl.lu
    Speaker:             Wat ass dann par définition, eng route mythique?
    Gut Fro, an doriwwer hunn ech mech um Bord vun der wirklech aussergewéinlecher Expo mam Collectionneur an Organisateur vun der Expo Jean Paul Lebusit ennerhal.
    (Cut 1…) 25sec
    Natirlech faalen engem do d’Klassiker an, Panamericana, d‘Seidestrooss a ganz secher d’Route 66. A mat där, huet sech erausgestallt, kennt mai Gespréichspartner sech ganz gut aus.
    (Cut 2…) 22sec
    Bon bleiwe mir dann emol nach an den USA, dann zielt zu esou enger „route mythique“ secherlech den Alaska Highway, 2 350km déi de Numm „route sans fin“ droen, well du gesais just Bësch. Méi interessant gett et a Florida. Den Trançon iwwer d’Seven Mile Bridge duerch de Golf vun Mexiko vum Festland bis op Key West.
    Speaker :           Ronderem de Globus ginn et där routes mythiques wou een op der Traversée den Otem unhällt?
     Richteg. Do gett esou eng Top 10, a nieft deenen déi mir genannt hunn, sinn et och nach d’Gorgen am Dadès am Maroc, an de Bierger vum Atlas.
    Oder 11km mat 99 Kéieren a China op der route du sommet zu Tianmen.
    Wéi wir et mat 8 Brecken op 8,3 Kilometer. Esou eng route mythique gett et a Norwegen a leeft duerch den Atlantik.
    Great Ocean Road an Australien vun Melbourne op Adelaide zielt zu de routes mythiques, genee wéi de Col de Sani am Kwa Zulu Natal Südafrika. Do turns de ouni Leitplank op 2800m ronderem.
    E besschen manner geféierlech d’Route 40 an Argentinien. Iwwer 18 Flëss duerch Duerch 20 Nationalparken. Och pas mal.

    Speaker:                 Esou „Excursiounen“ bedeiten jo och bal ëmmer Aventure an Odyssée ?
    Jo an dat war och Bestandeel vun der Expo „routes mythiques“. Mat de passenden Autoen déi domols mat bescheidener Leeschtung den Tour ronderem d’hallef Welt gepakt hunn?
    (Cut 3…) 40sec
    An et gett aner Beispiller vun Oldtimer déi Pionéier, Meilesteng, aus villen Automobil Epochen?
    (Cut 4…) 32sec
    « Routes des années glorieuses » war genee esou en Thema wéi den Ausbleck an « d’routes de l’avenir ». An Enn Abrëll kann een déi Oldtimer dann erem gesinn. De Jean Paul Lebusit seet eis wou?
    (Cut 5…)  18sec
    Mee esou eng „route mythique“ kann natirlech fir deen een och e Col an der Schwaiz oder Italien sinn, oder fir en aaneren och en Tour duerch eise Mëllerdall.  Duerchaus kann dat och de Fall sinn. Vill Klibb komme jo all Joer fir hir Moto Randonnées‘en an de Grand Duché. An déi passend Brochure heizou heescht Mullerthal Touring, do kann sech dann jidereen seng perséinlech „route mythique“ virun der Hausdier zesummestellen…
    Speaker:                  Bon. Merci an elo kucke mir eis d’Biller op www.auto.rtl.lu un.  

     

    0 min
  • Automag "Routes mythiques" , 09/02/2019 11:15
    Route 66, Panamericana, Seidestroos, dat si sécher déi bekanntst, mä et ginn esou vill Stroossen op der Welt, déi richteg Mythe sinn. Ënner dem Motto "Routes mythiques" war zu Paräis eng Expo ze gesinn, déi mer mam Christian Schmit am Automag ënnert d'Lupp huelen.
    0 min
  • Automag "Routes mythiques", 09/02/2019 11:15
    Route 66, Panamericana, Seidestroos, dat si sécher déi bekanntst, mä et ginn esou vill Stroossen op der Welt, déi richteg Mythe sinn. Ënner dem Motto "Routes mythiques" war zu Paräis eng Expo ze gesinn, déi mer mam Christian Schmit am Automag ënnert d'Lupp huelen.
    0 min
  • Automag, 06/02/2019
    ---„chic français“ oder „deutsche Gründlichkeit“, dat ass d’Fro. Peugeot 508 GT, oder VW Arteon R-Line.
    De VW Arteon ass jo schon eng Zaitchen um Marché. Mee et ass e besschen Suergekand vum VW Grupp, well esou dermoossen ass den Arteon nett gefrot.
    Sollt jo als Successeur vum Modell Phaeton untrieden, mee dofir feelt him déi Portioun Extravganz an Luxusfeaturen fir sech vum Passat an der Gamme ze distanzéieren.
    Un der Gréisst leit et nett. 4m86 an e Radstand deen och an der zweeter Rei fir Business Class Verhältnesser suergt. Just nett bei der Kapp Fraiheet hannen. Mee bei enger Coupé Limousinn kann een och keng Wonner erwarden.

    Obwuel den Intérieur top verschafft ass, an 1.klassseg ageriicht mat den „ergoConfort“ Sëtzer bis bei den haut obligatoreschen Multimedia Package. Och bei den Assistenz Systemer ass alles u Bord wat d’VW Regal hier gett.
    An där vun äis gefuerener Versioun gouf et och eng 4X4 Traktioun. Déi ass beim Kontrahent Peugeot 508 nett dran, och nett an der Optiounslescht.  
    De Peugeot 508. 11 Zentimeter méi kuerz, wirkt optesch méi dynamesch wéi de Virgänger. Wirkt wéi aus engem ganz aneren Holz geschnetzt. Orientéiert sech vun der Designlinn erem méi um Modell 406 oder 407. Natirlech sinn mir dann wéi ëmmer beim „les goûts et les couleurs“ mee den neie 508 gefällt mir stilistesch besser wéi den Arteon.
    Dee kann kloer bei de Plazverhältnesser punkten.  Egal op an der éischter oder der zweeter Rei, oder do wou Gepäck oder soss Emgeréits verstaut gett. 475 Liter, an wann alles emgeluegt gett, der iwwer 1500. Di heenscht Setzrei léisst sech beien allebéid nett verstellen-. Bon wien méi Plaz brauch muss dann op d’Kombi Versioune waarden…  
    Bannenan wierkt de Peugeot och méi modern. Amaturen aus dem Bestseller 3008 goufen mat an d’Coupé Limousinn iwwerholl.
    Chic sportlech a fonctionell wellen si allebéid sinn. Gelengt dem Auto mam Léif am Kühlergrill en Tick besser.
    Den Undriff:
    Mir haten di zwee mat op Reportage.. Den VW Arteon hate mir mat op d’Essen Motor Show, de franséische Pendant op Cochem an de Moselland Museum.
    Well soen, mir konnten di zwee op daitschen Autobunnen lancéieren. Natirlech wou keen Tempolimit ass.
    De VW Arteon hat den 2 Liter TSI un de Start bruecht. 280 PS déi richteg lass leen wann Turbolach dann emol iwwerwonnen ass. Mat der ugeschwatener 4 Motion Traktioun kennt di Kraaft och propper op de Makadam. Em 6 Sekonnen fir op 100 an 250km/h, nach Froen?
    Do kann den Peugeot nett ganz mathalen. E 1600er mat 225 PS ass de Maximum deen am Programm ass.
    Mee vu dass de Fransous manner Kiloen op d’Wo brengt, geet deen och hell ewech zur Saach. 7,3 Sekonnen op 100 an och em déi 250 km/h.
    Natirlech kann de Fuer Modus vun Normal bis Sport individuell gewielt ginn. Interessant, allebéid ginn sech moderat am Verbrauch. Eng 7 virum Komma ass duerchaus dran, bei deene Fuerleeschtungen, pas mal.
    D’Praisser:
    Bei Peugeot stungen um Enn nobai 51 000 Euro um Praisscheld. Allerdengs dann voll gepakt, mat allen erdenklechen Optiounen. Ganz positiv ass Night Vision opgefall. Foussgänger,  Déieren , oder aner Obstaclen déi onbeliicht laanscht d’Strooss stinn ginn detektéiert an de Chauffeur kritt dat visuell an akustesch matgedeelt.
    Zu Wolfsbuerg ginn à la base 49000 Euro opgeruff. Mee eng Partie Optiounen gönnt ee sech och heio bestemmt, an dann lande en och bei iwwer 50 000 Euro.
    (Am Résumé)                    Fest steet, wien dacks gréisser Strecken muss absolvéieren, ass mat deenen zwee gutt zerwéiert. Méi GT Gran Turismo Style am 508, méi Confort a Plaz am Arteon.
    Di zwee stinn sech deemnächst dann och als Break resp. Shooting Break géintiwer.

    Ofso Speaker.                      Merci Christian.
    0 min
  • Automag , 06/02/2019 16:15
    Gläich zwee Modeller haut am Automag. An dësem Fall gläich zwou Coupé-Limousinnen. De fuschneie Peugeot 508 steet dem VW Arteon vis à vis.
    De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deenen zwee.
    0 min
  • Automag, 06/02/2019 16:15
    Gläich zwee Modeller haut am Automag. An dësem Fall gläich zwou Coupé-Limousinnen. De fuschneie Peugeot 508 steet dem VW Arteon vis à vis.
    De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deenen zwee.
    0 min
  • Automag: Skoda Kodiaq RS, 04/02/2019
    R T L Automag
    ………
    U S O :
    …wéivill PS brauch de Papp oder d’Mamm? Gut Fro, am neie Skoda Kodiaq RS sinn et der op alle Fall genuch fir rasant mat der ganzer Famill op den Tour ze goen.
    A genee deen gouf Enn 2018 présentéiert an ass elo Thema am Automag. Hannert dem Volant de Christian Schmit, salut…

    T E X T :
    An di eelste Stad op europäeschem Festland Cadiz am spueneschen Andalusien hat Skoda invitéiert fir hire neiste Modell ze présentéieren.De Skoda Kodiaq RS.
    D’Jingle Missioun:
    De Skoda Kodiaq e Modell dee mir schonn kennen, an deen och schonn a ville Garagen parkt. Den RS well elo dee sportlechsten Vertrieder an der Gamme sinn. RS steet jo fir Renn Sport, also déi méi rasant Modeller. Bon mat sengem 240-PS-Diesel-Motor passt dat ganz gut well et ass dee stärksten Diesel an der Geschicht vun der Marque.
    Bon, deen 2 Liter Biturbo kennt aus dem VW Regal an suergt och am Modell Tiguan fir sportiv Fuerleeschtungen. 500Nm Dréimoment ginn gestemmt, an dat serieméisseg op di 4 Rieder. Mat där Motoriséirung ass de Sprint vum 7 Setzer mat enger 7Gang DSG Boîte an 6 ½ Sekonn op 100 absolvéiert. Top speed 220km/h.
    Et war een och schon bis op de Nürburgring, an do huet d’Racing Pilotin Sabine Schmitz dann mol e Rekord op der Nordschleife opgestallt. Séierste Ronn um Ring mat engem 7 Setzer SUV. An daat mat engem Chrono vun 9:29,84 Minutten.
    Bon mir waren wéi gesot an Anadalusien domat ennerwee, an um ofwiesslungsraichen Parcours, vun awer emmerhin 300km, hunn mir festgestallt dass dee sportlechsten Kodiaq sech suwuel relax wéi dynamesch beweege léisst.
    DCC, Dynamic Chassis Control an eng top progressiv Lenkung machen aus dem Tschech den Dynamiker.
    Seng sportlech Ambitiounen ennerstraicht de Skodia Kodiaq RS mat Dynamic Sound Boost. Je no Fuermodus klengt den RS dann nach e besschen anescht wéi di normal Motor Geraischer. E Generateur mecht dat méiglech,. Ob een dat brauch…mmmh éischter kaum. Jo an den RS Logo ass och nett ze iwwersinn, e puer Spoileren dierfen un d’Carosserie, genee wéi impressionant 20 Zoll Felgen.
    Full LED gett och gebueden an de Skoda Kodiaq am RS Look brengt vill Assistenz Systemer déi d’Secherheet an de Fuerconfort no uewen schrauwen.
    D’Jingle: Intérieur
    Bannenan gett et och nett vill ze meckeren. Suwuel Ergonomie a Finitioun, sou wéi een et aus dem VW Grupp gewinnt ass. Passt ouni sech vill Gedanke mussen ze maachen. De virtuelle Cockpit mat Touchscreen Display an LTE WLAN Hotspot kritt eng Rumm aus Carbon spendéiert. Gellt och fir Navi an Infotainment. Et geet ee mat der Zait, MirrorLink ass dran an den Handy kann induktiv geluede ginn.
    Eng gutt Figur machen och di serieméisseg Sport Setzer mat perforéiertem Alcantara wannechgelift.
    Am Resumé:
    De Skoda Kodiaq RS, den idealen Partner fir op d’grouss Rees awer och e prakteschen groussen SUV fir d’ganz Famill mat sportlechen Alluren. E mecht eng gutt Figur, brengt optimal Fuerleeschtungen, erfellt d’Euro 6d Temp Norm, verbraucht 8 Liter, kascht ronn 50 000 Euro, an ass direkt disponibel:
    Eng Leçon gouf et fir äis bei der Présentatioun a Sachen 4 X 4 Traktioun a Physik. Jo och mat engem Allrad stéisst een u seng Grenzen. Wann ee mengt e puer flott Fotomotiver um Strand missten ze knipsen.
    Resultat: Rien ne va plus, mee eng ganz frëndlech Policia local huet virugehollef, an esou blouwen um Enn vun där Aventure just e puer Spueren am Sand…Muchos gratias op dëser Plaz
    Ofso Speaker:
    Fotoen vum Skoda Kodiaq RS am sand an och op anere Plazen déi gesait een op www.auto.rtl.lu



    0 min
  • Automag, 30/01/2019
    Den Autofestival ass zënter dem leschte Weekend amgaang a vill Leit si schonn an de Garage passéiert. An do gëtt et deen een oder aneren Highlight ze gesinn; de Paul Origer huet eis déi haut matbruecht!

    Paul, hues de däin Tour dann och scho gemaach?
    Jo, effektiv war ech leschte Weekend och ennerwee, wann och net laang wëll ech net vill Zäit hat. Mee et war erstaunlech roueg! Op d’mannst emol Samschdes nomettes a Sonndes ronderem d’Mëttesstonn wou ech ennerwee war.

    Du hues dech jo em eise Festivalsdossier op auto.rtl.lu gekëmmert an do ginn et wéi emmer déi eng oder aner “Highlights” déi een um Festival awer net verpasse sollt.
    Genee esou ass et, wann och dëst Joer déi méi speziell Exponater sech e bëssen zeréckhalen. Soss hate bal all déi grouss Marken op d’mannst eng Avant-Première oder eng Sneak Preview vun engem Modell deen nach net lancéiert ass, heiansdo esouguer an enger Blackbox verstoppt. Abee, de Grond war dëst Joer de Salon zu Bréissel deen eréischt leschte Sonnden op een Enn goung an esou mat eisem Festival kollidéiert ass – folleglech konnten eng Parti nei Autoen net ausgestallt ginn oder kommen eréischt dës Woch.

    Da verrod eis emol e bessen eppes!
    Da géing ech mam éischten Elektro-Auto vun Audi, dem e-tron, starten dee bei den Ingolstädter eng nei Ära alaut. Bei BMW ginn et direkt 4 Premièren; den neien 3er, den Z4, de Retour vun der 8er-Reih an den XL-SUV X7. Citroën dréint de grousse Limousinen de Réck a lancéiert als Ersatz fir den C5 den SUV C5 Aircross. Iwweregens hu mer och zwou nei Autosmarke bei dësem Festival derbäi; Borgward a Cupra, lescht Joer huet Alpine hir Renaissance gefeiert. Eng Avant-Première a Form vun engem neie SUV gëtt et bei DS, den DS3 Aircross léist den “normalen” DS3 of. Honda weist fir d’éischt deen neien CR-V an den Elektro-Jaguar I-Pace feiert och séng Première. Bei Kia steet den neie ProCeed; dee sinn ech viru kuerzem eréischt op der Présentatioun gefuer.

    De ProCeed ass elo fläit eng Ausnahm, mee et geet awer erem monter viru mat den SUV’en!
    Dat kanns de haart soen; z.B. LandRover weist eis déi zweet Generatioun vum RangeRover Evoque, Lexus kritt elo an e puer Deeg direkt vu Bréissel hiren neie Kompakt-SUV UX an de Showroom, a bei Mercedes gëtt an der zweeter Festivalswoch och Zukunftsmusek a Form vum neie Stromer-SUV EQC gespillt. Bei Peugeot gëtt mam neie 508 awer d’Traditioun vun den elegante Limousine weidergefouert a Porsche presentéiert déi 8. Generatioun vun der Ikon 911 – geschwenn och hei op der Antenn méi dozou - a ronderem d’911er Story och eng extra Ausstellung um Houwald mat ënnert aneren de LeMans-Rennwon 919 Hybrid. A fir nach emol bei méi bezuelbar Autoen zeréckzekommen; e klenge Coup de Coeur steet bei Suzuki; den Jimny krut no 13 Joer endlech en Nofolger an dat ass genee esou eng sympathesch Këscht wéi virdrun. Toyota léist de Corolla nees operstoen, Seat weist eis den Tarraco och als Virpremière, grad ewéi de Mammekonzern VW, déi de klenge Cousin T-Cross presentéieren.

    An e puer Marke erlaben eis e Bléck an d’Zukunft!
    Richteg; bei Opel konnt ech gëschter d’Etude Experimental X gesinn iwwert déi mer och nach wäerte berichten. A Skoda huet am neie Showroom zu Jonglënster de Vision X ausgestallt, och e bëssen een Ausbléck a wéi eng Richtung den Design vun den Tschesche wäert goen.
    OFSO: Also vill ze gesinn um Autofestival; a fir dat der den Iwwerbléck behalt, klickt einfach eran an de Festivalsdossier op auto.rtl.lu
    Ofso / Teaser : Am Gespréich am Direkter vum Automobile Club geet tëscht 12:00 an 13:00 ë.a. och iwwer den Autofestival rieds. Eng vun de Froen déi sécher wäert optauchen: Wéi een Auto soll ee kafen? Bensiner, Diesel oder Elektro?

    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners