Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Museo Storico AlfaRomeo Milano , 19/01/2019 11:15
    Et ass eng vun de renomméierten italieneschen Autosmarken: d'Modeller vun Alfa Romeo wierken ëmmer ganz elegant. ALFA steet fir Società Anonima Lombarda Fabbrica Automobili an de Romeo kënnt vum Ingenieur Nicola Romeo. Zu Mailand gouf d'Firma gegrënnt an och wann hire Sëtz haut zu Turin ass, ass zu Mailand e Musée vun der Marque. De Serge Pauly war do.
    0 min
  • Museo Storico AlfaRomeo Milano, 19/01/2019 11:15
    Et ass eng vun de renomméierten italieneschen Autosmarken: d'Modeller vun Alfa Romeo wierken ëmmer ganz elegant. ALFA steet fir Società Anonima Lombarda Fabbrica Automobili an de Romeo kënnt vum Ingenieur Nicola Romeo. Zu Mailand gouf d'Firma gegrënnt an och wann hire Sëtz haut zu Turin ass, ass zu Mailand e Musée vun der Marque. De Serge Pauly war do.
    0 min
  • Automag, 16/01/2019
    Genee 50 Joer sinn et hir dat den Action-Krimi “Bullitt” iwwert d’Kino’s-Leinwänn geflimmert ass. Op d’mannst esou berühmt wéi den Haaptacteur Steve McQueen war awer och den offiziellen Déngschtauto, e Mustang Fastback vun 1968 dee bei de Verfolgungsjuegten duerch San Francisco huet missen duerhalen. De 50te Gebuertsdag ass fir Ford déi bescht Geleeënheet de Bullitt-Mustang nei opzeleeën.
    Paul, a Ford huet sech mat de Jubilaren!
    Jo, esou kann een et och gesinn well et ass och 10 Joer hier dat et dee läschte Mustang Bullitt gouf. Abee och hei gouf op déi typesch Bullitt-Elementer Wäert geluecht. Ugefaang mat der Faarf Dark Highland Green, déi schwaarz 5-Arm-Felgen mat roudw Bremszaange vu Brembo an ee komplett schwaarze Grill deen op ee Logo verzicht. Dofir gëtt et dat typescht Bullitt-Fadenkreuz hannen um Mallendeckel.
    An ech huelen un, och bannen ennerscheed sech de Bullitt vu sénge “brave” Bridder?
    Jo, wann och e bësse méi diskret; d’Steierrad an eng wäiss Billardskugel als Schaltknauf falen direkt an d’A, déi gréng Bitzereien um Tableau an op de Sëtzer gesäit ee réischt op den zweete Bléck. An de Bäifuerer kuckt op eng speziell Plakett déi all Bullitt-Mustang numeréiert.

    Wéi ass et mat der Technik? Ginn et hei och Ënnerscheeder?
    Jo, dee gréisste fanne mer wuel beim Motor selwer; de 5-Liter-V8 krut duerch klasseschen Tuning 14 Päerdercher bäi. An et gëtt just déi manuell Boîte, dofir hëlleft d’Elektronik elo beim Zeréckschalten mat automateschem Tëschegas. E flotte Gimmick dee gutt fonctionnéiert an déi schonn immens agréabel 6-Gang-Boîte nach méi schmackhaft mécht.

    Elo si mer natirlech firwetzeg; wéi fiert sech de Bullitt dann?
    Ech ka just soen – ouni e jemols gesinn ze hunn – mee ech stelle mer dem Steve McQueen säin 68er Mustang am Film genee esou vir. An do geet e ganz grousse Verdéngscht un déi nei Klappenauspuffanlag; de Sound ass wierklech dat allerbäscht. Besonnesch beim Kalstart léisst de Bullitt e richtegt Donnerwieder lass, am Sport- oder Rennstreckemodus kriss de déi komplett Palett; vum typesch déiwe V8 Blubbere begleet vum Schnorchele duerch deen oppene Loftfilter bis bei brachiale Staccato. En plus dréint de V8 elo nach méi héich, wann et muss sinn bis 7500 Touren. An héich Dréihzuele brauch en och; engersäits sinn d’Gäng zimlech laang iwwersat an enner 3000 Touren ass de 5-Liter nach net wakreg. Awer sou oder esou absolute Suchtpotential. Ouni säi Chauffer zevill an de Stress ze bréngen; d’Stroosselaach ass erstaunlech guttmiddeg, d’Optioun vun de verstellbaren Amortisseuren MagneRide misst ech net hunn, perfekt gelong ass d’Steierung mat top Feedback a Stroossekontakt. An esouguer Laangstreckekalitéiten huet de Bullitt och; just déi optional Recaro halen dech fest wéi e Schraufstack a si mer op Dauer ze enk, d’Sëtzpositioun awer dofir optimal, d’Fuergeräischer hale sech erstaunlech zeréck. An alles wat d’Liewe méi agréabel mecht, ass am Mustang dran, neierdéngs och Assistenzsystemer.

    Eng exklusiv Série – déi an d’Geld schléit?
    Bon, 7000 Euro muss ee fir de Bullit méi op den Dësch leen wéi fir ee GT – 52.000 Euro am Total sinn awer nach emmer en Top Präisleeschtungsverhältnis ouni Konkurrenz. Do verkraaft een och de Verbrauch vun nach raisonnablen 11 – 13 Liter. Exklusiv bleift de Bullitt duerch séng limitéiert Stéckzuelen a festgeluechte Bestellperioden. Fir Fans e Must, mir géing de GT am Fong och schonn duer. Mee wéi sot e Confrère vun der auto, motor und sport a séngem Artikel iwwert de Bullitt: en onerschütterleche Bensinns-Optimist am Zäitalter vum Elektro-Pessimismus.

    A Fotoe vum Mustang Bullitt huet de Paul och nees matbruecht - ze fanne sinn déi genee wéi d'Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu

    0 min
  • Automag , 16/01/2019 09:15
    Genee 50 Joer sinn et hir dat den Action-Krimi “Bullitt” iwwert d’Kino’s-Leinwänn geflimmert ass. Op d’mannst esou berühmt wéi den Haaptacteur Steve McQueen war awer och den offiziellen Déngschtauto, e Mustang Fastback vun 1968 dee bei de Verfolgungsjuegten duerch San Francisco huet missen duerhalen. De 50te Gebuertsdag ass fir Ford déi bescht Geleeënheet de Bullitt-Mustang nei opzeleeën, Paul Origer.
    0 min
  • Automag, 16/01/2019 09:15
    Genee 50 Joer sinn et hir dat den Action-Krimi “Bullitt” iwwert d’Kino’s-Leinwänn geflimmert ass. Op d’mannst esou berühmt wéi den Haaptacteur Steve McQueen war awer och den offiziellen Déngschtauto, e Mustang Fastback vun 1968 dee bei de Verfolgungsjuegten duerch San Francisco huet missen duerhalen. De 50te Gebuertsdag ass fir Ford déi bescht Geleeënheet de Bullitt-Mustang nei opzeleeën, Paul Origer.
    0 min
  • Automag: Citroën C5 Aircross, 14/01/2019
    /// USO NET MATLIESEN ///

    Du hëlls eis mat op Marrakesh, well do gouf viru kuerzem den neien SUV vu Citroën virgestallt ?

    Citroën war jo laang Zäit mat hire Picassoen Spezialist vum Monospace. SUV’en gouf et och an der Vergaangenheet, awer zum Deel verkleete Mitsubishien beispillsweis, also e bëssen hallefhäerzeg. Elo dann den C5 Aircross, grouss Ambitiounen: d’Virdeeler vun engem SUV mat deene vum Monospace kombinéieren. Also: beschte Confort, beschte Modularitéit a gréisste Mall, versprécht Citroën.

    Iert mir op déi bannezesch Wäerter ze schwätze kommen, géif ech mir fir d’éischt gären ukucken, wéi en ausgesäit?
    Mol guer net esou iwwel ! Schmuel Luuchten, uewendriwwer schmuel Dagesluuchten, ronderëm déi grouss Plastiksprotectiounen (Airbumps déi ee vun anere Citroën-Modeller kennt). Op Wonsch kann ee Loftëffnungen, oder d’Daachreeling faarwlech ofsetzen. Suergt fir e peppegen Androck. Gutt proportionnéiert. Alles an allem: sympathesch, manner aggressiv wéi Konkurrenten, awer definitiv net langweileg. Dat selwecht gëllt och fir den Intérieur: flott ze kucken, plazeweis awer bëlleg Matièren. Do hat Peugeot fir säin 3008 definitiv méi Budget.

    Komme mir elo bei déi dräi Versprieche vu Citroën. Éischtens: dee beschte Confort!
    Giff ech mat zwou Hänn ënnerschreiwen. Citroën huet wierklech de Confort betount. Dat fänkt mat méi mëlle Sëtzer un, mä och d’Suspensioun suergt mat „hydrauleschen Uschlagspuffer“ fir Confort ouni dass den Auto zevill schaukelt. No mengem Ausfluch op schlechte marokanesche Biergsstroosse muss ech soen: dat funktionnéiert effektiv! Mä wann ee Kéieren zevill schëtzeg hëllt, mierkt een, dass ee bei der Dynamik dann awer Ofstrécher muss maachen, och d’Lenkung fillt sech un, wéi wann se a Watt gepaakt wier, an d’Boite wiert sech géint eng sportlech Fuerweis. D’Sëtzer si mir och zevill mëll.
    Mä dat ass alles eng Affaire de Gout. Ech selwer hunn et léiwer, wann et e bësse méi knackeg-sportlech ass. Mä wien wierklech e confortabele SUV sicht, misst hei säi Gléck fannen, ouni dass e bei der kléngster Knubbel oder der éischter Kéier séikrank gëtt. Léiwer en Auto, dee sech kloer fir eng Richtung décidéiert, wéi verschidden aner Konkurrenten, déi probéieren e bësse vun allem ze sinn, an dann näischt richteg gutt kënnen.

    Zweete Verspriechen : déi beschte Modularitéit ?
    Fënnef Eenzelsëtzer, déi hënnescht dräi Sëtzer (iwwregens all d’selwecht breet) loossen sech ëm 15 Zentimeter verréeckelen. Et kann ee se mat Schlaufen ëmklappen, dat ass OK, awer do hunn ech och scho méi innovativ Systemer gesinn. Wann een d’Sëtzer ëmklappt, kritt een e riichte Mallebuedem. Dat ass alles fir e SUV schon zimlech gutt duerchduecht.

    Drëtte Promesse: déi gréisste Mall.
    An der Klass definitiv iwwerduerchschnëttlech: 580 bis 1630 Liter. Iwwer 100 Liter méi wéi de beléiften Tiguan beispillsweis. De Präis dofir: wéineg Plaz fir d’Been op der Réckbänk…

    Den C5 Aircross schéint alles ze halen, wat versprach gëtt. Wéi gesäit et iwwregens ënnert dem Capot aus?
    Zwee Motoren probéiert: 1600er Bensinner an 2 Liter Diesel, allen zwee mat 180 Päerd. Den Diesel mécht e souveränen Androck, dem klenge Bensinner feelt et bei esou engem schwéieren Auto un Dréimoment. Wien de Bensinner e bësse méi fuedert, gëtt mat Gejäiz a groussem Duuscht bestrooft.

    A wéi ëmmer musse mir um Schluss nach an d’Präislëscht kucken?
    Vun 23‘600 Euro fir en 130-päerdege Basis-Bensinner bis bei knapp 38‘000 Euro fir en 180-päerdegen Top-Diesel. 2 bis 3000 Euro méi bëlleg wéi Peugeot 3008, mä wéi gesot, et muss een och Ofstrécher bei der Finitioun maachen…  

    0 min
  • Automag: Citroën C5 Aircross , 14/01/2019 11:50
    Citroën huet zu Marrakesch säin neien SUV C5 Aircross presentéiert. Citroën seet, et wier e "Confort-Class-SUV". Versprach ginn: de beschte Confort, déi beschte Modularitéit an déi gréisste Mall an dëser Klass. De Serge Pauly huet den Test gemaach, a kann eis verroden, op déi dräi Verspriechen och gehale ginn.
    0 min
  • Automag: Citroën C5 Aircross, 14/01/2019 11:50
    Citroën huet zu Marrakesch säin neien SUV C5 Aircross presentéiert. Citroën seet, et wier e "Confort-Class-SUV". Versprach ginn: de beschte Confort, déi beschte Modularitéit an déi gréisste Mall an dëser Klass. De Serge Pauly huet den Test gemaach, a kann eis verroden, op déi dräi Verspriechen och gehale ginn.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners