Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Réckbléck vum Joer, 24/12/2018
    24/12/2018 AUTOMAG Réckbléck (11h50)
    P. ORIGER
    ___________________________________________________________________
    USO: D’Joer geet zum Enn, fir eis Equipe vum Automag och an dofir Zäit fir e klenge Réckbléck mam Paul Origer.

    Paul, et kann ee soen, e Joer mat Héichten an Déiwten!
    Absolut, an ech géing scho bal soen méi Déiwten wéi Héichten wann een d’Schlagzeilen, déi eis dat ganzt Joer duerch begleet hunn, nach emol zeréckhëllt. Den Ofgasskandal schéint keen Enn ze huelen, Autosmarken, déi hir Cliente veräppelen an dann déi riseg Problemer mat der Ëmstellung op den neie Verbrauchszyklus WLTP. Dee gëllt ab dem 1. September 2018 an ass vill méi opwänneg wëll e vill méi Facteuren wéi z.B. Gewiicht an Ausstattung respectéiert. Zemols däitsch Marke wéi VW an Audi hunn dat total verpennt a kënnen dofir zigdausende vun Autoen net ausliwweren. Konsequenz: den Ofsaz geet massiv an de Keller an d’Cliente si sauer. De laachenden Drëtten an dëser Geschicht ass deen nach net fäerdege BER-Flughafen zu Berlin – wëll op hirem eegene Gelänn d’Plaz knapp ass hunn d’Konzerner fir all hir Gefierer hei masseg Parkplaze gelount.

    Mee mir fuere souwisou geschwënn elektresch, da brauche mer jo kee WLTP méi.
    Dat ass leider och net d’Léisung vun eise Problemer; d’Unzuel vu Bornen hëllt zu Lëtzebuerg zwar rasant zou, trotzdem humpelen d’Marken nach emmer hannendrun. D’Autonomie ass nach emmer schappeg, verschidden E-Autoen wéi den Nissan Leaf net besonnesch attraktiv am Design oder wéi den éischten Voll-Elektro-Worf EQC vu Mercedes onnéideg schwéier an ze deier. An d’Diskussioun ronderem d’Emissiounen bei der Stroumproduktioun respektiv de Bau an de Recycling vu Batterien fänken ech emol guer net un.

    Oh je, dat kléngt jo net optimistesch, mee du bass jo 2018 nees eng ganz Rëtsch nei Autoe gefuer, wat hëlls du do vun Er”fuer”unge mat?
    Effektiv waren et elo dëst Joer 24 Autoen, déi ech ennert dem Hënneschten hat, plus nach 3 statesch Präsentatiounen - an dovunner waren 13 Vertrieder aus der SUV-Kategorie. A wann ee bedenkt wat et eigentlech alles gëtt; kleng a kompakt Autoen, Limousinen, Kombien, Cabrioen, Coupé’en, Sportsween – nee, et muss een SUV sinn. Beispill Borgward; di däitsch Traditiounsmark kënnt nees erem a wat bréngen se? Nee, keng sexy nei Isabella – en SUV. Oder deen éischten als E-Auto konzipéierte Benz? Een SUV! Peugeot schéckt séng Vans 3008 a 5008 an d’Pensioun, wat kënnt amplaz? Zwee SUV. Oder Seat start mat der Modellbezeechnung Cupra als eege Mark an 3 mol däerfs de roden woumat? An ech kéint elo esou viru fueren.

    Léiwer net, soss gëss de nach vun SUV-Fans gestengegt!
    Esou wäit soll et jo net kommen; mee et ginn einfach nach esou vill aner Kategorien déi och Plaz hunn, an deenen ee gutt sëtzt, déi schéin unzekucke sinn an engem op der Strooss keng Angscht maan! Wéi zum Beispill de Volvo V60! Geraimeg, exzellenten Design, aerodynamesch an ouni iwwerflëssegt Gewiicht ennerwee. Oder de Kia Stinger; e Fastback bei deem séngem Design een Häerzklappe kritt an dozou ee potente V6 ennert dem Capot de Soundtrack spillt. Oder üppeg motoriséiert Knallbéchse wéi de Suzuki Swift Sport oder de Hyundai i30N; Autoen déi am stress- a staugeploten Alldag wéinstens e bësse Spaass maachen. Oder e bësse méi brav Autoen wéi Ford Focus oder VW Polo déi eigentlech alles hunn wat een haut brauch fir vun A op B ze kommen an ouni Problem och emol e besse méi wäit.

    Mee du hues bestëmmt awer nach ee Coup de Coeur derbäi!
    Selbstverständlech an déi sinn natirlech zimlech onvernünfteg wëll se ware méng deierst Testween wat d’Tankrechungen ugaange sinn. Mee si haten allenzwee nach dat ennert dem Capot wat de Sprit a méngen Oderen a Wallung bréngt a leider lues a lues ausstiewt; e décke V8-Motor. Beim Kult-Offroader Mercedes G 500 an de Ford Mustang Bullitt hat ech d’Spritpistoul dacks am Grapp an ech konnt just soen; si waren all Liter wäert!

    0 min
  • Automag: Och d'Boxen fir op den Auto mussen Kritären erfëllen, 22/12/2018
    Schnéi hu mer dëst Joer nach net vill ze gesi kritt, ma an de Schigebidder ass et awer wäiss. A spéitstens fir d’Fuesend wäerten dann och nees vill Lëtzebuerger mam Auto an de Wantersport fueren. Mat Wantergezei a Sportequipement gëtt et da séier engk an der Mall. Do kéint een en neien Auto kaafen. Déi einfachst Léisung ass awer d’Dachbox um Auto. Mee do gëtt et op Munches opzepassen.
    -    Motto: aus den Aen, aus dem Sënn
    -    Waat net am Auto hënnert, gett séier vergiess
    -    Kann am Stroosseverkéier awer Konsequenzen hunn
    -    Dachbox groussen Afloss opt Fuerverhalen
    -    Mam Johannes Boos vum daitschen ADAC ënnerhaalen
    <<< CUT 1 >>>
    -    Eng Vitesse-Limite gëtt et net, d’Hiersteller -> 120/130 km/h
    -    net vu Mutwëll d’Dachbox mat Zäiten ze montéieren fir Gefill ze kréien


    Den daitschen ADAC ass fir seng Tester bekannt. An do hu se och nees d’Dachboxen méi genee ënnert d’Lupp geholl. Wéi ass et dann do mat de Resultater? Gëtt et grouss Ënnerscheeder?
    -    ADAC 2018 -> 8 Dachboxen mëttleren Praissegment getest
    -    Praisser 230 bis 480 Euro
    -    Gutt Noricht: keng ass riicht duerchgefall, awer net all sinn ze recommandéieren
    -    Bescht: Thule Motion 800 (deiertst am Test)
    -    Luef fir: Handling, einfache Montage am „City Crash“-Test



    Deemno Suen, deemno Wuer soë se...
    -    muss net sinn
    -    Plaz 2: Hapro Traxer 6.6 -> ronn 350 Euro, a knapp hannendrun Kamei 510 -> kascht 430 Euro.
    -    Hunn allebéid ganz knapp den „Sehr gut“ verpasst

    D’Rollen un der Spëtzt si verdeelt, ma wéieng Box huet am Test dann net esou gutt ofgeschnidden?
    -    Schlussliicht bild d’ATU Jetbag 70 Premium
    -    Beim Crash-Test hënnescht zwou Fixatioune gebrach
    -    Sécherheetsrelevante Mangel
    -    geet just fir en „ausreichend“ duer
    -    mat 330 Euro net déi bëllegst am Test

    De Choix un Dachboxen ass zimlech grouss... Ma  wourop muss ech dann oppassen wann ech mer eng Dachbox kaafen oder léinen?
    -    se muss hiren Zweck erfëllen
    -    klengt einfach, mee muss der Gedanken am Viraus machen
    -    extra laang Schier -> och eng laang Box
    -    wichteg och: wéi liicht léisst se sech montéieren
    -    well: Dachbox kascht Bensinn (virun an no all Vakanz montage/démontage)
    -    an zu gudder Läscht: wéi einfach ass së am Ëmgang. Kritt een se gutt op an zou?
    -    Optimal -> Modeller déi een op zwou Säiten opmache kann (einfach beim belueden a montéieren)


    Wou mer beim beluede sinn: wourop muss ech dobäi oppassen? Gëtt et do Regelen?
    -    net wéi bei der Valise
    -    wous de alles dran druddels/dropsëtzen fir se zou ze kréien
    -    De Johannes Boos vum ADAC erklärt
    <<< CUT 2 >>>
    -    déi Dachlast vun Auto zu Auto verschidden
    -    wivill op den Dach dierf am Handbuch ze fannen
    -    bei engem Fiat 500 50 Kg/ Golf 7 75 kg / SUV gären 100 kg
    -    dovun muss Gewicht vun den Dachträger + Box ofgezu ginn


    Esou eng Dachbox keeft ee sech jo net all Joer nei. Wouhir wees ech dann ob meng iwwerhapt nach ze gebrauchen ass?
    -    do geet et ëmt d’Thema Sécherheet
    -    den Alter, d’Wiederaflëss a wéis de se stockéiers -> Afloss op d’Haltbarkeet
    -    de Johannes Boos nachemol kuerz a knapp
    -    <<< CUT 3 >>>
    -    mécht also Sënn d’Handbuch net direkt ewech ze geheien
    -    si selwer esou e Spezialist...


    Huele mer un, main Auto ass ze héich – oder ech sinn ze kleng – fir uerdentlech un d’Dachbox ze kommen... Wéieng Alternativen gëtt et? Ech wollt net onbedéngt mat enger Remorque an de Wantersport fueren!
    -    brauchs keng Remorque
    -    eng Heckbox mecht et och
    -    ass eppes wéi e Rucksaak fir den Auto
    -    gëtt opt Attache-Remorque montéiert
    -    gängeg Modeller bidden 200 bis 400 Liter Plaz
    -    klengt no net vill mee huet Virdeeler
    -    méi liicht ze erreechen (besonneg bei héichen Autoen!), sin Déifgaragen-kompatibel a se spuere Besinn
    -    Dem ADAC no -13% am Verglach zur Dachbox
    -    Wien Schi oder Snowboard transportéiert kennt net laanscht d’klassesch Dachbox ronderem

    0 min
  • Automag: BMW X5, 19/12/2018
    // USO NET MATLIESEN //

    Smalltalk um Ufank? ech hunn och bis 23h geschafft, Luxembourg Music Awards, Reportage den Owend am Magazin ;-)


    Den Testauto vun haut, den neie BMW X5, ass dat éischter ee fir gemittlech weiderzeschlofen, oder fir waakreg ze ginn?

    E grousse schwéiere Boulevard-Cruiser, dat ass näischt, wou ech perséinlech mir de Wecker giff stellen, fir éischter opzestoen... Mä wann um Mallendeckel M50d steet, da kinnt ech schwaach ginn. Et ass d'Topversioun, an ech verrode schonn emol esouvill: 760 Newtonmeter, dat zitt engem dem Divi ewech...

    Op eisem Site hu mir eng Foto vun deem Badetti. Ass dat wierklech en neie Modell, oder nëmmen e Facelift?

    Ästhetesch huet sech effektiv net vill gedoen. Déi hënnescht Luuchte sinn e bësse méi schmuel, erënneren elo un den X4. An dann huet en eng riseg iwwerdimensional Calendre. Déi gesäit aus, wéi wann se alles, wat sech hir an de Wee stellt, opsuckele wëllt. Gesäit zimlech aggressiv aus, a schéint och Androck ze maachen. Däitsch Autobunn, bësse méi zackeg ënnerwee, do ass jiddferee geréckelt, wou en dat Haus op Rieder am Réckspigel gesinn huet. Neien X5 och bësse méi grouss ginn, mä wierklech nëmmen am Zentimeterberäich, virun allem 6 Zentimeter méi breet (fir dass et nach méi einfach gëtt, fir sech mat esou engem groussen Auto an enke Parkhaiser d'Auer ze briechen).

    Wa sech vum Look hir net vill gedoen huet, wat ass dann elo wierklech nei um neien X5?

    Intérieur: op den éischte Bléck fält de voll digitale Cockpit op. Zwee grouss 12 Zoll Ecranen, een an der Mëtt, hallef integréiert, liicht op de Chauffer ausgeriicht, an dann een virum Chauffer. Bis elo bei BMW Kombinatioun aus digitalen an analogen Elementer, beim X5 elo och e groussen Ecran. Gesäit gutt aus, ass awer net onbedéngt méi einfach ginn, fir et ze bedéngen. Vill Informatiounen, vill Méiglechkeeten fir Saachen anzestellen... Et brauch ee scho bal en Informatik-Bachelor fir domatter eens ze ginn.

    Soss Intérieur: verbessert Finitioun, héichwäerteg Matièren. Deelweis awer och bling-bling. Eng Optioun an eisem Testauto: crafted clarity, Schalthiewel a groussen Dréi-Dréck-Knäppchen aus Kristall. Huet mech e bëssen u Russland-Kitsch erënnert... Wien sech dat ukucke wëllt: Foto um RTL-Automag-Instagram!

    Beim Kristall-Schalthiewel kritt de Serge kee Blénken an d'Aen. Mä wann ech elo "M-50-d" soen...

    Reien-6-Zylinder-Diesel, 3 Liter, véier Turboen (Quad-Turbo), 400 Päerd, a beandrockend 760 Newtonmeter Dréimoment. Katapultéiert déi 2,4 Tonnen a 5.2 Sekonnen vun 0 op 100. Beandrockend Leeschtung. En Dram vun engem Motor. méi laangen Trajet iwwert däitsch Autobunnen, scho beandrockend wannste mat 160 ronderëm rulls, an du hues awer nach Reserven ënnert der Pedall, wouste nach douce an de Sëtz gedréckt gëss, wannste eng Kéier acceleréiers. 8-Gang-Automatik e Genoss... Aner méi normal Motorisatiounen: 40i an 30d, och alles 6-Zylinder.

    Ass den X5 eng Sportsmaschinn?

    Fuerwierk gouf a Saache Confort verbessert. Bis elo nëmme Loftfiederung hannen, beim neie Modell och  Loftfiederung optional op der viischter Achs. Effektiv, richteg confortabel. Op der anerer Säit: och nach genuch Dynamik. Fuerwierk reagéiert präzis op Lenkcommandoen, mä bon, bei 2,4 Tonnen dierf een sech dann awer keng Wonner erwaarden. Also ganz éierlech: an engem 5er Touring hätt mir den M50d wahrscheinlech nach vill méi Spaass gemaach... Kleng Präzisioun: et kritt een elo och en Offroad-Package, dorobber huet BMW bis elo ëmmer verzicht.

    Mir rulle mam Automag esoulues an d'Chrëschtvakanz, musse virdrun awer nach an der Caisse passéieren

    Knapp 67'000 Euro Basis fir den 30d, den M50d kascht nach emol 24'000 Euro extra. Mä domatter ass et net gedoen, vill Optiounen, eisen Testauto huet ëm déi 120'000 Euro kascht... Et wier also wierklech am duebele Sënn vum Wuert e grousse Kado fir ënnert de Chrëschtbeemchen.
    0 min
  • Automag: E-Home Coco, 17/12/2018
    R T L Automag
    Méindeg: 17.12.2018
    U S O :
    …d’Elektromobilitéit steet haut mol erm am Mëttelpunkt am Automag. Et geet em den E-Home Coco. Keen Auto mee déi éischt Roulotte mat Elektro Power.
    Wat déi kann a firwat daat gut ass, dat huet de Christian Schmit eraus font.

    T E X T :
    …Jo an eng gut Geleenheet heifir war de Caravan Salon zu Düsseldorf. Well do sinn mir mam Helge Fesker an d‘Gespréich komm, deen ass Entwecklungsingenieur bei Dethleffs. De Pionnéier aus der Branche, proposéiert nom Elektro Camper 2017, dann elo den innovativen E-Home Coco?

    (Cut 1…)35sec

    Do kann een z.b astellen dass den Auto vidrun nëmme nach 100kg muss zéien. En enormen Avantage wann, jo wann dann deemnächst hannert den Elektroauto eng Roulott ugekrempt gett.

    (Cut 2…)30sec

    Am Moment just e Prototyp, awer schon am Fréijor soll et méi konkret ginn. Et geet iwwer d’Alpen?

    (Cut 3…)

    Di zwee Elektromoteuren an der Achs schaffen also elo aktiv mat, sou dass d’Roulott nett méi just passiv hannendrun hänkt. Ausserdeem dingt d’Stierung vun den Elektromotricen als ESP fir dass alles schéi brav an der Spuer bleift. Elo weess een dass de Batterie Package keng belleg Léisung waert ginn. Doweenst kann sech den E-Home Coco nett nëmmen an der Vaknz nëtzlech maachen, Helge Fesker?

    (Cut 4…)

    Nach ass et Zukunftsmusek, mee wann elo di Elektroauto Well op äis duer kennt, dann kéint den E-Home Coco mëttelfristeg Réalitéit ginn. Bei Dethleffs schaffen si op alle Fall elo schon un der Homologatioun…

    Ofso Speaker:
    …an dir kennt iech schon elo glaich e puer Biller ukucken. Dat op www.auto.rtl.lu


    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners