!!! USO NET MATLIESEN !!!
Wa mir an den nächste Minutten eisen Nolauschterer d’Zong iere sollte laang maachen, da musse mir se och direkt schon erëm enttäuschen. Deen Auto, dee mir elo virstellen, war eng Série Limitée, an ass schon ausverkaaft! An awer hues Du drop gehalen, driwwer ze schwätzen?
Seat Leon Cupra R, war op 799 Exemplaire limitéiert, op d’mannst hei am Land sinn se all fort. Mä an Zäiten wéi haut, an Zäiten wou pseudo-emweltfrëndlech Elektroautoen respektiv iwwerflësseg fett SUVEN d’Aktualitéit dominéieren, wou déi meescht Testautoen esouvill Charme wéi meng Wäschmaschinn hunn, do war et einfach eng agreabel Ofwiesslung, mol erëm eng kompromësslos Spaassmaschinn ze fueren. An ech fannen och am Automag kann een net dacks genuch iwwert Fuer-SPAASS schwätzen.
Ech hunn den Androck, dass ech där Seat Leon Cupraen awer zimlech vill op der Strooss gesinn. Esou limitéiert ass deen net?
Effektiv, esouguer relativ vill verschidde Cupra-Versiounen, vun 265 bis 300 Päerd, meeschtens virgedriwwen, den ST300 och mat Allrad… Deen normale Cupra ass och duerchaus nach ze kréien. Wat bei mengem Testauto den Ennerscheed gemaach huet, war den R um Mallendeckel.
An deen R mécht esou e groussen Ennerscheed?
Schonn aleng optesch. Normal Cupraen gesi relativ ziviliséiert aus, nëmmen dezent sportlech Akzenter. De Cupra R: nëmmen am donkelgroen, d’19-Zoll-Felgen, d’Réckspigel an nach vereenzelt Detailer am Intérieur ware koffer-faarweg, den Heckspoiler war am Karbon-Look.
Mir schwätzen iwwert e Seat, net iwwert e Subaru Impreza?
Scho relativ opfälleg. Donieft ronderëm extrem Karosserieverbreederungen. Gesin aus wéi dropgepescht, ass beim Cupra-Courseauto net aneschters, mä gesäit bei engem Stroossenauto dann awer e bëssen no bëllegem 90er Joeren Tuning aus…
Elo kennen ech dech gutt genuch, fir ze wëssen, dass koffer-faarweg Felgen dech net wierklech glécklech maachen. Komme mir bei d’Kapitel Fuerspaass.
Beandrockend Acceleratioun. 310 Päerd. Zwar nëmme virgedriwwen, mä mat mechanescher Differentialspär kee Problem fir déi Kraaft op d’Strooss ze kréien. Zitt sech propper aus de Kéieren eraus. Huet sech fir mech esouguer méi agil ugefillt wéi de Cousin Golf R. Cupra natierlech ounI Allrad e bësse méi liicht. Bleift och zimlech séier stoen: exzellent Brembo-Bremsen, déi een tiptop doséiere kann.
Sound: „leider geil“. Jäizt richteg beim Gasginn, wannste vum Gas gees, späizt en… ass zwar bëssen Teenie, mä bon, exzellent Show.
Eenzegen Hoken: Lenkung vill ze vill liichtgängeg… Op der Autobunn zimlech ustrengend, well een sech konzentréiere muss fir riichtaus ze fueren. A Kéieren huet een Tendenz zevill anzelenken, ech hu missten ëmmer e besse korrigéieren. Do hätt ech mir méi Widderstand gewënscht, giff fir méi Vertrauen suergen, well d’Fuerwierk ass soss ultra-präzis.
A wéi ass et mam Confort ?
Fuerwierk am Verglach mam normale Cupra optiméiert. A béid Richtungen. Op der enger Sàit nach e bësse méi präzis, op der anerer Säit e bësse méi geschmeideg. Wierklech gelongene Kompromëss. Adaptiivt Fuerwierk, divers Modi funktionnéieren esou wéi een sech dat erwaart.
An awer ausverkaaft?
Mä Cupra R ass jo ausverkaaft, mä flotte Rappel, dass Cupra wierklech eng interessant Alternativ zu de Sportsmodeller vu VW, Audi oder Skoda sinn, op d’mannst déi mam beschte Präis-Fuerspaass-Verhältnis (och wa Cupra R mat 46‘500€ scho bal Sammlerpräis huet)