Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 28/11/2018
    Op där Plaz wou déi autonom Navette Navya zënter kuerzem ennerwee ass,
    do war een houfreg dem Dram vun der Elektromobilitéit e Steck méi no ze kommen.
    Mam Marc Diver dem CEO vum Campus Konter ginn mir
    gewuer wéisou di Bornen grad heihinner koumen ?
    (Cut 1…)
    Ganz easy deemno während een op der Schaff ass,
    kann den Auto lueden. Mat 40 Bornen op ee Schlag, do
    ass een elo tatsächlech dee gréisssten Ubidder am Grand Duché Duché an doriwwer eraus ?
    (Cut 2…)
    Wien dierf dann elo sain Elektro Gefier hei opkueden?
    (Cut 3…)
    Di clever Bornen kommen vun Blue Corner. D’Magalie van Kopenele mat den Explicatiounen?
    (Cut 4…)
    D’Soirée Green and clean, dat war awer och de
     Rendez-vous mat Elektroautoen a méi ?
    (Cut 5…)
    A FLEX, de Carsharing by CFL war och mat vun der Partie. De Jürgen Berg?
    (Cut 6…)
    Jo et kennt Dynamik an d’Projeten vun der
    Elektromobilitéit. Quasi all Marque huet jo schon en
    zolit Budget fir d’Entwecklung an Ausicht gestallt fir des Evolutioun virunzedreiwen.
    Ofso Speaker:            
    0 min
  • Automag , 28/11/2018 16:15
    „SOIREE GREEN & CLEAN" esou war d’Invitatioun iwwerschriwwen, déi dëser Deeg an der Redaktioun vum Automag ukomm ass. Et gouf op de Campus Contern invitéiert. Net manner wéi 40 Borne fir Elektrogefierer opzelueden, sinn do ageweit ginn. An de Christian Schmit war fir eis dohinner.
    0 min
  • Automag, 28/11/2018 16:15
    „SOIREE GREEN & CLEAN" esou war d’Invitatioun iwwerschriwwen, déi dëser Deeg an der Redaktioun vum Automag ukomm ass. Et gouf op de Campus Contern invitéiert. Net manner wéi 40 Borne fir Elektrogefierer opzelueden, sinn do ageweit ginn. An de Christian Schmit war fir eis dohinner.
    0 min
  • Automag: De neien Hyundai Santa Fe, 26/11/2018
    Scho 17 Joer gëtt et de Hyundai Santa Fe. 2001 hunn d’Koreaner hiren éischten SUV lancéiert deen deemols direkt gutt ukomm. Elo start déi 4. Generatioun a wat déi alles ze bidden huet seet eis de Paul Origer.

    Paul, ech géing soen, en ass op jidde Fall emol zollitt gewuess!

    Dat ass dat mannst wat e ka soen; an deene läschte Joeren ass de Santa Fe zu engem Fullsize SUV mutéiert. Déi läscht Generatioun gouf et an zwou Gréissten, deen neien nach just an enger. An déi huet sech net vill verännert. De Radstand huet liicht zougeluecht, dovunner profitéiert natirlech de Banneraum. Mee dee war och virdru scho grousszügeg; u Been- a Kappfräiheet feelt et am Santa Fe néierens an och d’Mall vu 625 Liter ass üppeg bemooss. Eng drëtt Sëtzreih gëtt et och nees, déi bleift trotz 22 mm méi Kappfräiheet awer nach emmer fir ganz kleng Passagéier reservéiert.

    D’Moosse bleiwen, den Design huet sech awer vill verännert!
    Fir net ze soen, radikal. Vum Virgänger bleift näischt, deen neie Santa Fe passt sech dem SUV-Familljegesiicht, wat de klenge Kona schonn agelaut huet, un. An ech fannen et gutt gelong, wat awer nach méi wichteg ass; d’Fonktioun huet net drënner gelidden. De Hyundai-SUV ass immens iwwersiichtlech, d’360 Grad Kamera bréicht ee bal net, ech géing se trotzdem huelen wëll een dat 4,8 Meter laangt Gefier awer esou besser geparkt kritt. Och um Intérieur gëtt et näischt ze meckeren; flotten Design, praktesch mat villen Oflagen an alle méiglechen Uschlëss wéi USB an esouguer 220 Volt. An d’Finitioun ass op héighem Niveau, alles fillt sech gutt un, näischt rabbelt oder kréckelt.

    Am Stand huet den neie Santa Fe jo da schonn iwwerzeegt!
    Jo, a beim Fueren huet en effektiv och net enttäuscht. Hyundai huet et fäerdeg bruecht d’Geräischer op ee Minimum ze reduzéieren esou dat Laangstrecken een absolute Genoss sinn. Hiren Deel dozou bäi droen och déi exzellent Sëtzer an déi wierklech gelonge Fiederung. Schlecht Strosse gi gutt gefiltert an de Santa Fe kann, wann et muss sinn zu ménger Iwwerraschung esouguer sportlech iwwert d’Landstrooss flitzen. Do konnt mech esouguer d’Steierung begeeschteren déi zimlech SUV-ontypesch präzis a mat vill Réckmeldung fonktionnéiert huet. Gefale konnt och d’Motor-Boîte Kombinatioun, an eisem Fall deen décken Diesel mat 200 PS an enger 8-Gang Automatik. 200 PS sinn och de Minimum, schliesslech si ronn 1800 Kilo ze schleefen. Den Diesel mécht séng Saach gutt, bleift mat ronn 8 Liter an der Moyenne nach a Grenzen. D’Boîte ass eng Eeegentwécklung vu Hyundai, schalt immens séier an douce, just aus dem Stand eraus verginn e puer Gedenksekonnen déi mech awer dacks genervt hunn. Besonnesch mat aktivéiertem Start-Stopp-System kann een zackegt Ufueren direkt vergiessen.

    Mee leider geet et haut net méi ouni!
    Jo, genee wéi bei den Assistenzsystemer. Do ka Hyundai nach e bessen nofeilen; de Spuerhalesystem zum Beispill dee ganz synthetesch an d’Steierung gräift oder den doudege Wénkel-Assistent dee bei all Iwwerhuelmanöver zu Onrecht eng Kris mécht. En plus lossen sech déi Systemer net dauerhaft ofschalten. Wéinstens si se an engem Optiouns-Package zesummegefasst esou dat een se net onbedéngt matbestelle muss. Mee bon, esou Systemer solle jo awer eppes bréngen.

    Wou leie mer da präislech? Nach emmer typesch koreanesch gënschteg?
    Jein, verglach mat der Konkurrenz: jo, fir ee Hyundai: nee. Bei ronn 38.700 geet et un, eis Topversioun Shine loung mat alle méiglechen Optiounen awer bei 56.000 Euro. Ouni Zweifel ee gudden Auto – wann engem den Image egal ass, da soen ech just: firwat net?!


    A wann der ierch wëllt d’Fotoen an d’Präisser vum neie Hyundai Santa Fe ukucken, do gëtt et just eng Adress: auto.rtl.lu.

    0 min
  • Automag: Mazda MX5 Facelift, 21/11/2018
    /// USO NET MATLIESEN ///

    21/11/2018 AUTOMAG MAZDA MX5
    S. PAULY

    Du gesäis richteg zefridden aus? Läit dat um Testauto vun haut?

    Grad am Montage fir nächsten Automag op der Tele, haut an 10 Deeg, Test Mazda MX5, ee vun de flottste Reportagen deen ech dëst Joer gedréint hunn. Rumänien, Transfagarasan Highway, spektakulärste Strooss an Europa, 30 Kilometer, eng Kéier un der anerer, max 300m um Stéck riichtaus. Wonnerbar Biller. Transfagarasan an MX5 passen einfach perfekt zesummen.

    Den neien MX5 ass e Facelift. Wat huet sech alles geännert?
    Déi wichtegst Changementer am Résumé: 2-Liter-Motor elo méi Leeschtung (184 PS), bessere Klang, méi Secherheetssystemer. Also éischter Changementer ënnert dem Blech, d’Fangere vum Design gelooss (klassesch Proportiounen, schaarf Konturen, wierklech reusséiert). Eenzeg ästhetesch Neigekeeten: Stoffverdeck kritt een elo och am Brongen, plus nei Felgen… Och Intérieur alles beim alen, ausser dass Steierrad sech elo och an der Déift verstelle léisst. Geleeenheet awer verpasst fir bei Finitioun dat eent oder anert Plastiksstéck duerch eppes méi héichwäerteges z’ersetzen.
    Schwätze mir iwwert den neie Motor. Méi Leeschtung ass ni verkéiert?
    MX5-Liewensmotto: manner ass méi. Bis elo 131 PS am klenge 1500er, respektiv 160 PS am groussen 2-Liter-Motor. Klenge Motor quasi onverännert (plus 1 PS), grousse Motor vill kleng Changementer. Resultat plus 24 PS, elo 184. Dat verschléit eiserengem elo net d’Sprooch, mä méi brauch ee wierklech net. Vill méi wichteg wéi plakeg Zuelen: Motor ass extrem dréifreedeg, Boite mat kuerze Schaltweeer ass e Gedicht.

    Mierkt een déi 24 Päerd méi wierklech?

    Zwar méi Leeschtung, mä Dréimoment quasi identesch (205 amplaz 200 Nm). Ennerscheed spiert een héchstens an héichen Touren, am normalen Alldagsverkéiert mierkt een 24 PS kaum. Mä positiven Nieweneffet: bessere Klang! Kléngt elo manner spatz, méi kräfteg, méi däischter.

    Mam MX5 geet ee wuel net op grouss Shoppingtour. Et ass e renge Spaassauto ?
    Absolut. Mall éischter iwwersiichtlech (obwuel eist TV-Material iwwerraschenderweis mat vill Drécken an Zéien eragepasst huet). A propos Plaz: 1m87, net dee Schmuelsten… passe gutt dran. Net vill Sputt, besser wann Daach op ass, mä perfekt gehalen. Wichteg, well et ass en Auto fir Kéieren! Ultra präzis Lenkung, kuerz Schaltung, gutt Bremsen, direkte Feedback. Kuerz: sensationelle Fuerspaass. Trotz relativ wéineg Leeschtung richteg vill Spaass. Séier fueren oder gemittlech cruisen, alles geet. E puer Abousse beim Confort (virun allem op schlechte Stroossen), no zwee Deg um Transfagarasan war ech schon e bësse gebrach. Mä Haaptsaach: gutt amüséiert.

    Mir mussen zum Schluss nach kuerz duerch d’Präislëscht kucken!
    Méi Leeschtung, méi Equipementer, e bësse méi deier.
    -    Roadster Stoffverdeck, klenge Motor, Basiséquipement: 22‘000€
    -    Roadster Stoffverdeck, décke Motor, haut-de-Gamme: 27‘500€
    -    RF mam haarden Daach: 4000€ méi deier
    Fir en onprakteschen zweeten Auto vläicht net geschenkt, mä den MX5 revanchéiert sech op all Meter mat Fuerspaass.

    Grousse Test op der Tele: Automag, Sonndes, 2. Dezember, um 7 op der Tele
    0 min
  • Automag: Mazda MX5 Facelift , 21/11/2018 09:15
    Mazda huet säin MX5 iwwerschafft, virun allem ënnert dem Blech. De japanesche Roadster huet elo méi Leeschtung (184PS), krut divers Sécherheetssystemer verpasst a soll besser kléngen. De Serge Pauly huet sech domatter um spektakulären Transfăgărășan Highway a Rumänien exzellent ameséiert.
    0 min
  • Automag: Mazda MX5 Facelift, 21/11/2018 09:15
    Mazda huet säin MX5 iwwerschafft, virun allem ënnert dem Blech. De japanesche Roadster huet elo méi Leeschtung (184PS), krut divers Sécherheetssystemer verpasst a soll besser kléngen. De Serge Pauly huet sech domatter um spektakulären Transfăgărășan Highway a Rumänien exzellent ameséiert.
    0 min
  • Automag: VW T-Cross, 19/11/2018
    USO: Aktuell ass all fennefte VW een SUV – wann den Trend unhält kennt  geschwënn all zweete Volkswon aus dem Crossover Segment. A fir gutt opgestallt ze sinn gëtt d'Gamm ausgebaut; No Touareg, Tiguan an T-Roc ass et elo un deem klengsten, dem T-Cross. De Paul Origer war fir eis bei der Weltpremière zu Amsterdam derbäi.
    Paul, den T-Cross ass awer net deen éischten?

    Nee, de Seat Arona war am Fong deen éischten SUV op der MQBA-0-Basis. Mee vill VW-Clienten waarde sécher scho ganz treih op de VW-Vertrieder. An dee placéiert de Gigant aus Wolfsburg däitlech als Lifestlye-Produit. Op der statescher Présentatioun zu Amsterdam goufen nämlech net vill Wieder iwwer Technik oder Motore verluer, mee et goung hapstächlech em Design a Stil. An domat soll den T-Cross seng Clienten lackelen. Baussen e bëssen Touareg mat e bësse Design -Bling-Bling wéi d'“Double Feature Line“ - eng Blechfal an de Flanken a breet Schelleren, dat duerchgezunnent Reflektorband hannen oder déi typesch fir VW breet C-Sail. A wéi et fir e SUV muss sinn; grouss Rieder, betounte Radkeschten an deen „mat-mir-kenns-de-iwwerall-duerch“-Look.

    A wann's de vu Lifestyle schwätz, bestëmmt vill Méiglechkeete ze personnaliséieren!
    Ganz genee – Mini huet jo scho bewisen dat esou eppes immens gutt zitt an d'Clienten gären dofir Suen ausginn. Beim T-Cross huet een dann och d'Qual der Wal; 12 Faarwe baussen, verschidde Felgendesigns, zwee esouguer am orangen oder petrolblo, verschidde Blenden fir den Tableau wat si da ganz moudesch „Dashpads“ nennen, dozou déi passend Setzbezich, Steierrieder, Mettelkonsol a Baussespigelen. Et kann een also schonn e bësse méi Zäit wéi soss aplangen wann ee säin T-Cross bestelle geet.

    Mee ech huelen un dat fir dech och aner Wäerter gezielt hunn!
    Esou ass et. Den T-Cross ass 5 cm méi laang wéi e Polo an 12 cm méi kuerz wéi den T-Roc – Resultat ass op nëmme 4m11 erstaunlech vill Plaz déi een och nach variéiere kann. Eng ëm 14 cm verréckelbar Bänk léisst engem d'Wiel tëscht méi Beeraum oder méi Mall, je nodeem op hanne Kanner setzen oder Erwuessener – deementspriechend huet d'Gepäck tëscht 385 a 455 Liter zur Verfügung. Oder wann et mol an d'Miwwelgeschäft soll goen, da kann ee fir laang Stécker de Bäifuerersetz emklappen. Dat alles gouf et scho bei anere Marken mee ass awer trotzdem gutt, dru geduecht ze hunn. Genee wéi aner Opmierksamkeeten wéi eng Handyoflag mat USB-Uschloss hannen, Tiräng ënnert de viischte Setzer etc. Wat awer och direkt an d'A spréngt ass dee grujelege, kneppelhaarde schwaarze Plastik um Tableau, nierft deem ganze Styling-Gedöhns ass dat en zimlech bellege Kontrast. Dofir retten déi grouss Ecran'en fir déi optional digital Instrumenter an den Infotainment den Niveau am Banneraum nees e bëssen.

    Du gees schonn e bëssen op den technesche Beräich an – do huelen ech un dat villes aus dem bekannte Programm kennt?
    Jo, de Polo huet jo scho quasi alles matbruecht, ob Assistenzsystemer, déi normalerweis just a méi héighe Klassen ze fanne sinn oder d'Motoren – den T-Cross iwwerhellt déi natierlech och. Ënnert dem Capot fanne mer Bensinner an Diesel mat tëscht 95 an 150 PS, natierlech och mat DSG awer - ouni Allrad,an dësem Segment anscheinend net gefrot. Wat natierlech och net felt, ass zimlech sécher erëm eng laang Optiounslescht mat deene verschiddenen Ausstattungslinnen a villen Optiounen wéi z.B. dem neie dem 300-Watt-Soundsystem vu beats.

    Ze fuere gouf et den T-Cross jo nach net – Präisser sinn och nach keng bekannt?
    Nee, mee et kann een awer mat tëscht 17 an 18.000 Euro fir de Basismodell rechnen.

    Nach keng Präisleschten mee dofir awer scho Fotoen; dir fannt dem Paul séng Gallerie vum VW T-Cross wéi gewinnt op auto.rtl.lu


    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners